RTL Eent
D'Monique Kater trëfft den Nol op de Kapp
Wat huet d’Monique Kater, wat de Marc Thoma net huet? Richteg, en Job bei RTL.
Net op menger schicker Terrass
D’Monique Kater, laangjäreg Journalistin bei RTL Lëtzebuerg, hëlt Är Problemer seriö. „Stellt iech vir, Dir hutt grad e chict Appartementer kaf, tëscht Hollerech an der Gare, sëtzt op der Terrasse an op eemol fänkt et zolidd u mat mëffelen.“ schreift si zum Beispill, fir dass och Leit vun hirem Status verstinn, dass Ofwaasser net an d’Péitruss gehéiert.
D’NIMBY-Klassiker vun den Héichspannungsleitungen an de Wandrieder dierfen natierlech och net feelen, mat engem Reportage iwwer eng nei gegrënnten ASBL mam Numm „Energiematverstand“, wat grad sou gutt e Username an den RTL-Commentairë kéint sinn. Si verbreeden zum Beispill Falschinformatiounen iwwer vun Eoliennë verursaachten Infraschall a seng supposéiert negativ Konsequenze fir Mënschen, déi haaptsächlech op enger Etüd baséieren, déi 2021 wéinst gravéierende Feeler zréckgezu gouf. Suergen also, déi een, wann een dem Monique Kater gleewen däerf, eescht huele muss.
Fräiheet fir Kettenuewen
Apropos Stroumproduktioun. Am Reportage „Mam Tabu Atomenergie briechen – Lëtz Atom sensibiliséiert fir Nuklearenergie“ bericht si iwwer dem Lëtzebuerger Grupp Letz Atom hiren Infostand um Knuedler. Hei gëtt onkritesch iwwer e Lobbygrupp bericht, deen d’Problemer an d’Risiken vum Atomstroum kleng riet, a sech aktiv fir dës Technologien a géint ëmweltfrëndlech erneierbar Energien asetzt.  De gréissere Problem vun dësem Reportage läit allerdéngs am Detail: wee genee hikuckt, gesäit um Infostand ween dëse mat organiséiert huet: Dem Roy Reding seng Schwurblerpartei Liberté - Fräiheet. Handelt et sech hei em eng net als solch markéiert politesch Reklamm? Ëmmerhi gëtt dëse klengen Detail am Reportage mat kengem Wuert erwäänt.
Huet d’Monique Kater wuel Iwwersinn: de Logo vu „Liberté – Fräiheet“ (Screenshot RTL)
Och den amerikaneschen pro-Nuklear-Aktivist Mark Nelson kritt eng interessant Beschreiwung, Zitat: „De Mark Nelson war um Knuedler; hie steet do iwwer fir Atomenergie, verkeeft se - net fir eng Lobby - mee well hie se studéiert huet an vun hiren Avantagen iwwerzeegt ass.“ Dass hien als CEO vu Radiant Energy, enger pro-Nuklearenergie-Lobbygrupp, net fir eng Lobby sollt ënnerwee sinn, ass op d’mannst fraglech.
Eng Aussiichtsplattform mat gudder Vue vu Riets
Wat d’Anuerdnung vun hiren Interviewpartner*innen ugeet, hëlt d’Madame Kater hir Aarbecht souwisou net ëmmer sou genee. Den Artikel „D’Vaubansmaueren vun deemools am Stol vun haut, eng Iddi vum Gérard Philippe“ zum Beispill bericht iwwer eng architektonesch Iddi, déi hir wuel einfach rageschéckt gouf – ausser dësem Artikel ass iwwer dëse Projet wéineg ze fannen – wuelverstan net vun engem Architekt, mee vum ADR-Politiker Gérard Philipp, hei ze gesinn an enger Walreklamm. Schwéier raus ze fannen, wa säin Numm schonn am Titel vum Artikel falsch geschriwwe gëtt, mee déi verlinkte PDF-Datei verschaaft Opklärung. Op jiddereen*t einfach en RTL-Bericht iwwer seng fragwürdeg Iddie spendéiert kritt, wann een dem Monique Kater ee PDF schéckt, oder ob een dofir muss Member an enger Partei sinn, war bei Redaktiounsschluss nach net gekläert.
ADR-Kandidat a Möchtegern-Bauhär Gérard Philipp, oder fir d’Monique Kater: „Visionnär mat der „Tuerm-Iddi““ (Screenshot: ADR-Walreklamm)
Eng liberal Miliz fir d’Gare
Ee vun hire méi bedenkleche Reportagen iwwer d’Situatioun op der Stater Gare awer schléit dem Faass de Buedem aus. De Patrick Reisdorf, President vun der DP Gare gëtt presentéiert als „Garer a  Co-Fondateur vum WhatsApp-Grupp.“ – engem Whatsapp-Grupp vu Garer Awunner, deen et dem Monique Kater besonnesch ugedoen huet – an däerf hei ouni kritesch Géigeried vun enger Miliz schwadronéieren. Dass hien aktiven DP-Politiker ass, gëtt och hei natierlech net erwäänt, genee wéi all déi aner Kéieren, wou Politiker – haaptsächlech vun der DP – als einfach Awunner vum Garer Quartier presentéiert goufen. Hei ass dem Tim Morizet de selwechte Feeler ënnerlaf, mat der besuergter Biergerin a Stater DP-Politikerin Laurence Gillen. Mee et ka jo mol virkommen, dass een sou Informatiounen einfach vergësst ze erwänen.
Whatsapp-Influencer, Milizionär, an niewebäi President vun der Garer DP: Patrick Reisdorff. (Screenshot RTL)
An e faule Stee
Souguer fir e Reportage iwwer e verfaulte Stee op engem Trëppelpad bréngt d’Monique Kater et fäerdeg un e Politiker als Interviewpartner ze geroden, dës Kéier de Patrick Mischel vu Liberté - Fräiheet. Dass si den Eric Thill hei als Tourismusminister interviewt an net als besuergte Spadséiergänger ass awer eng positiv Nott.
Mir zweiflen net drun, dass de Liberté-Politiker Patrick Mischel zu Konsdref wunnt (Screenshot RTL)
Wat heescht dat lo konkret fir Iech?
Wann Dir lo och gären Är fënnef Minutten op der Tëlee hätt, hu mir dee perfekten How-to Guide. Dir musst just Lokalpolitiker sinn – wat méi riets, wat besser – an entweder géint e lokale Bauprojet stëpplen, oder awer selwer e fragwürdege lokale Bauprojet starte wëllen. Schéckt Är Suggestiounen per Post un d’Monique Kater, Adress: e chict Appartement mat Terrass tëscht Hollerech an der Gare, wou et zolidd mëffelt. Si mellt sech dann bei Iech. Keng Angscht, Är Memberschaft an enger Partei hält si geheim – ganz sécher.
Wat de Fränz Aulner vun Äre Kommentaren hält
Wann de Fränz Aulner sech net grad fir den obligatoresche Militärdéngscht oder nach méi Autobunnen asetzt, weist hien seng masoschistesch Säit a liest Är Commentairen op RTL.lu.
Wousst Der schonn - dass jidderee ka gesinn, wéi eng Bewäertungen Dir op RTL-Commentairen gitt? An dass de François Aulner zanter 2019 iwwer 10.000 Mol op en RTL-Daum geklickt huet? Wann net, da sidd Der hei richteg. Mir hunn Iech déi bescht Aulner-Likes an Dislikes gesammelt.
Zu Klimaschutz:
jobM3_
17.09.2019
[...] D'Ökodiktatur erlaabt entretemps net méi eppes kritesch ze gesinn oder eng aner Meenung zu hunn. Déi kréien mer elo opgeschwat. [...]
Source: Skandal!!!
Zur Verkéierspolitik:
Bitzi19
29.04.2025
Dir kénnt 4spuëréch Autobunnen bauën égal wou.
Soubaal dir an d'Staad wéllt hängt dir an éngem Triichter , égal vu wélcher Sëit dir kommt.
Dann as ....1 Spuër ëran, an 1 Spuër ëraus...!!
Maacht éng aanër Propose....!!
Source: E Ring mat 3 Spuere ronderëm d'ganz Stad
Besonnesch um Häerz läit him awer, wat Dir vu sengen RTL-Kolleg*innen haalt. A vun him. Virun allem vun him.
peepee
30.04.2022
Top Froen Här Aulner, Bravo an ganz schwaach Aentwerten !
Source: Tripartite-Mesurë si fir "puer Méint z’iwwerbrécken"
Peter Wackel
12.05.2022
Här Aulner Dir huet dat gutt erklärt, op jiddefall esou dass ech hoffen dass och deen net esou cleveren, fir et mol esou ze nennen, nach versteet. [...]
Source: Wa Béier méi deier gëtt
Marcel54
22.02.2023
Bravo H.Aulner fir äre Commentaire . Ech sinn frou daat mol dee vill Problemer dee mir an eisem Marienland hunn endlich mol  Diskussionen an der Press stattfannen . [...]
Source: Et gëtt Buttek (Part deux)
Iddefix
22.01.2021
Ganz gudde Commentaire Här Aulner. Et as genau dat gesot wat di meeschte Leit denken.Gudde Journalismus
Source: Affär Semedo: DP streng mat deenen aneren, net mat sech selwer
Chris Nauta
24.05.24
Gudden Owend Här Aulner,
Déontologie ass wuel kee Begrëff fir Iech? [...]
Source: "Gëlle Bréck" fir de Lampertsbierg
Umsonst
24.08.2020
Herr Aulner,
geweinlech sinn är Kommentairen ganz interessant an nogesicht, An desem Fall klengt dir awer émozionell, wierwat och ëmmer.
Source: CSV - Keng Diskussioun
Lodiblo
27.10.2021
Den Här Aulner schéingt och skandalgäil ze sin.
Source: Eng penibel Plagiatsaffär an e Verloscht u Glafwierdegkeet
Guy Mathey
28.11.2024
Ich habe in der Tat noch selten einen derart unsinnigen Kommentar ihrerseits gelesen Herr Aulner! Diesmal enttäuschen Sie mich sehr! [...]
Source: Nach ëmmer fir den obligatoreschen Déngscht
Klengen_Endkonsument
21.09.2021
Här Grotz,
Mat déser Erwaardungshaltung un dem "Här Buergermeeschter vum ganze Land" säin Optrétt strahlt Dir, bei allem Respekt, fir mech ower eng grouss Naivitéit aus.
Source: Spannung virum Etat de la Nation vum Xavier Bettel
CMac
03.12.2024
Här Grotz bleift w.e.g. bei der Wourecht a bei de Fakten: [...]
Source: D'Insel vun de Séilegen
miregal
13.06.2022
Den H. Roy Grotz wëll secher bei den näckste [sic] Wahlen op enger Lëscht vun de Gambia Kollegen matmëschen.
Source: Déi nei CSV: mat Knëppele fänkt ee keng Vullen!
Yomal
21.09.2021
Ech ginn dovunner aus Här Grotz dass dir äre Commentaire net wierklech eescht huelt soss kéint een iech awer eng gewessen Naivitéit virwerfen.
Source: Spannung virum Etat de la Nation vum Xavier Bettel
Umsonst
24.08.2020
Genau eseu [sic] as et. Merci Herr Grotz, dir hut et genee op de Punkt bruecht. [...]
Source: Den Jesse James vun der CSV
An déi, wou mer hoffen dass en sech verklickt huet:
Generell geet de Fränz Aulner keng Commentairen liken, déi géint Minoritéiten hetzen, do léisst hie meeschtens en Dislike. Dofir falen dës Beispiller e wéineg aus der Reih, a si just hei fir ze demonstréieren, dass een*t e Commentaire vläicht soll zwee mol liesen, ier een*t eng Bewäertung ofgëtt. Och wann een*t dovun ausgeet, dass dës anonym ass.
