© Internet

D’Famill vun den RTL-Medien erreecht all Woch een enorm groussen Undeel vun der Populatioun iwwer 15 Joer. RTL Eent bleift den éischte Mediekritik-Site am Land.

Besonnesch gären beriicht RTL iwwer sech selwer. Dofir ginn net just Mataarbechter*innen als Gäscht invitéiert, Projeten vun den Schwësterfirmen IP an BCE als Top-Thema präsentéiert oder och wochelaang iwwert déi eegen Sendungen geschwat (Capitani, Sitcoms, Eurovision). Nee, RTL kann sech immens gutt dorunner opgäilen, wéi krass si den Lëtzebuerger Marché dominéieren. Déi lescht 10 Joeren iwwer woren d’Titelen deementspriechend:

Dës Meldungen hunn natirlech all een eeschten Hannergrond. Nämlech d’Suen. (Oder hat Dir elo un déi problematesch Monopol-Stellung vun RTL geduecht? Quatsch.) RTL brauch dës gutt Statistiken nämlech net just fir d’Mannerwäertegkeetskomplexer vun hierem Personal ze bekämpfen, mee virun allem fir den Publicitéits-Clienten, déi op RTL Radio, Tëlee oder um Site Reklamme maachen wëllen, ze weisen, wéi vill Leit erreecht kënne ginn. Fir dass d’IP, d’Regie publicitaire vun RTL, deementspriechend facturéiere kann.

Invitée am Studio fir iwwert déi Zuelen ze schwätzen ass bei RTL dann natirlech traditionell och d’IP, am Interview mat sech selwer souzesoen. Do fällt et dann och besonnegt einfach net ze erwähnen, dass RTL zwar „Nummer 1“ bleift, mee den Undeel vun der Populatioun, déi vun der klassescher RTL-Offer (Radio an Tëlee) ereecht gëtt, erofgeet. Kuckt een nämlech op d’Statistik hannert vun der Ilres, an net deem, wat sech RTL fir seng Briichterstattung erausgepickt huet, fällt op, dass RTL Radio nach 2018 34% vun der Populatioun erreecht huet, 2022 der just nach 27%. Den RTL Tëleesprogramm (ouni den 2ten RTL an d’Tëlee um Internet) fällt vun 19,5% op 16,6%. D’Popularitéit vum Site rtl.lu klëmmt vun 29% op 35,4% - et ass awer dat Medium, wat de Staat mat senge Milliounen Subsiden un RTL eigentlech net weider stäerke wollt, well et a Konkurrenz zu de Siten vun der geschriwwener Press steet. Ups.

Ouni Verglach: RTL Eent huet nach wesentlech besser Zuelen!

Zanter genee engem Mount huet d’Mark RTL dann och ee weidert Medium u senger Säit, an zwar den éischten Service Public „RTL Eent“. Och eis Zuelen sinn sou dermoossen sensationell, dass ee sech an der Redaktioun freet, ob een net awer ufänke sollt och iwwer d’IP Reklammen op eisem Site ze schalten (an deen ganzen Opkläerungs-Blödsinn sinn ze loossen). Wann een et sou wéi RTL mécht, an einfach eng Domaine besetzt an der et souwiesou keng Konkurrenz gëtt, ass et nemme konsequent elo ze soen: RTL Eent ass mat giganteschem Ofstand déi meeschtfrequentéiersten Medien-Kritik-Säit zu Lëtzebuerg. D’Zuelen sinn allerdéngs wierklech gutt an iwwertreffen d’Erwaardungen vun der RTL Eent Redaktioun.

Zanter dem 1. Januar 2024 hunn iwwer 17.000 Leit (unique viewers) de Site rtl1.lu besicht, dat ass ee Schnëtt vun 550 Persounen den Dag. D’Tendenz geet no uewen, an der leschter Woch louch de Schnëtt bei 700 Visiteuren den Dag. Eng 135.000 mol goufen Artikelen zanter dem 1. Januar insgesamt geliess, dat heescht am Schnëtt 8 Artikelen pro Persoun.

Déi 10 beléiftesten Artikelen:

  1. „Den Däiwel stécht am Detail“ iwwer d’Participatioun vun IP Mataarbechter beim Eurovision Virentscheed.
  2. „Penibel, nach méi penibel, krass penibel“ iwwer de Versuch vun der ADR sech iwwer d’Kritik un Medien ze profiléieren.
  3. „Eng Onéierlech schäffelt Suen“, de Portrait vun der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn.
  4. „Gesetzer briechen, Datë klauen, Sech selwer feieren“ iwwer d’Deals tëscht RTL an dem atHome Grupp.
  5. „Fotoe vun Accidenter op RTL1 - firwat?“, Erkläerungstext iwwer d’Accidentsfotoen.
  6. „Wien bezillt fir d’Eurovision?“ iwwer de Comeback vum ESC zu Lëtzebuerg.
  7. „Alerte rouge mécht just Spaass, wann RTL se mellt“ iwwert den Emgank vun RTL an hierem Chefredakter Guy Weber mat Meteos-Alerten.
  8. „Dat honnertkäppegt Wonnerkand“ iwwert dem Jean-Louis Schiltz seng Roll als Duebelagent.
  9. „D’Schwëster vun RTL kasséiert of“ iwwer d’Regie Publicitaire „IP“ vun RTL.
  10. „Hallefstaark „Konschtschafender“ stelle sech de Batti“, de Statement vu Richtung22 zur Kreatioun vum Site RTL Eent

Zuelen op eisem Site ginn vun zwou separaten Statistik-Softwaren erhuewen, allerdéngs ouni perséinlech Daten ze sammelen oder Cookies ze placéieren.