FOTOEN - Tëscht Dickweiler an Kënsecker Haff
Helikopter rennt an Fernlaster
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
de_Feierbop26.10.2023Wėint dem confinement waren souvill Velosfuehrer a Foussgänger ënnerwee, d'Elteren an d'Kanner waren doheem, dat ass opgefall souwuehl op den Velospisten wėi och op den Stroossen. Mais zënter d'Schoulen rëm un sin, crèchen rëm op sin a Leit rëm schaffen gin, sin vill vill manner Vėloen ënnerwee. Fir dėi sëllechen Stroossen lo ze spärren, fannen ech keng gudd Iddi, et sin genuch velospisten do.
-
KriteschKritik26.10.2023Dee schife Wénkel vun de Solarzellpanneauen, wéi hei op der Foto duergestallt, variéiert deen automatesch am Dag, am Verhältnis zum Afale vum Sonnestral op d‘Zellen? Soss ass de Rendement jo net optimal fir di deier Installatioun. Oder? Kann do dernieft en Héichhaus gebaut ginn, wat Schied op déi Zelle géing werfen? Ginn et dozou Gesetzestexter? Wéi oft mussen déi Zelle pro Joer gebotzt a kontrolléiert ginn, ebe fir en optimale Rendement ënner optimale Bedingunge kënnen ze bréngen? Ass dat den Technikerpräis, wéi beim Sanitär (plus d‘Material)? Wéini ginn déi Zellen ersat? Gëtt et do eng Notzungszäit-, Liewensdauer, sou wéi bei de Wandrieder, déi jo do nëmme soll tëschent 10 a 15 Joer leien? Stëmmt dat? Oder, bei wéi vill Prozent Leeschtungsoffall gëtt erneiert? Ass d'Kontroll vun de Panneauen zentral méiglech oder muss all eenzel Panneau um Dag da kontrolléiert ginn? Wat erëm kascht, wann net Léierjongen (m/w) et maachen. Froen, déi den interesséierte Privatier bestëmmt net kal loossen.
-
Elo_haal_awer_op26.10.2023Ich bin auf Wohnungssuche und werde wohl bald auf der Straße landen wenn das so weitergeht. Es sind keine Wohnungen zu finden die bezahlbar sind und auch ein wenig Lebensqualität bieten. Mir wurden Zimmer über Cafés angeboten oder ein Studio von 40qm für 900€ bis 1150€, das kann ich nicht zahlen mit meinen 1650€ Einkommen... Die Politiker sind für diese Zustände verantwortlich!
-
Nei_Hei26.10.2023Op jidden Fall as et GANZ interessant ze gesin, dass den Barrel Praiss ähnlech as wei virun 10-12 Joer, den Spritt awer 2.5x mei kascht. Fannen et wierklech erstaunlech, dass sech do net mei Leit Froen stellen, virun allem dei, dei an der Chamber setzen. Well iergendeen verdengt gudd domm mat drun...
-
De_Popst26.10.2023“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.
-
EsouAwerNet26.10.2023Zu Märel get et och een Weier am Märler Park an do ass och een Hotel plus Café direkt beim Weier. An do geuf et och keen Opstand an jidereen ass zefridden.
-
Emmer daat selwecht26.10.2023"Liicht beonrouegt ass de Schäfferot awer wéinst den Aschreiwunge vun de Net-Lëtzebuerger op d'Wahllëschten. Dat sinn der nämlech extrem wéineg." ....Ech wär mei onberouegt wann mei net-letz. op der Lëscht wären ewei Letzebuerger?!? Verstinn dofir dei opreegung guer net...As Letzebuerg net schon genuch "franconiséiert" ne?...
-
Alles-Quatsch26.10.2023Dat as d'Wirklechkéet hei am Land. Do streit dann de Präsident mam Minister, fir dat si als Patron och eppes vum Staat solle kréien. A kaum 2 Déeg méi spéit, do gesäit ée wéi Recht de Minister huet. Einfach ongléeflech, awer wouer.