Eng aner Meenung
20.02.2025
De Problem ass jo graad, dass EU sech just nach ob Fraen, LGBTQ, Migranten, Klimaschutz, konzentréiert, emmer méi Radikal an dessen Beräicher gett, an alles Aneschtes einfach äusblennt. [...]
Source: EU muss op gemeinsam Nenner kommen, soss ass et "Game over"
Knouterer
21.02.2025
Ganz d'accord mat iech, just d'EU huet e grousse Problem mat der Migtation [sic],  déi nächst Redirung [sic] an Däitschland muss déi Problemer konsequent léisen an net esou maache wéi wann [...]
Source: EU muss op gemeinsam Nenner kommen, soss ass et "Game over"
Skandaléis?
Ass dem Fränz Aulner säi Walverhalen skandaléis? Net wierklech. Ass et witzeg? E wéineg. Ass et problematesch, dass RTL senge User*inne virenthält, dass hir Likes all ëffentlech zougänglech sinn - genee sou wéi all Är Commentairen, bis wéinstens an d’Joer 2011 zréck, obwuel dës der RTL-Charte no no zwou Wochen net méi sichtbar solle sinn? Dat loosse mer Iech decidéieren. Schéckt eis eng mail op info@rtl1.lu, a vläicht verëffentleche mer se als Commentaire ënner dësem Artikel.
Kann ee sech bei der Iwwerpréiwung vun Informatiounen op RTL verloossen?
Éischter onwarscheinlech.
Zanter dem 7. Februar 2025 kurséiert op RTL.lu den Artikel mam Titel „Geféierlechen TikTok-Challenge aus den USA elo och an Europa ukomm“. Rieds ass vum sou genannten „Paracetamol-Challenge“, en TikTok-Challenge, wou Jugendlecher dozou animéiert solle ginn, eng Iwwerdosis vum Schmäerzmëttel Paracetamol ze huelen. Et handelt sech hei em eng Story, déi wuel op engem AFP-Artikel baséiert, och aner Haiser wéi den ZDF hu beriicht. RTL mécht hei allerdéngs ausnamsweis richteg journalistesch Aarbecht, an interviewt souguer en Dokter, fir iwwer déi reell Gefore vun sou enger Iwwerdosis opzeklären.
Wou d’journalistesch Aarbecht awer ophält, ass wann et drëms geet ze kucken, ob et dësen Challenge iwwerhaapt gëtt. Een Dag ier RTL dës Story verëffentlecht also de 6. Februar 2025, bréngt di franséisch Libération en Artikel eraus mam Titel: „«Paracétamol challenge» : comment des dizaines de médias ont écrit sur un défi «morbide»… qui n’existe pas“. Tatsächlech huet d’Faktencheck-Websäit Snopes en Artikel aus dem Joer 2015 doriwwer, dass et fir dëse vermeintleche Social-Media-Trend keng Beweiser gëtt – dat eenzegt, wat geännert huet, as d’Plattform em déi et geet.
D’AFP ass hei also op en Hoax era gefall, an RTL huet d’Story réischt opgeholl, nodeems se schonn als solch entlarvt war – an natierlech ni e Rectificatif verëffentlecht.
Net fir d’éischt
Dat alles erënnert staark un déi sou genannten „Momo-Challenge“, iwwer déi RTL am Joer 2018 eng Jett Artikel verëffentlecht huet. „Et héiert sech schrecklech un, et mengt ee bal et kënnt net wouer sinn. An awer ass de sougenannte Momo Challenge leider eng seriö Realitéit.“, „geféierleche Momo-Challenge och zu Lëtzebuerg ukomm, an e puer Méint drop, „De Ministeren no keng Info iwwert ee Momo-Challenge zu Lëtzebuerg“. Et geet em eng Rei Suiciden ënner Jonken aus verschiddene Länner, déi angeblech op dës Challenge zréck ze féiere solle sinn – Beweiser heifir gouf et keng, an nodeems genuch Panik gemaach gouf a raus koum, dass et effektiv just en Hoax war, huet och RTL einfach net méi driwwer geschwat.
Haut huet de „Momo Challenge Hoax“ souguer en eegenen Wikipedia-Artikel. E Rectificativ säitens RTL feelt awer och hei bis haut.
Stëmm vu Lëtzebuerg
Endlech ass et sou wäit: ab elo kënnt Dir den RTL1-Film Stëmm vu Lëtzebuerg kucken, ouni d’Haus mussen ze verloossen.
Et ass een Hai am Stau! Eng RTL1-Push-Noriicht stellt dat ganzt Land op d’Kopp. Fir d’Joëlle Zander, CEO vun RTL1, ass et d’Geleeënheet fir senger neier Sendung “Kontext” den néidege Push ze ginn. Fir d’RTL1-Reporteren ass et d’Chance op déi bescht Story vum Joer an eng grouss Karriär – live vum Stauséi. Fir Lëtzebuerg ass et een Dag, deen alles wäert änneren.
De Film ass op Lëtzebuergesch, mat franséischen an englëschen Ënnertitel.
Le Film est présenté en langue luxembourgeoise, et sous-titré en français et anglais.
The film is presented in Luxembourgish with French and English subtitles.
Mir ginn ënner!
Et ginn nawell eng Rëtsch Grënn sech Suergen ze maachen.
RTL Eent Informatiounen no huet de gréisste Mediekonzern vu Lëtzebuerg aktuell mat multipele Krisen ze kämpfen. Wéi et heescht, wier domat souguer d’Existenz vum Betrib a Fro gestallt.
Zejoert ass d’Bertelsmannduechter jo eng éischte Kéier an d’Kritik geroden, wéi sech Onéierlecher op engem Site, deen dësem hei gläicht, nawell zolidd de Batti gestallt hunn. An den Artikelen, déi publizéiert goufen, goung Riets vun engem Verstouss géint d’Reklammsgesetzer, vu verstopptener Publicitéit, Verstéiss géint de Pressecodex, dem Ignoréiere vun de Programmoplagen an och engem falsch gerechenten Defizit. RTL, sou huet et geheescht, hätt de Staat ëm Millioune beduckst.
Op Basis vu verschiddenen Plainten huet dunn Uganks Februar 2024 d’ALIA, déi  lëtzebuergesch Medienopsiicht, mam Enquêtéieren ugefaangen. Allerdéngs goufe scho kuerz drop bei enger Zort politeschem Putsch géint d’Spëtzt vun der ALIA déi wichtegst Käpp ausgetosch an d’Medienopsiicht domat ënner d’Kontroll vun der CSV bruecht, eng CSV déi jo an der aktueller Regierung de Medieministère an der Hand huet.
Den Ufank vum Enn?
An awer. Et wier eppes un d’Rutsche komm, dat héiert een hannert de Kulissen um Kierchbierg. Zwar géif een hoffen, dass sech einfach kee Mënsch fir d’Virwërf interesséiere géif, dass dat esou bleift gëllt awer mëttlerweil als onwarscheinlech. Et gëtt d’Gerücht vun enger Plainte déi net zu Lëtzebuerg, ma zu Bréissel deposéiert gi wier an op déi ee keen Zougrëff méi hätt.
Och d’Politik an déi eng oder aner Stëmm aus der geschriwwener Press kéint kuerzfristeg op de Fall opmierksam ginn, Ongereimtheeten déi ënnert den Teppech gekiert goufen, kéinte public ginn. Et rumouert nawell ferm. A wéi wann dësen Drock nach net genuch wier steet elo och nach de Verkaf vum Sender zur Diskussioun. Zwou Offere géife virleien an den CEO vu Bertelsmann, den Thomas Rabe, hätt et elo genuch vu Lëtzebuerg.
"Stëmm vu Lëtzebuerg" geschwënn am Stream
Maacht Iech et alt scho gemittlech virun Ärer Tëlee, et gëtt geschwënn eng nei Chance eise Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ ze kucken.
An zwar hei op dësem Site. Ab dem 1. Mee kënnt der de Film hei a voller Längt streamen, an dëst gratis an ouni en Account mussen unzeleeën.
Kritiker*inne si sech eens: De Film ass méi actionräich wéi Marginal, méi informativ wéi dem Franky Hippert säi Formel-1-Kommentar, a méi witzeg wéi den RTL-Afterwork.
„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.
Nom Website rtl1.lu an dem Theater „Ween stoppt RTL“ war de Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ den drëtte grousse Projet vu Richtung22 an der Serie iwwer de Mediemonopolist RTL. Nodeems d’Aarbecht vun RTL souwéi d’Strukturen an d’politesch Interessenskonflikter vun der CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL, am Fokus stoungen, geet et an dësem Film ëm d’Rôle an den Afloss, deen RTL op d’Land huet.
Message vun der RTL Eent Redaktioun
Dat gouf et zulescht fir d’Staatstrauer vum Grand Duc Jean: De Site vun RTL Eent präsentéiert sech an Trauerfaarwen.
Ass ee gestuerwen? Nee. Ma ee Grond ze trauere gëtt et trotzdeem: Dir, léif Lieserinnen a Lieser, léif Nolauschterer an Nolauschterinnen a léif Spectateuren a Spectatricë sidd vläit amgaangen, déi lescht Deeg vun RTL matzeerliewen.
Op eisem Site wäerte mir iwwert déi nächst Wochen dokumentéieren, wéi eng Ereegnisser zum endgültegen Enn vum Lëtzebuerger Traditiounssender gefouert hunn. Et wäert reegelméisseg Updates an e puer Specials ginn, wéi zum Beispill de Release vum Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“. Déi grouss Finall ass dann d’Show „La fin de RTL“, den 30.05.2025 zu Villerupt, bei där Dir natierlech och dobäi si kënnt.
An dësem Sënn gëtt et sou lues Zäit Äddi ze soen.
Grousse Succès vu Police-Instagram-Campagne
Weider Mataarbecht mam Public an Zukunft méiglech.
Säit 2022 schonns kann de Public ee mol d’Joer d’Lëtzebuerger Police aktiv bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Dat, andeems User op Instagram ofstëmme kënnen, wou d’Police wärend dem järlech europawäit organiséierte 24h Speedmarathon, Vitesskontrollen op de Lëtzebuerger Stroosse mécht.
RTL Eent Informatiounen no soll dës Kooperatioun tëscht Police a Public lo ausgeweit ginn:
Sou ass geplangt, dass een deemnächst direkt iwwer Instagram der Police Strofdoten matdeele kann.
Dat soll net nëmme Suen an d’Staatskeess brénge, mee och d’Leit zum Nodenke beweegen. Bevir een eng Strofdot begeet, sollt ee sécher sinn, dat den Noper een net dobäi gesäit. Fréier war dat net sou schlëmm, wee geet schonns wéinst engem klenge Crime extra op de
Policebüro. Mee an Zukunft kann den Noper mat just dräi Klicks eng Plainte bei der Police maachen: Klick(Foto)-Klick(Instagram op)-Klick(senden).
Och d’Justiz ka sech virstellen, dem Public eng Zesummenaarbecht iwwer Instagram ze erméiglechen. Sou soll et deemnächst bei ausgewielte Fäll méiglech sinn, d’Justiz hautno ze erliewen: Déi wichtegst Fakte ginn op Instagram gepost, an da kënne User an de Kommentaren ënnert sou engem Post fir „schëlleg“ oder „onschëlleg“ ofstëmmen. Dat soll net nëmmen d’Justiz entlaaschten, mee och d’Leit zu engem bessere Mateneen animéieren. Et wéilt ee jo herno net fir schëlleg befonnt ginn, just well ee vergiess huet dem Hond säin Dreck virum Noper senger Dier fortzemaachen, an deen engem dat iwwel hëlt.c
RTL Eent elo och op Franséisch an Englesch
Well et fir e Service Public sou am Kontrakt steet (an nëmmen dowéinst!) gëtt et RTL Eent elo och op den auslännesche Sproochen Englesch a Franséisch.
Fir d’RTL-Kommentatoren ënnert eise Lieser*innen: dat sinn déi Geräischer, iwwer déi der Iech beim Bäcker an der Schlaang opreegt. Mir hoffen, dir sidd net iwwerfuerdert.
Pour tous·tes les autres, vous trouverez les articles en français ici: RTL 1Tox
And in English here: RTL One Yesterday
RTL Eent präsentéiert de Comeback vum Felix Eischen
Reservéiert elo Är gratis Plazen fir d’Show zu Villerupt den 30. Mee.
Nodeems eng Rei vu Skandaler public gi sinn, steet RTL, de gréisste Mediekonzern vu Lëtzebuerg, kuerz virum Verschwannen. De Felix Eischen, fréier dat beléiftste Gesiicht op der Tëlee an elo President vun der Parlamentarescher Kommissioun fir Medien, ass net bereet, dem Verfall vu senger geliibter Firma nozekucken. RTL ass Lëtzebuerg, ouni RTL gëtt et kee Lëtzebuerg. Also entscheed sech de Felix Eischen fir ee Comeback. Hie wäert all d’Virwërf opklären a sengem Sender nees zu aler Stäerkt verhëllefen an dat mat enger eenzeger, groussaarteger Sendung: Dem Talk mam Felix.
D’Stéck „La fin de RTL“ gëtt den 30.05.2025 um 20 Auer an der Arche zu Villerupt (10 Min. vun Esch/Uelzecht) a franséischer Sprooch opgefouert. Reservéiert elo schonn Är Gratis-Plazen iwwer Mail: ticket@richtung22.org
Positiv non-binary Representatioun um ESC? Net mat RTL!
Vergaangene Weekend war den ESC zu Malmö. Eng gutt Geleeënheet fier RTL en neien Artikel an der Serie „Misgendering fir Ufänger*innen“ ze verëffentlechen.
Et war nawell vill lass um Eurovision Song Contest zu Malmö. No Protester an Opriff zum Boykott wéinst der Participatioun vun Israel, der Disqualifikatioun vun Holland an dem Retour vu Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer, konnt dann awer nach mat enger positiver Nott ofgeschloss ginn: Mam Nemo aus der Schwäiz huet fir d’éischte Kéier an der Geschicht en*g net-binär Kënschtler*in den ESC gewonnen. Dat stellt RTL offensichtlech viru grouss Problemer.
Direkt um Ufank vum Artikel benotzt RTL iwwerraschenderweis, fir inklusiv ze sinn, en Genderstärchen:
„Mat engem däitlechen Ofstand hat d’Jury hien* nämlech direkt un d’Spëtzt gewielt, soss wier et wuel enk ginn.“ - en Novum, an eng positiv Entwécklung vun engem Service Public, deen - ah nee, Moment. Et handelt sech hei just ëm en Asterisk, deen op folgenden Disclaimer verweist: „Aus lieserleche Grënn huet d’Redaktioun decidéiert, fir Nemo e Pronomen am schrëftlechen Text ze ginn.“
Statt wéi vu Nemo gewollt einfach säi Numm ze benotzen, gëtt hei am Artikel also drop gepocht konsequent männlech Pronomen ze benotzen. Sou wäit, sou schlecht.
Ween lo mat den Aan rullt an denkt, alles net sou schlëmm, RTL weess et einfach net besser, gëtt zimmlech séier enges besseren beléiert: „Den offensichtlech männleche Sänger seet vu sech selwer, dass hie weder Mann, nach Fra ass“ heescht et e puer Zeile weider. Dass Nemo soll „offensichtlech männlech“ sinn, changéiert dee Saz vun enger e wéineg onbeholfener Definitioun vum Term „non-binary“ hin zu enger kloer queerfeindlecher Ausso.*
Ob d’Journalistin, déi fir dësen Text zoustänneg ass, hei wollt hier perséinlech Meenung zur Validitéit vun net-binären Identitéiten mat afléisse loossen, oder ob Queerfeindlechkeet generell vun RTL gefërdert gëtt, ass net gewosst.
(*) De Saatz „Den offensichtlech männleche Sänger seet vu sech selwer, dass hie weder Mann, nach Fra ass.“ gouf an tëschenzäit ersaat duerch „Nemo, deen als Mann gebuer gouf, Sänger seet vu sech selwer, dass hie weder Mann, nach Fra ass“. RTL ass weiderhin Virreiderin an der Disziplin „onkonventionellen Saazbau“. Och schéint RTL d’Geschicht vum Benjamin Button hei ze vill eescht geholl ze hun - eiser Erkenntnis no gouf nach kee reelle Mënsch als Mann gebuer. De Misgendering am Rescht vum Artikel blouf weiderhin onverännert.
Ausserdem gouf, nodeem sech Leit bei RTL beschwéiert hunn, anstatt den Artikel unzepassen e weideren längeren Disclaimer ënner den Text ergänzt. Sou behaapt RTL, dass se den genereschen Maskulinum benotzen, well deen vun de meeschte Leit als déi neutraalst Form empfonnt géng ginn, an jo einfach keng aaner Méiglechkeet do wier. En typografescht Symbol wéi den Genderstärchen wier net etabléiert. Ob dat lo dru läit, dass de gréisste Medium am Land sech weigert, geschlechtsneutral Sprooch ze benotzen, sief lo mol sou dohi gestallt. Schliesslech hu se jo soss kee Problem, wann et drëms geet de Sproochgebrauch hei am Land nawell zolitt ze beaflossen.
Déi englesch Versioun kënnt iwregens komplett ouni Misgendering aus. Engersäits ass et hei natierlech duerch den singulären „they“ méi einfach wéi op Lëtzebuergesch oder Däitsch, denen et effektiv un geschlechtsneutralen Pronomen mangelt. Anerersäits hätt een*t sech bei RTL och einfach kinnten informéiren, wéi Nemo gär hätt dass iwwer Nemo geschwat oder geschriwwe gëtt - nämlech einfach mat sengem Numm. Dat sollt suguer fir RTL grammatesch etabléiert genuch sinn. An dann kéinten suguer déi Leit, déi soss op RTL kommentéiren a panesch Angscht fieru Pronomen hunn, roueg schlofen.
Nodeems en al genuch war fir net méi op der rtl.lu Homepage ugewisen ze ginn, a genuch Leit sech op de soziale Medie beschwéiert hunn, gouf den originalen Artikel iwregens eng weider Kéier ugepasst. Lo kënnt e mat 1-2 Ausnamen ouni Misgendering aus. Firwat e presuméiert seriöe Mediebetrib souguer no sëllegen Beschwerden an Erklärunge wéi se hier Aarbecht ze maachen hunn trotzdeem nach 3 Uleef brauch fir e simpelen Artikel korrekt ze schreiwen, war bei Redaktiounschluss nach net gekläert. De risegen Disclaimer um Schluss vum Artikel kënnt allerdéngs wéi bei RTL üblech ouni jeglech Entschëllegung oder Scholdageständnes aus - au contraire gëtt nach net mol erwähnt, dass den Artikel säit Verëffentlechung a groussen Deeler verännert gouf.
Adapto-Service: Och ausserhalb vum Summerlach e Problem?
Wéi RTL d'Zäit ëm kritt
An engem rezente Reportage iwwer d’Model Mandy Graff heescht et: „RTL ass jiddwerfalls stellvertriedend fir vill Lëtzebuerger houfreg op dës Leeschtung“. Op d’Lëtzebuerger*innen houfreg op d’Leeschtung vun RTL sinn?
Et ass Ouschtervakanz an net just d’Schüler*innen an déi Deputéiert aus der Chamber hu Vakanz, mee offensichtlech och d’Personal bei RTL. Um Site rtl.lu si bal just nach kopéierte Police-Rapporten an iwwersaten Agencëmeldungen ze fannen an op RTL Tëlee schéngt een och net ze wëssen, wat een nach sende soll. Spontan sent RTL e Sonnden e Reportage iwwer déi ehemoleg Kandidatin vun Germany’s next Topmodel Mandy Graff. „Wéi d’Karriär duerno weidergoung a wou déi jonk Fra haut drun ass, dat gesitt der elo“ gëtt de Beitrag umoderéiert. Woubäi „haut“ wuel éischter eng Metapher ass, de Bäitrag gouf nämlech schonns virun iwwer engem Joer fir déi éischte Kéier op RTL ausgestraalt.
Rediffusioune gehéiere bei RTL zum Programm, ab 20h00 widderhëlt sech de Contenu vum Dag. Kuckt een de ganzen Tëleesprogramm stellt ee fest, dass den „eegenen“ an zumindest meeschtens „neien“ Contenu vun der RTL Tëlee seelen iwwer eng Stonn den Dag rauskënnt - an dovunner missten nach d’Reklammen ofgezu ginn. Eng 25 Minutte Journal a virdrunner eng 25 Minutten „Magazine“, „Live Planet People“, heiansdo „Pisa“ oder „No Art on Air“, je no Wochendag. Uewendrop gëtt et Sonndes a Méindes e Sportprogramm an Donneschdes heiansdo den „Kloertext“. Eigentlech misst RTL dem Staatsvertrag no méi produzéiert, mee RTL ignoréiert d’Virgaben. De Recht vum Programm ass nieft de Rediffusiounen ee Live-Stream vum Radio, externe Contenu a Reklammen. Vill Reklammen.
Fir wéi vill Contenu a Qualitéit huet de Staat bezuelt?
Käschtepunkt, wann een der CLT-UFA da gleewe wéilt, wiere 24 Mio € fir dëse Programm pro Joer. Well RTL op d’Transparenz vu senge Finanze verzicht ass et schwiereg festzestellen, wéi vill wéi eng Sendung kascht. Béi héichgegraffenen bal 8 Stonnen eegene Contenu d’Woch géif eng Stonn RTL ca. 60.000€ kaschten, also ee Minuttepräis vun 1.000€. Dass des Käschten eigentlech eng gewësse Qualitéit mat sech zéie missten ergëtt sech zum Beispill aus dem Verglach mat de Käschte vun aneren ëffentlech-rechtlechen Tëlee-Sender. Dat renomméiert Wëssensmagasinn „Nano“, dat an um ZDF an 3Sat leeft kascht zum Beispill am Schnëtt 20.000€ fir eng Folleg vun 28 Minutten. Déi wichtegsten däitsch Noriichteformater, wéi d’„Tagesschau“ mat am Schnëtt iwwer 10 Milliounen Zuschauer*inne kaschten ca. 2.000€/Minutt.
De Produktiounsopwand vun engem Reportage vun RTL Tëlee Lëtzebuerg ass natierlech net mat de Sendunge vun de groussen ëffentlech-rechtleche Programmer ze vergläichen. Bei der RTL Tëlee kann ee frou sinn, wann sech de „Reportage“ net just op een eenzelt Interview begrenzt, bei deem vläit nach e bëssi Schnëttmaterial aus dem RTL-Archiv drënner gemëscht gouf.
Sou wéi beim Reportage iwwer d’Mandy Graff, dee lo fir eng zweete Kéier als aktuelle Contenu präsentéiert gouf. Eng kleng Ännerung gouf et awer, 2023 huet et an der Umoderatioun nach geheescht: „Am Moment leeft jo och grad déi nei Staffel vun der däitscher Casting- Show Germany’s next Topmodel. An do ass viru 16 Joer d’Mandy Graff dat fënneft ginn“, e Sonnden dann „2007 war ee jonkt Nowuessmodel ganz vir mat derbäi. D’Mandy Graff. An et gouf souguer dat véiert“. Et geet also biergop.
Wat ech der Welt schonns ëmmer matdeele wollt
An der Rubrik „Meenung“ vun RTL Eent solle Mataarbechter*innen eppes schreiwen, wa se keng Zäit oder Iddi fir e richtege Reportage hunn. De Commentaire haut vum Ben Barsch.
Eng richteg, echt „Meenung“ hunn ech eigentlech net. Eigentlech sinn ech jo och kee Journalist am klassesche Sënn, mat Pressekaart a sou. Mee de Camille vun der IP däerf jo och hei seng Meenung soen, also kann ech als dat bekanntst Gesiicht vum Sender mir jo och mol eppes iwwerleeën. Et gëtt intern praktesch vu mir erwaart, dass ech mech matdeelen - einfach schonn aus deem Grond, well mir nogelauschtert gëtt.
Wat also soen, et geschitt jo nawell vill dobaussen an der Welt, an och hei zu Lëtzebuerg, wat ee kommentéiere kéint. Et wëll een awer och lo kengem op d’Féiss trëppelen. Zum Gléck hëlleft mir do e klengen Trick, deen ech vu mengen RTL Koleeg*innen geléiert hunn. All Behaaptung, déi ee bëssi ze edgy kléngt, kann ee mat engem Fragezeichen hannendrunner an eng Fro verwandelen. A scho gëtt eppes net behaapt, mee just nach suggeréiert.
Iwwerdreift Israel am Gazakrich?
Ass de Streckeradar op der A7 demesuréiert?
Wéi grouss ass den Interessi fir de Patient?
Logements-Kris 2.0?
Respekt virum Wieler?
Regéieren oder just verwalten?
Schwätze mer laanschteneen?
Wat hëlleft géint Bauchwéi?
Dat heiten ass kee Commentaire… Oder dach?
Dem Xavier Bettel säin hannerhältege Milliounen-Deal
Ontransparent an ondemokratesch: sou huet deen deemolege Medieminister d’Zukunft vun de Medien hei am Land aushandele gelooss.
Zwar stoung am Walprogramm vun der DP 2013 kee Wuert iwwer d’Mediepolitik oder iwwer d’CLT-UFA, de Konzern hannert RTL, an awer ass et d’DP, déi sech no de Walen de Medienressort kroopt. Domat ginn déi Liberal responsabel fir déi ustoend Verhandlungen iwwert een neie Vertrag tëscht der CLT-UFA an dem Staat. Et ass de Xavier Bettel selwer, schonn als DP-Fraktiounschef souz hien 2011 kuerz am CLT-UFA Verwaltungsrot, deen elo net just de Premierministerposten fuerdert, mee och dee vum Medieminister. Domat féiert hien eng Traditioun nees an, déi zulescht vum Jacques Santer 1989 praktizéiert an elo och vum Luc Frieden weidergefouert gouf: Medie sinn zu Lëtzebuerg Chef-Saach.
Am Januar 2014 stellt de Xavier Bettel de Volet Medie vum Koalitiounsprogramm an der Chamber vir. Et gouf net vill ze präsentéieren, scho mam Koalitiounsvertrag gouf kloer, dass déi kommend Verhandlungen tëscht Staat an der CLT-UFA hannert zouenen Diere stattfanne wäerten. Als Kommunkatiounsberoder vum Xavier Bettel wiesselt de Paul Konsbrück direkt um Ufank vum Mandat vun der CLT-UFA, hie wor do fir d’Lescht Chefredakter vun Eldoradio, eriwwer an de Staatsministère. Duerno ass laang näischt méi ze héieren, d’Ëffentlechkeet kritt net mat, wat fir eng Dynamik sech tëscht Ministère, CLT-UFA, RTL Group a Bertelsmann entwéckelt.
Maximal Intransparenz
Wéi déi final Verhandlunge mat der CLT-UFA virbereet goufen, ass vu bausse schwéier ze soen. Et ginn awer genuch Indicen, déi weisen, wéi no sech béid Säite komm sinn. Do wier zum Beispill d’Auszeechnung vun der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn duerch de Xavier Bettel Uganks 2016. Béid gesi sech och kuerz drop nach eng Kéier um „Mittelstandsgipfel“ vun engem däitschen Interesseverband. D’Diskussiounen hannert de Kulisse si scho kuerz virum Ofschloss, wéi op ee mol d’Lunghi-Affär eng ganz schlecht Luucht op RTL wërft an d’Verhandlungen tëscht Staat an CLT-UFA op ee mol u Brisanz gewannen. An engem mësslongenen Interview mam 100komma7 verplappert sech dann och nach d’Simone Beissel (DP), déi deemoleg Präsidentin vun der Chamberskommissioun fir Medien. Et gëtt offensichtlech, dass Bertelsmann mat héije Fuerderungen Drock mécht. Fuerderungen, déi de Xavier Bettel bereet ass z’akzeptéieren.
Am Fréijoer 2017 geet et da ganz séier. De Paul Konsbrück ass lo „Commissaire du Gouvernement“ bei CLT-UFA, hien iwwerkuckt also fir de Staat d’Aktivitéite vu sengem alen Employeur. De Xavier Bettel huet eng Etude maache gelooss, déi him weise soll wéi wäit hie bei der Finanzéierung vun engem Privatkonzern goe kann ouni EU-Reegelen ze briechen. Dass d’CLT-UFA iwwerhaapt eng éischte Kéier direkt vum Staat finanzéiert gëtt, an dat mat Milliounebeträg, gouf ni ëffentlech diskutéiert. De Xavier Bettel huet et genee sou geplangt: Amplaz eng Konzessioun iwwer den üblechen Zäitraum vun 10 Joer ze maachen, gëtt eng éischt Etapp vun 3 Joer decidéiert. Esou ka verhënnert ginn, dass d’Chamber ee Finanzéierungsgesetz stëmme misst, d’Diskussioune méi breet am Parlament gefouert gi géifen. Pro Forma gëtt de Xavier Bettel den 23. März 2017 eng Regierungserklärung am Parlement of, hält awer den ausgehandelte Vertrag selwer geheim: „Firmegeheimnis“. De Xavier Bettel kommunizéiert souwisou léiwer iwwer pompös Biller, zum Beispill déi vun der Aweiung vun der RTL City am Abrëll 2017. Fir d’CLT-UFA nach weider ze berouege placéiert de Xavier Bettel e perséinleche Koleeg op de Presidenteposte vum Konkurrent 100komma7. Et ass och de Laurent Loschetter, deen fir den 100komma7 nach 2018 eng iwwert de Knéi gebrache Konzessioun ënnerschreift, fir de Sender am passive Status Quo gefaangen ze halen.
Wat gouf dann elo mat RTL vereinbaart? Nieft dem Xavier Bettel hunn de Moment vun der Ënnerschrëft just ganz e puer Ageweiter op der Säit vum Staat de Vertrag gesinn. Genee sou geet et och mat engem ominéisen Zousazdokument, fir dat hie matzen am Walkampf 2018 extra op Gütersloh bei Bertelsmann jettet. Jo genee, hien ass geflunn, an zwar vu Lëtzebuerg mam Privatjet fir 12.000€ op de Flughafe Paderborn. Wat dat fir ee Vertrag wor ass net gewosst.
Eng nei Ausgangslag fir deen zweeten Konzessiounsvertrag
Dëst bréngt zwee Joer drop de Sven Clement op de Plang. Well Bertelsmann mëttlerweil dozou iwwergaangen ass sämtlecht Personal vun RTL Group nees aus der neier RTL City erauszepuchen an de „Medienstanduert“ zu enger Bréifkëschte Firma ze maachen, wollt den Deputéierte vun de Piraten lo awer gäre wëssen, op net op mannst ee Bekenntnis zum Standuert Lëtzebuerg Deel vum Vertrag gewiescht ass. De Sven Clement huet Succès, allerdéngs éischt vill méi spéit.
De Xavier Bettel, deen 2018 rëmgewielt gouf an nees de Poste vum Premierminister mat deem vum Medieminister kombinéiert, weess schonn, dass hie fir deen nächste Vertrag anescht rugoe muss. D’CLT-UFA freet no nach méi Suen an e Finanzéierungsgesetz gëtt onëmgänglech. Wann dat Gesetz bis an der Chamber diskutéiert gëtt ass et onméiglech den Deputéierten net och ze weisen, woufir de Staat bis zu 15 Milliounen am Joer ausgi soll. De frësche Konzessiounsvertrag soll bis 2030 lafen an RTL den absolutte Maximum u Sue beschafen, deen nach sou just mam EU-Konkurrenzrecht kompatibel ze si schéngt. Wien dat gären esou hätt? D’DP hat nees keen eenzege Saz iwwer d’Zukunft vum „Service Public“ an de Medien am Walprogramm stoen. Béid Koalitiounspartner, déi Gréng an d’LSAP hunn awer schonn ugefaangen iwwer d’Schafe vun engem richtegen ëffentlech-rechtleche Sender nozedenken. Et ass méi Drock do, och vun der Medienopsiicht ALIA, déi lues a lues méi staark a selbststänneg gëtt.
Den Drock gëtt awer och vu Bertelsmann erhéicht. RTL Group huet net just massiv Personal zu Lëtzebuerg ofgebaut, mee och ugefaangen RTL-Branchen ofzestoussen. 2021 gëtt RTL Belgium verkaf, de Verkaf vun RTL Holland virbereet an och M6, déi franséisch RTL Group Duechter, huet solle verkaf ginn. Eigentlech ass d’Zäit vun RTL Lëtzebuerg riwwer. Mee kann de Xavier Bettel dee Minister ginn ënnert deem RTL d’Land verlooss an eng ëffentlech-rechtlech Alternativ entstanen ass? De Gaston Thorn géif sech am Graf ëmdréinen.
E Coup vum Bettel
De Virdeel vum Xavier Bettel ass, dass nees just hie bestëmme kann, wéini wie wou iwwer d’Zukunft vun de Medien zu Lëtzebuerg ze diskutéieren huet. Hien mécht säi Medieministère zur Festung. An et ass kloer, wéi d’Personal do denkt. De Michel Asorne ass hei ënnert dem Xavier Bettel Directeur Adjoint ginn. 10 Joer huet de Michel Asorne bei der CLT-UFA Duerchter BCE geschafft, ier hie schonn 2012 als Conseiller an de Medieministere gewiesselt ass. Ënnert dem Xavier Bettel gëtt hien en plus Chef vum ILR. De Paul Konsbruck ass elo net just Beroder vum Xavier Bettel, mee Chef de Cabinet a féiert am Numm vum Staat duerch d’Verhandlungen. D’Finanzéierungsgesetz fir d’CLT-UFA gëtt ë.a. vum Carole Nuss geschriwwen, déi vu LuxInnovation riwwer an de Medieministere gewiesselt ass. Dem Carole Nuss seng Vue op d’Thematik kann am Beschten mat folgendem Zitat duergestallt ginn: „Luxembourg’s long-standing history in broadcasting has shaped a pragmatic business-oriented regulatory landscape, especially suited for the cross-border needs of broadcasting services.“
Schlussendlech geet alles nees ganz séier. Fir de Koalitiounspartnerinne virzegaukelen, dass sech iergendeen iergendwou seriö Gedanken iwwer d’Méiglechkeet vun engem ëffentlech-rechtlechen RTL-Ersaz gemaach huet schreift de Medieministère d’„Etude“: „Les médias de service publie au Luxembourg - Défis actuels et perspectives d’avenir“, wie genee déi net emol 20 Säiten geschriwwen huet ass net kloer. D’Haaptargument gëtt awer vum Xavier Bettel vun deem Moment u benotzt fir d’Diskussioun fir beend ze erklären: En ëffentlech-rechtlecht Medium ze grënne géif méi deier ginn, wéi RTL ze subventionéieren. Et gëtt eng „Orientatiounsdebatt“ an der Chamber aberuff. De Beweis fir d’Onsënnegkeet vun enger Alternativ wier dem Xavier Bettel no de Fait, dass d’Chaîne ARTE jo iwwer 130 Milliounen d’Joer kaschte géif. Wien esou ee Modell gefuerdert hätt gëtt net gesot. An esou mann Kommissiounssëtzunge wéi méiglech geet d’Finanzéierungsgesetz dann duerch d’Chamber. D’LSAP a Gréng soe Jo an Amen an d’Oppositioun ass net um Dill. De Xavier Bettel hat et nees eng Kéier gepackt.
RTL Radio Lëtzebuerg: Service Public ouni Missioun
Iwwerraschung: De Lëtzebuerger Staat bezilt RTL fir eng Radios-Chaîne ouni wierklech ze spezifiéieren, wat déi Radios-Chaîne eigentlech maache soll.
D’Géigestéck zu de staatleche Faveure wor ëmmer een Tëlees-Programm a Lëtzebuerger Sprooch. Den Tosch tëscht Regierung a RTL huet virgesinn, dass de Staat keng Taxe fir d’Benotze vu Frequenze gefrot huet an dofir RTL den „Hei Elei“-Informatiounsprogramm produzéiert an ausgestraalt huet. Bei de Verhandlunge ronderëm de Staatsvertrag 2017 gouf dunn awer eng éischte Kéier eng direkt Finanzéierung vun RTL an d’Spill bruecht. Et ass dovunner auszegoen, dass Bertelsmann (de Konzern hannert RTL an der CLT-UFA) de finanzielle Bäitrag vum Staat als Conditioun gesat huet, fir d’Tëlees-Chaîne bäizebehalen.
De Wonsch no staatleche Subside fir eng Privatfirma huet eng Rei juristesch Problemer mat sech bruecht, déi den neiste Vertrag méi oder manner elegant versicht ze ëmgoen. RTL Lëtzebuerg ass keng eegestänneg Firma, mee eng Zort Divisioun innerhalb vun der CLT-UFA, dem milliardeschwéiere Konzern. Innerhalb vun deem Gebilde ko-existéieren RTL Tëlee, Radio an NewMedia (déi digital Aktivitéite vun RTL Lëtzebuerg). Personal, Contenu an och d’Notze vu Raimlechkeeten etc. iwwerschneide sech. Wann de Staat Sue fir een Tëleesprogramm ausgi wëll, wéi kéint da séchergestallt ginn, dass net och de Radio oder den Internetsite vun RTL profitéiert? Déi brauchen nämlech weder e staatlechen Optrag nach staatlech Suen. Souwuel de Radio wéi och de Site rtl.lu si profitabel a stinn en plus nach a Konkurrenz zu anere Sender a Plattformen, déi net oder zumindest net esou vill vu staatlechen Hëllefe profitéieren. Wéi kënnen trotzdeem Sue fléissen?
En neie Service-Publics Radiosender - ouni wierklechen Optrag
De Responsabele schéngt bewosst gewiescht ze sinn, dass eng Trennung tëscht de Finanze vun Tëlee, Radio an Internet esou net méiglech ass. Dës Trennung ass nach am Staatsvertrag fir den Zäitraum vun 2021-2023 virgesi gewiescht, gouf wuel bis elo awer net iwwerpréift. Fir d’Konstrukt manner ugräifbar ze maachen ass RTL Radio an der aktueller Konventioun tëscht Staat an RTL dowéinst net just symbolesch, mee och finanziell Deel vum „Service Public“. D’konkurrenzrechtlech Bedenke ginn einfach ignoréiert. Amplaz awer a Konsequenz och RTL Radio, genee wéi der Tëlee, zumindest usazweis ee Cahier de Charges ze ginn, beschränkt sech den Deal tëscht Staat an RTL a puncto Radio ob eng DinA4-Säit mat Floskelen.
Näischt ass konkret. RTL Radio Lëtzebuerg kritt den Optrag een deegleche Radiosprogramm ze produzéieren, deen „haaptsächlech“ op Lëtzebuergesch si soll, sech awer un een „gréisst méigleche“ Public am Land riichte soll. Inhaltlech ginn et praktesch keng Virgaben. „Des émissions d’informations générales“ ginn ernimmt, déi „aux heures de grande écoute radiophonique“ ausgestrahlt gi soll - wat RTL sou zimmlech alles oppe léist. Fir d’Tëlee gouf e Volume genannt, fir Informatiouns-, Educatiouns-, Kultur- a Sportssendungen, fir de Radio gëtt et keng eenzeg wierklech strikt Virgab oder Richtlinn. Präziséiert gëtt allerdéngs ausdrécklech, dass RTL souvill Reklamme senden dierft, wéi d’Gesetz et erlaabt.
E weidere Kaddo u Bertelsmann
Zesummegefaasst muss festgestallt ginn: RTL Radio Lëtzebuerg ass elo zu vollem Ëmfank Deel vum Service Public, dat awer ouni ee bestëmmten Optrag ze hunn. RTL Radio Lëtzebuerg ka genee esou weidermaachen, wéi virdrunner - ausser dass insgesamt nach méi staatlech Sue fir RTL verfügbar sinn. De Staat huet et verpasst, RTL am Géigenzuch mat spezifesche journalistesche Contenu a Sendungen ze fuerderen a subventionéiert hei blann de Programm vun engem puere Kommerz-Sender. U sech wollt kee Mënsch, dass RTL Radio Lëtzebuerg esou een Optrag kritt, et wor awer déi pragmateschste Léisung fir der RTL Tëlee Suen zoukommen ze loossen.
An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’’Bestëmmunge fir de Volet „Digital Plattformen“ am Kontext vum Service Public. Bis elo an der Serie:
„E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
„Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
Qualitéitskontroll bei RTL?
Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?
Eng „Commission de Suivi“ ënnert der Kontroll vum Ministére
Ignoréiert RTL säi Cahier de Charge fir d’Tëlee?
Wat RTL a Goodyear Iech virenthalen
De Géigendeel vu Journalistescher Opklärungsaarbecht ass Vertuschung. Déi national Press spréngt mol nees eng Kéier engem Konzern un d’Säit, deen international an d’Schlagzeile geréit.
„Wann Innovatioun an Hightech Hand an Hand schaffen fir eng besser Effizienz“, dat ass net e Saz aus enger Goodyear Werbebrochure. Et ass de Schlusssaz vun engem RTL Reportage, deen dëse Sonnden ausgestraalt gouf. Et geet ëm Goodyear, genee gesot iwwert ëm ee Pneuen-Simulatordeen de Konzern Goodyear rezent zu Lëtzebuerg a Betrib geholl huet. Dass d’Reportagë vun RTL dacks wéi Reklamme wierken ass déi eng Saach, déi aner Saach ass, dass RTL Goodyear hei hëlleft vun engem massive Skandal ofzelenken.
Honnerten Accidenter, Dosenden Doudeger an d’Spuere féieren op Lëtzebuerg. D’Pneuefabrick vu Goodyear hei am Land steet international a besonnesch a Frankräich zanter e puer Deeg net wéinst der „gréisster Playstation“ an der Ëffentlechkeet, mee wéinst engem schockéierden Skandal, an deen och Lëtzebuerger Behörden Involvéiert sinn. Nodeems am Hierscht lescht Joer schonn eng ARTE-Doku de Fall vum Sophie Rollet behandelt huet, deem säi Mann bei engem Accident em d’Liewe koum deen eendeiteg op ee Produktiounsfeeler vun engem Pneu zeréckgeféiert gi konnt, hu sech zwou Whistleblower mat Informatiounen un d’Zeitung Le Monde gewandt. Le Monde huet iwwert déi lescht Woch eng Serie vu véier Artikele publizéiert a konnt weisen, dass ee bei Goodyear fréi vun de Problemer wosst, sech awer aus ekonomesche Grënn géint déi néideg Réckruff-Aktioun decidéiert huet. Zesummegefaasst gouf d’Enquete e.a. vu France Culture, déi vun engem globale Skandal schwätzen an dovunner, wéi eng Rei vu Komplize verhënnert hunn, dass iwwert de Fall geschwat gëtt. Et ass lo dovunner auszegoen, dass eng sëllegen Accidenter nei ënnersicht gi wäerten.
Medial Géigenoffensiv
An zu Lëtzebuerg? Punktgenau um Dag vun der éischter Publikatioun vu Le Monde invitéiert Goodyear op eng Pressekonferenz, inklusive Wirtschaftsminister Lex Delles a schéckt ee Pressecommuniqué ronderëm. Et geet net ëm d’Virwërf, net ëm de Skandal. Mee eben ëm een „Simulator“ fir Pneue virtuell ze testen, wat engem vun deene weltwäit gréissten Hiersteller vu Pneuen als Akt vun der Nohaltegkeet verkeeft. Net just RTL, mee och d’Wort an den L’essentiel beriichte mam Goodyear-Wording vun der „Playstation“.
Zu Lëtzebuerg ass et just d’Tageblatt, dat kritesch beriicht, eleng awer dem Skandal net déi néideg Opmierksamkeet gi kann, déi en zum nämmlechte Moment a Frankräich kritt. RTL ass net just dat gréisste Medium am Land, mee och dat mat der beschter Finanzéierung. Eng Redaktioun mat professionelle Journalist*innen huet d’Entscheedung getraff, net iwwert e Skandal ze beriichten, mee der medialer Géigenoffensiv vu Goodyear ënnert d’Äerm ze gräifen.
Abrëll, Abrëll: RTL awer nach an der Hand vu Bertelsmann
RTL Lëtzebuerg huet Iech dëst Joer keen Abrëllsgeck gegënnt, wuel awer RTL1.
Zwar versicht Bertelsmann schonns zanter längerer Zäit RTL Lëtzebuerg lasszeginn, mee net, wéi mir gëschter gemellt hunn, de Sender un eis ze verkafen. Bei RTL selwer gouf et dës Joer wuel näischt ze laachen. Oder louch et vläit dorunner, dass dësen éischten Abrëll op den Ufank vun der Ouschtervakanz an op e Feierdag gefall ass, dass RTL op säin traditionellen Abrëllsgeck verzicht huet?
Dobäi wor RTL dach all déi Jore besonnesch kreativ, wann et drëms gaangen ass mol een Dag laang net just Police-Rapporten ze kopéieren. Dacks huet RTL säin Abrëllsgeck mat engem Thema a Verbindung bruecht, dat eis all am meeschten um Häerze leit, dem Auto. D’N7 géif 4 Spuere kréien, d’Stoppschëlder géifen ersat ginn, d’Autoen aus engem Parkhaus géife versteet ginn an am Tunnel Stafelter géifen Tester gemaach ginn: 4 vun 8 Abrëllsgecken aus deene leschten 10 Jore waren op de wichtegste Public vun RTL cibléiert: d’Automobilist*innen. D’RTLs Abrëllsgecke funktionéiere meeschtens zimmlech gutt, wat dorunner läit, dass sech d’Aart-a-Weis wéi déi normal RTLs-Artikele geschriwwe sinn a wéi si sech verbreeden am Fong genee sou opgebaut sinn, wéi den Abrëllsgeck. Et geet dacks ëm belanglos Kuriositéiten, déi dann esou formuléiert an inzenéiert ginn, dass d’Leit aus Virwëlz drop klicke ginn, bzw. drop rafalen. Kee Wonner also, dass um RTL Facebook och dëst Joer nees ënnert all Artikel deen RTL gepost huet vu User*innen „Abrëllsgeck?“ drënner kommentéiert gouf.
Bertelsmann verkeeft RTL Lëtzebuerg un RTL Eent
Et as den Deal vum Jorhonnert: RTL1 as de Coup gelongen, RTL Lëtzebuerg opzekafen.
Nodeem den däitschen Mediegigant Bertelsmann eng éischt Offer vun 15 Mio. € refuséiert huet, gëtt d’RTL1-Famill lo endlech méi grouss - dëst fier de stolze Präis vun 23 Mio. € an enger Fläsch Wäisswäin. Fierwat genee dee Präis ausschlaggebend war, war zum RTL1 Redaktiounsschluss nach net gewosst.
Kierchenaueren ab 2025 nëmmen nach digital
RTL Eent-Informatiounen no krut RTL vum Erzbistum confirméiert, dass d’Kierchen hei am Land ab nächstem Joer op digital Aueren ëmstellen.
Dëst am Kader vun der Lutte géint de Klimachangement. Experten no soll de Bistum de Konzept vun Zäregasen falsch verstanen hun.
RTL Eent sicht en Iwwersetzer fir Policerapporten
Dir hutt Erfarung mat Google Translate? Ctrl-C Ctrl-V as an Ärem Muskelgedächtnis an dier tankt net Diesel, mee DeepL? Da liest virun!
Als dat féierend Organ fier Policerapporten zu Lëtzebuerg ass et eist Zil, dass all Persoun, déi am Grand-Duché lieft, Zougang zu den Informatiounen huet, déi se och kéint op der Websäit vun der Police fannen. Dat wär ouni fachmännesch iwwersaaten an méi oder manner gespellcheckten Kopien net méiglech - a genee dofir siche mir no ärem Profil.
Mat der rezenter Iwwernam vun RTL Lëtzebuerg ass et un der Zäit, eis digital Kopéirerekipp ze erweideren. Mir sichen no enger Persoun mat Erfarung an der digitaler Iwwersetzung, déi sech fierun allem erem commandéiren léisst, an editorial Decisiounen net a Fro stellt.
Dat kléngt no Iech? Schéckt eis Är Demande per mail.
RTL & LGBTQI+ Representatioun
Haut ass „Trans Day of Visibility“. Wat wëllen se dann elo, nach méi schlecht Representatioun?
D’Haaptsäit vun RTL verëffentlecht ëm 2 Artikel iwwer queer Themen am Joer, üblecherweis pünktlech zur Pride. Ausserhalb vun der Pride gëtt d’Thema just ugeschwat, wann et drëm geet, e Review vum neien Harry-Potter-Spill ze rechtfertegen. D’RTL1 Redaktioun huet iwwerpréift, ob dat wat RTL iwwer queer Leit beriicht, iwwerhaapt d’Wuert „Representatioun“ verdéngt huet.
Inhaltlech gesinn dës Artikelen en absolutte Minimum u Recherche a Suergfalt, a benotzen Ausdréck, déi schonn an den 90er als komplett inakzeptabel kritiséiert gi wieren. Als Beispill: en Artikel vun 2023 doriwwer, wat déi eenzel Buschtawe vun der LGBTQI+ Ofkierzung bedeiten, liest sech wéi eng iwwert de Knéi gebrachen Hausaufgab - inklusiv enger falscher Definitioun vum Terme „Intersex“.
RTL vergoogelt sech: Dëst as di richteg Definitioun… fir den Terme „non-binary“
Klischeehaft Berichter iwwer trans* Persounen
Anstatt den ILGA Guidelines fir Beriichterstattungen iwwer LGBTQI+ Persounen ze follegen, bedreiwen RTL-Journalist*innen léiwer den sou genannten „deadnaming“; d’Praxis, eng trans* Persoun mam falschen Numm unzeschwätzen, respektiv mam falschen Numm iwwer si ze berichten.
An engem Artikel iwwer d’Caroline, eng trans Fra, widderhëlt RTL ëmmer an ëmmer rëm hiren Deadname, reproduzéiert Klischeeë wéi „gebuer am falsche Kierper“, a reduzéiert si um Schluss och nach komplett op hier geschtlechtsugläichend Operatioun.
Am RTL-Archiv fënnt sech de selwechte Schema ëmmer rëm. 2021, an engem Segment an der RTL-Show „Mënschen a Geschichten“, gëtt d’trans Fra Veronica direkt mat hirem Deadname an ale Pronomen ugeschwat. Souguer an der Beschreiwung vun der Episod gëtt just den Deadname erwäänt, a wéi beim uewe genannten Artikel gëtt sech och ëmmer nees dem „gebuer am falsche Kierper“-Klischee bedéngt - hei ass et souguer den Titel vun der Episod. „U sech sidd der nach e Mann“, seet d’Reporterin zur Fra.
2020 dat nämmlecht, dës Kéier iwwer en trans Mann, de Jan. Hie gëtt bei enger OP gewisen, a wärend se dës Kéier wéinstens säi richtegen Numm an di richteg Pronomen an der Intro vum Video erwänen, gëtt en awer am Laf vum Video ëmmer nees gedeadnamed, an nees gëtt den „gebuer am falsche Kierper“ Klischee benotzt.
Trans Persounen ze „misgenderen“, also absichtlech mam falsche Geschlecht bzw mat de falsche Pronomen unzeschwätzen - sief et am direkte Gespréich oder nodréiglech an engem Voiceover - ass gewaltvoll op eng Aart a Weis, déi fir cis Persounen oft schwéier nozevollzéien ass. D’Obsessioun mat de Kierper an de Genitalie vun trans Persounen, déi an dësen Artikele kloer gëtt, ass net just verwerflech a respektlos, mee zudéifst schiedlech a kënnt der Verantwortung vu seriöe Journalist*innen a kenger Weis no. An deem Sënn erreecht RTL bei dësem Thema och d’Standarde vu sengem allgemengen etheschen a journalisteschen Niveau.
D’Journalist*innen (déi sech oft hannert dem allmächtegen Auteur „RTL“ verstoppen) sollte sech vläit schummen doriwwer, wéi se mat dësen Themen ëmginn, a sech Zäit huele fir z’iwwerdenken, ob se iwwerhaapt iwwert eppes sollte beriichten, wa se et net ouni schiedlech Stereotyppen an Onwourechte fäerdeg bréngen. Mee och dat kéint ee verallgemengeren an et géif d’RTL1 Redaktioun staark wonneren, falls kritesch Reflektioun bei RTL jee zu Staane komme sollt.
Dës fetischiséirendend a sensationaliséierend Narrativer droe bäi zu engem Ëmfeld, dat ëmmer méi feindlech géintiwwer vun trans Persoune gëtt. De lëtzebuerger Mediemonopolist dréit zu engem Klima bäi, dat Schold un dem erhéichte Suizid-Taux, Selbstverletzungen, a mentalen a physesche Problemer bei trans Persounen ass, an dëst scho vun engem jonken Alter un. Et ass offensichtlech, dass se net mol probéiert hunn, hei enger Suergfaltspflicht nozekommen, an et warscheinlech och an Zukunft net vir hunn.
Et geet och anescht
Dat alles steet a staarkem Kontrast zu RTL Today, dem engleschsproochege Site vun RTL. Hei schéngen eng oder zwou queer Persounen et fäerdeg bruecht ze hunn, sech an d’Redaktioun ze verlafen, an hu gutt recherchéiert, gutt geschriwwen, a befreiend Artikel aus der Siicht vu queere Persounen verëffentlecht. RTL1-Informatiounen no weist de richtegen RTL all Verbindung zu dësen net approuvéierten Persoune vun RTL Today of an huet vir, an de Medien, déi wierklech konsuméiert ginn, weiderhin almoudesch an transphob ze bleiwen.
Anescht wéi bei RTL üblech, gouf dësen Artikel vu Persounen aus der LGBTQI+-Communautéit verfaasst.
RTL1: den neiste Produit an der RTL Famill
De Camille Aal presentéiert wéi all Stonn ee coup de coeur, mat dem hien nëmmen entfernt finanziell Verstréckungen huet. D’Land gëtt ëmmer méi kleng, wie soll dann do schonn nach den Iwwerbléck halen?
Wousst der schonn, dass et zanter Ugangs de Joers een neie Produit aus der Famill RTL gëtt? Op dem Site rtl1.lu, fënnt een ewell den offiziellste Service Public vum eenzege Sender am Land. Service Public kënnt iech elo villäicht als Begrëff e bëssen dréchen an ofschreckend dohier, mee keng Suerg: op eisem neie Site bleift alles beim Alen. An dat heescht virun allem, dass mir eisen eegene Site notze fir Reklamm ze maachen. Fir eis selwer.
RTL1 ass sou, wéi dir et schonn ëmmer vun eis gewinnt sidd an dir fannt hei alles, wat eis iwwer Joerzéngten zu dem gemaach huet, wat mir haut sinn. Bekannt Gesiichter, vertraute Stëmmen an all eis Produiten op enger Plaz. RTL1 bitt iech nëmmen dat bescht. Och an Zukunft bleift dëse Site d’Nr. 1 fir déi ënnerhalsaamst Accidentsfoto-Kollektiounen, déi wichtegst Eventprogrammer, den informatiivsten „Journalismus” an déi beschte Reklammen aus dem Land.
RTL1: Eng grouss, lackeleg Offer
D’RTL1-Computerspill, d’RTL1 Theaterstéck, den RTL1 Radio a lo och nach den RTL1-Film? Do freet ee sech, op RTL1 da wierklech all Aspekt vun eisem Liewen hei am Land ofdeckt. D’Äntwert ass: Jo.
Laangjäreg Kollaboratioune mat de gréissten Nimm an der Lëtzebuerger Geschäftswelt garantéieren eise Clienten och an Zukunft ëmmer de beschten Accès op eis Konsumenten, deenen näischt aneres iwwereg bleift wéi RTL anzeschalten. Wat sollen se da maachen, 100komma7 lauschteren? An dësem Sënn: RTL1, nëmmen dat bescht.
Ignoréiert RTL säi Cahier de Charge fir d'Tëlee?
Am Konzessiounsvertrag mat der CLT-UFA spezifizéiert de Staat, wéi eng Programmer RTL a Contrepartie zu Milliounen u Subventiounen ze produzéieren huet.
Endlech gëtt et konkret. Am Kapitel „1.2. Engagements relatifs au service public en matière de télévision“ gëtt opgelëscht, wéi eng Inhalter RTL produzéiere muss fir der am Konzessiounsvertrag definéierter Mission de Service Public gerecht ze ginn.
D’CLT-UFA, de Konzern hannert RTL, engagéiert sech fir een „public résident le plus large possible“ unzeschwätzen, dat mat engem Programm, deen haaptsächlech op Lëtzebuergesch si soll. Deeglech soll een „Journal d’informations“ lafen. Et gëtt och eng Zort thematesch a strategesch Ausriichtung festgehalen, de Programm soll et erméiglechen d’Welt vun haut ze verstoen a spezifesch wirtschaftlech, sozial a wëssenschaftlech Theme behandelen a Froe ronderëm d’Integratioun, d’Solidaritéit an d’Gesellschaftlech Verantwortung thematiséieren.
Elementer, déi fest am Programm verankert si sollten
Een deeglechen Informatiounsprogramm vu min. 30 Minutten, deen am Laf vum Owend mat franséischen Ënnertitele rediffuséiert gi soll. De „Journal“ op RTL erfëllt dës Konditiounen net wierklech, d’Format huet éischter eng Längt vu 25 Minutten an ass vu Reklammen encadréiert fir den 30-Minutte Slot ze fëllen, heiansdo gëtt souguer nach 5 Minutten „Piccobello“ an dee Slot ragedréckt.
Eng (oder méi) Kultursendunge mat der Gesamtdauer vun enger Stonn pro Woch an dat wärend mindestens 10 Méint am Joer (fir eng Summervakanz z’erlaben). Hei liwwert RTL mam „No Art on Air“ an der just nach seelen erschéngender „Art Box“ awer maximal 30. Minutte pro Woch of, wouvunner dee gréissten Deel käschtegënschteg mat enger Talk-Ronn gefëllt ass.
Eng oder méi Sportemissiounen, och iwwert eng Dauer vun enger Stonn pro Woch. Mam „Sport Weekend“ an der Sendung „Goal“ vu jeeweils enger hallwer Stonn kënnt RTL hei usazweis senge Verflichtungen no, et däerf een sech awer froen a wéi fern Live-Iwwerdroungen als Sportemissiounen zielen.
Eng oder méi Emissiounen als Informatiounsprogramm an der Gesamtdauer vun enger Stonn pro Woch fir déi Net-Lëtzebuergesch Communautéiten hei am Land. Vun esou enger Sendung feelt am Tëleesprogramm vun RTL all Spuer. Schonn am Konzessiounsvertrag fir den Zäitraum vun 2021 bis Enn 2023 gëtt esou eng Sendung, allerdéngs an der Gesamtdauer vun 30 Minutte pro Woch, erwäänt. Produzéiert gouf awer just iwwer kuerz Zäit dat net mol 5-minuttelaangt Format „Portugais du Luxembourg“, dat 2023 all zweete Samschde gelaf ass.
Eng oder méi edukativ Sendungen. Och hei ass dem RTL Tëleesprogramm no net kloer, wéi eng vun RTL produzéiert Sendungen hei drafalen. De Verdacht kënnt op, dass RTL verschidde co-produzéiert Sendungen hei ziele loosse wéilt, z.B. d’Sendung „Pisa“ („presented by FNR“), d’Energie-Tipps (gesponsert vun der „Klima-Agence“) oder d’Sendung „Wou deet et wéi?“ (gesponsert vun den „Hôpitaux Robert Schuman“)
Donieft stinn och nach politesch Diskussiounsformater an den Oplagen, hei awer ouni e Volume ze spezifizéieren. Fir Walperiode ginn et speziell Oplage fir RTL an a verschiddenen Sonderfäll, wéi zum Beispill Katastrophen, soll d’Tëlee dem Staat zur Verfügung stoen.
D’Kapitel gëtt mat enger Rei Punkten zur Iwwerdrounegstechnik ofgeschloss. RTL kritt hei nach eng Kéier explizit d’Recht zougestane Reklammen ze senden, ass awer och dozou verflicht een Accessibilitéitsplang fir Persoune mat enger Behënnerung auszeschaffen. Fir d’Lëtzebuerger Staatsbierger*innen och ausserhalb vu Lëtzebuerg z’erreechen, verflicht sech RTL eng Iwwerdroung och per Satellit ze garantéieren.
An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’’Bestëmmunge fir de Volet „Radio“ am Kontext vum Service Public. Bis elo an der Serie:
„E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
„Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
Qualitéitskontroll bei RTL?
Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?
Eng „Commission de Suivi“ ënnert der Kontroll vum Ministére
Film "Stëmm vu Lëtzebuerg" gouf annoncéiert
„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.
Nom Website rtl1.lu an dem Theater „Ween stoppt RTL“ ass de Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ deen drëtte grousse Projet vu Richtung22 an der Serie iwwer de Mediemonopolist RTL. Nodeems d’Aarbecht vun RTL souwéi d’Strukturen an d’politesch Interessenskonflikter vun der CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL, am Fokus stoungen, geet et elo ëm d’Rôle an den Afloss, deen RTL op d’Land huet.
Et ass een Hai am Stau
Dës Nouvelle iwwerrascht: No engem Wollef am Oste vum Land an enger Kaz am Zuch bis an d’Stad gouf elo een Haifësch am Stau gemellt.
Et ass kee verfréiten Abrëllsgeck. Am Norde vum Land suergt d’Meldung, dass sech am Stauséi méiglecherweis en Hai befënnt fir Polemik an Opreegung. Entspriechend Film- a Fotoopnahmen mussen nach vun der Naturverwaltung analyséiert ginn, mee Villes deit op d’Presenz vun engem Hai, méi genee engem Carcharhinus leucas am gréisste Séi vum Land hin.
Solle mer all Observatioun, all potentielle Hai am Grand-Duché eraus ginn oder waarde mer besser of, wat sech da vläicht an nächster Zäit bestätegt? Eng Fro, op déi et keng Äntwert gëtt, déi allgemeng gëlteg ass. Also weie mer of. Den Hai-Expert vum Staat Fernand Bley recommandéiert trotz allem, de Côté scientifique net aus den Aen ze verléieren. Et sollt een och weider op alle Fall mellen, wann ee mengt, en Hai gesinn ze hunn. D’Thema „Hai“ ass e sensibelt, dat op alle Fall oppe muss diskutéiert ginn.
Weider Informatiounen ab muer op RTL1.lu an den 12.04. um 20h00 an der Abtei Neimënster.
Police refuséiert Fräibéier
D’Police war nees vill beschäftegt dëse Weekend. Ënner anerem gouf e Mann verhaft, nodeems en de Beamten eng Béchs Béier offréiert huet.
E Samschdeg de Mëtteg, kuerz no 15.00 Auer, gouf d’Police gemellt, datt en alkoholiséierte Mann e puer Passagéier an engem Bus zu Bouneweg belästegt hat. Hie gouf vun enger Policepatrull um Busarrêt opgefaang an op de Büro bruecht. Well de Mann duerch säi alkoholiséierte Staat eng Gefor fir sech selwer a fir Drëtten duerstellt, gouf hien an Transit-Arrest gesat, bis hien nüchtern ass.
Kuerz no 16 Auer gouf et gemellt, datt eng Persoun Béierfläschen aus engem Gedrénksgeschäft zu Iechternach geklaut hätt a geflücht ass. Eng Policepatrull konnt kuerz drop de presuméierten Täter op der Busgare identifizéieren. Déi selwecht Persoun gouf fir déi néideg offiziell Akten op de Büro geholl an eng Plainte gouf géint hie gemaach. Well hien an engem gedronkem Zoustand war, gouf hien an Transitverhaftung gesat, bis hien nüchtern ass.
De Samschdeg de spéiden Nomëtteg gouf et gemellt, datt op der Perron op der Beetebuerger Gare en alkoholiséierte Mann amgaang ass. Wéi d’Eisebunnspersonal him säi Verhalen op der Plattform bewosst gemaach huet, koum et zu engem Sträit, wou d’CFL-Mataarbechter physesch attackéiert goufen. Den Troubleier huet dunn d’Statiounsraim verlooss, gouf awer kuerz drop vun enger Policepatrull konfrontéiert. Den Tëschefall gouf opgeholl.
Um Samschdeg den Owend fréi huet eng Policepatrouillen an der Gare an der Haaptstad an der rue du Fort Wedell e puer Leit bewosst, déi selbstverständlech eng haart Sträit haten. Wéi d’Beamten opgehalen hunn, fir d’Situatioun ze klären, huet ee vun de Leit eng voll Béierdous géint d’Passagéiersäit vum Firmenauto geheit. Wouropshin d’Polizisten d’Rechnung iwwerholl hunn an de sichtbar gedronken Mann fir weider offiziell Affären op de Büro bruecht hunn. D’Kontrollen hu gewisen, datt d’Persoun un d’Affekote gezeechent gouf. Hie gouf an Transit-Haft gesat, bis hien nüchtern ass an no Konsultatioun mam zoustännegen Departement vum Ausseministère an den Haftzentrum (Centre de Rétention) bruecht ginn.
Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?
Maacht de Verglach:
De Police-Rapport
D’Versioun vun RTL.lu
Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.
"Dir gitt ënner!!"
Wien als Journalist hei am Land seng Aarbecht maache wëll, brauch dacks vill Gedold an eng héich Frustratiounstoleranz. Wou ass de néidege Respekt fir dëse schwierege Beruff freet sech d’Nicole Morue vun RTL Eent an hirem Commentaire.
Et kann ee jo bekanntlech iwwer alles diskutéieren, also och iwwer d’Aarbecht vun der Press. Wat hunn ech mir net schonn alles un de Kapp geheie gelooss. D’Press géif just nach Inbox-Journalismus bedreiwen a Communiquén kopéieren. Mir géifen eis gutt halen, mat deene Räichen a Mächtegen an hätte souwisou just d’Klicks an d’Geschäfter mat de Reklammen am Bléck. Fir déi haart Realitéit am Beruff vun engem, dee beim gréisste Medium am Land schafft schéngt, sech kee Mënsch z’interesséieren.
Jo, ech hu mir dat alles och ganz anescht virgestallt. Géi bei RTL, hu se mer gesot, do kanns de eppes maachen. Wanns de bei deenen op der Antenn eppes sees, dann héieren dech d’Leit - sou huet et geheescht. Jo, ech wor och mol jonk an hat och mol Idealer. An jo, ech haasse mëttlerweil näischt méi wéi Leit, déi nach net op mengem Niveau vu Fatalismus an Nihilismus ukomm sinn. Mee et geet lo och drëms e bëssi realistesch ze sinn. Et ännert een dat gréisste Medium vum Land eben net vun haut op muer. A wou sollt ech da soss higoen? Ech hunn och ee Prêt zeréckzebezuelen, och eng Famill, och ee gewësse Confort a mengem Liewen.
Mir Journalist*inne sinn eben och just Mënschen. Mënschen déi heiansdo och mol een no engem Theaterstéck iwwert den Duuscht drénken an dann d’Kontroll iwwert eist Liewe verléieren. Mënsche mat Emotiounen, Meenungen a mat Feeler. Feeler, déi een awer an de Kontext setze muss. Ech géif jo ni behaapten, dass bei eis, bei RTL Eent, alles an der Rei wier. Mee misst ech elo, just well ech Journalistin sinn, mengem Chef d’Tiräng duerchwulle goen? Just fir do d’Verontreiung a Milliounenhéicht opzedecken? Misst ech lo d’Aarbecht vu menge Koleeg*innen duerch den Dreck zéien, just well verschidde „Reegelen“ a „Gesetzer“ net agehale ginn? Weem géif dat dann eppes bréngen? Wien mengt e kéint d’Welt änneren, dee soll dach emol bei sech selwer ufänken.
Mir hunn am Land eng zoustänneg Institutioun, dat ass de Presserot. De Presserot huet en Deontologies-Kodex a ganz vill verschidde Kommissiounen. Mir hunn hei am Land eng ALIA, also eng Medienopsiicht, déi all d’Méiglechkeeten huet eis op d’Fanger ze klappen, falls et da wierklech esou schlëmm wier, wéi behaapt gëtt. A mir hunn hei am Land eng Politik, déi souwisou schlussendlech ze bestëmmen huet op si sech veraarsche léisst oder net. Firwat soll ech mir dann elo eng siche goen.
Eng "Commission de Suivi" ënnert der Kontroll vum Ministére
Wien kontrolléiert eigentlech, ob de Konzessiounsvertrag agehale gëtt? E Bléck an der Vertrag weist, dass eng wierklech Kontroll vun der CLT-UFA ënnerbonne gi kann.
„Une commission de suivi de la Convention suit la bonne exécution de la Convention relative à la mission de service public“ heescht et um Ufank vum Kapitel iwwert déi zousätzlech staatlech Kontrollinstanz. Zesummegesat ass dës Kommissioun aus der Regierungskommissärin, aktuell der Anne-Catherine Ries; enger Persoun, déi d’Parlament vertrëtt, dat ass de Moment den Tom Weidig (ADR); an donieft enger net präziséierter Unzuel u Persounen, déi vum Medieminister Luc Frieden, bzw. der delegéierter Medieministesch Elisabeth Margue designéiert gi géifen. Wien dat ass, ass net bekannt - woubäi keng vun dëse Persounen ee geschäftleche Lien zur CLT-UFA däerf hunn.
Mindestens zwee mol d’Joer trëfft sech dës Kommissioun a schafft e Rapport fir de Minister / d’Ministesch aus. Falls d’Kommissioun ee Problem feststelle sollt, mellt si dat dem Minister / der Ministesch. Bis op eng Persoun aus dem Parlament, déi en plus no baussen net iwwer dat kommunizéieren däerf, wat an der Kommissioun beschwat gëtt, läit also déi gesamt Kontroll am Ministère. A wéi fern d’Medienopsiicht ALIA d’Anhale vun allen Deeler vun der Konventioun iwwerpréiwen däerf oder och zum Beispill d’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber Zougrëff op Bilanen a Budgeten huet ass onkloer. Obwuel et ëm een „Service Public“ geet, gëllt maximal Intransparenz.
International Standarden
Am Prinzip kéint d’Kommissioun RTL sou richteg op den Zant fillen. D’Konte kéinte bis an den Detail gekuckt ginn, d’Programmer vun RTL kéinten ënnersicht an „actions mises en oeuvre par CLT-UFA pour garantir la qualité des programmes“ evaluéiert ginn. D’Kommissioun kéint dem Vertrag no souguer Studien iwwer d’Qualitéit an iwwer d’Formatiounsprogrammer fir Journalist*innen maache loossen. Déi Studien, sou betount de Vertrag et zwee mol hannerteneen, missten awer internationalen Standards entspriechen - Standards déi dem Vertrag no iwweregens net fir d’Qualitéit vum Programm selwer festgehale goufen.
Allerdéngs soll den Audit, deen eng Berodungsfirma vun de Konte vun der CLT-UFA maache soll den internationale Standarden entspriechen. Dass dës agehale gi kéinte bezweifelt d’KPMG bei engem provisoreschen Check 2017. Am Kapitel „Transparence financière“ geet et nach eng Kéier ëm d’Commission de suivi. Hei gëtt gekläert, wéi eng Dokumenter d’Kommissioun dann elo schlussendlech kritt, fir hier Aufgab z’erfëllen. D’CLT-UFA muss (1) ee budget prévisionnel fir säi Service Public virleeën, an  (2) een nach onkontrolléierten Décompte vum ofgeschlossene Geschäftsjoer. Dësen Décompte leet d’Kommissioun dann enger Berodungsfirma, z.B. der KPMG, vir.
Transparenz schafen?
Schlussendlech läit et eenzeg an eleng beim Ministère, wéi effektiv d’Kontroll vun der CLT-UFA hirem Service Public an hire Konten ass. Firwat d’Konte vum ëffentleche Medienoptrag net ëffentlech sinn, firwat net zumindest d’Rapporte vun der Kommissioun un de Ministère publizéiert ginn ass onkloer. An anere Länner (Beispill RTBF oder D-Radio) ass d’Transparenz vun de Finanzen d’Basis fir Vertrauen an d’Medien ze stäerken. Et ass d’Fro wéi laang d’Chamber, d’Medienopsiicht ALIA a weider Institutiounen zu Lëtzebuerg mee och d’EU Kommissioun, déi d’Anhale vum Konkurrenzrecht iwwerpréift, sech dëst Spill gefale loossen.
An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’’Bestëmmunge fir de Volet „Televisioun“ am Kontext vum Service Public. Bis elo an der Serie:
„E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
„Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
Qualitéitskontroll bei RTL?
Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?
De groussen Iwwerbléck: Wéi vill LSAP stécht an RTL — an ëmgedréint?
Eng Iwwersiicht mat den involvéierte Persounen an ee Bléck op eng Geschicht voller Widderspréch.
D’RTL-Parteie sinn historesch gesinn d’CSV an d’DP, hei gouf et net just déi séier Wiessel vu Journalist*innen an d’Politik, mee och déi grouss Verstréckunge vu Minister*innen an EU-Politiker*innen an d’Firmepolitik vun der CLT-UFA. Mee wéi gesäit et da mat der LSAP aus, der drëtter grousser Partei zu Lëtzebuerg?
Den 9ten Januar dëst Joer huet déi nei delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue (CSV) de Volet Medie vum Koalitiouns-Accord an der Chamberskommissioun fir Medie präsentéiert. D’Taina Bofferding, elo Fraktiouns-Cheffin vun der LSAP an domat Oppositiounsleaderin, ergräift am Uschloss d’Wuert a fuerdert méiglechst séier mat den Diskussiounen unzefänken, ob d’Ofhängegkeet vun enger privater Entreprise fir d’Mission de Service Public bei de Medie gebrach gi sollt. D’A-Fro-Stellen vum Vertrag tëscht Staat an CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg, huet bei der LSAP duerchaus Traditioun an ass an der Linn mam LSAP Walprogramm, deen d’Kreatioun vun engem neien ëffentlech-rechtleche Medium zu Lëtzebuerg virgesäit.
Vun RTL bei d’LSAP
Dass d’LSAP vun 2004 un a bis zur leschter Wal mat an der Regierung souz an insgesamt op dräi Verträg tëscht Staat an CLT-UFA hätt e wesentlech méi groussen Afloss huele kënnen, ass Geschicht. Och schéngt et net ze stéieren, dass d’Taina Bofferding, déi hei an der Chamberskommissioun iwwer d’CLT-UFA schwätzt, selwer als LSAP Fraktiouns-Cheffin am CLT-UFA Verwaltungsrot sëtzt. En offensichtlechen Interessekonflikt. Nieft hier an der Mediekommissioun sëtzt fir d’LSAP och d’Francine Closener. D’Francine Closener huet 1994 ugefaange fir RTL ze schaffen, als Journalistin fir RTL Radio Lëtzebuerg. 2008 ass si du Chefredaktesch vum Radio ginn, ier se 2010 bei d’RTL Tëlee gewiesselt ass. 2013 trëtt si bei de Chamberswalen da fir d’LSAP un, verpasst zwar de Sprong an d’Parlament, mee gëtt vum Etienne Schneider als Staatssekretärin mat an d’Regierung geholl. Bei de Walen 2018, bei der och d’RTL Moderatrice Sandy Lahure fir d’LSAP untrëtt, verpasst d’Francine Closener nees de Sprong an d’Parlament, mee kann 2019 noréckelen a sëtzt zanterdeem fir d’LSAP ë.a. an der Mediekommissioun. Mat hierem Walresultat 2018 ass d’Francine Closener iwweregens virun eng weider Ex-RTL-Journalistin op der LSAP Lëscht gerutscht, d’Cécile Hemmen.
D’Cécile Hemmen huet 1978 ugefaange fir d’RTL Virgängerin CLT ze schaffen a wor 2009 eng éischte Kéier fir d’LSAP mat an d’Wale gaangen. An hirer politescher Karriär wor si och Buergermeeschtesch an LSAP Bezierkspresidentin am Zentrum. Déi rezentst RTL Mataarbechterin an de Reie vun der LSAP ass d’Danielle Filbig. Si ass Spëtzekandidatin fir déi kommend Europawalen an hirem eegene LinkedIn Profil no nach ëmmer Korrespondentin vun RTL. Wahrscheinlech schafft d’Danielle Filbig an Tëschenzäit net méi wierklech fir RTL, Korrespondentin wor si parallel zu hirem Studium. Mee hire Start an d’Politik kann awer nach gutt iwwer de Site vun RTL novollzu ginn. Am Juli 2022 beriicht d’Danielle Filbig fir RTL vun der 120-Joer Feier vun der LSAP zu Esch.
D’LSAP kuckt no
Trotz de personellen Iwwerschneidungen an Interessekonflikter an och der joerzéngtelaanger Präsenz vun der LSAP am CLT-UFA Verwaltungsrot ass d’LSAP ni zu enger mat der DP oder der CSV vergläichbarer RTL-Partei ginn. D’Mediepolitik vun der LSAP u sech ass net op d’Interesse vun de Privatmedien ausgeriicht, d’LSAP muss sech awer de Virworf vun der Inkonsequenz a virun allem der Passivitéit virwerfe loossen. D’Mediepolitik gouf iwwer Joren dem jeeweilege Koalitiounspartner iwwerlooss. D’LSAP huet de Jean-Louis Schiltz (CSV) an och d’Viviane Reding (CSV) gewäerde gelooss a spéider net sou genee higekuckt wou de Xavier Bettel (DP) als Medieminister zesumme mam Paul Konsbrück déi nei Deals ausgeschafft huet. De Poste vun dem/der Parlamentsvertrieder*in an der „Commission de Suivi“, déi d’CLT-UFA kontrolléiere soll, gouf éischt nach an der Regierungsverantwortung deene Gréngen an dann elo an der Oppositioun souguer der ADR offréiert.
E Visionär vun den ëffentlech-rechtleche Medie geréit a Vergiessenheet
Dobäi wor et grad d’LSAP, déi an den 80ger an 90er Jore fir eng Alternativ zum Monopol vun der kommerzieller Tëlee gekämpft hunn an d’Medien net dem Reklammsmarché iwwerloosse wollten. Informatioun a Bildung, Kultur an d’Stäerke vum Austausch an der Demokratie: ëffentlech-rechtlech Medie waren een zentraalt Element fir d’Sozialdemokratie, dat et ze verdeedegen - an zu Lëtzebuerg iwwerhaapt emol anzeféiere golt. De Kampf gouf a villen Länner an och op europäeschem Level gefouert, wou d’Lëtzebuerger Thorn (DP), Flesch (DP) Dondelinger a Santer (CSV) am Zäitgeescht vun der maximaler Privatiséierung sech géint verschidde mëtt-lénkse Verfechter vun ëffentlech-rechtleche Medie gréisstendeels duerchgesat hunn. Zu Lëtzebuerg huet de Robert Krieps, eemolege Justizminister an an den 80er Kulturminister a Spëtzemann vun der LSAP offensiv fir d’Schafe vun ëffentlech-rechtleche Medie plädéiert. Als eng Zort Kompromëssléisung ass de Radio 100komma7 entstanen, allerdéngs nom Dout vum Robert Krieps 1990.
Spéitstens Enn vun den 90er Joren si vill Sozialdemokrat*innen uechtert d’Welt zu enger méi wirtschaftsliberaler Politik iwwergaangen, a Lëtzebuerg wor hei keng Ausnam. Mat Bléck an de Walprogramm vun 2004 ass festzestellen, dass d’LSAP d’Iddie vum Robert Krieps ecartéiert hat an d’Sozialist*innen insgesamt net vill zur Mediepolitik ze soen haten. Et heescht: „Im Hinblick auf die wirtschaftliche Dimension des Kultur- und  Medienbereichs sollten in Management- und Finanzierungsfragen Partnerschaften zwischen öffentlichen Institutionen, Betrieben und privaten Initiativen aktiv gefördert werden“. Kee Wonner also, dass d’LSAP éischt der CSV an duerno der DP komplett den Terrain vun der Mediepolitik iwwerlooss huet.
Back to the roots?
Zumindest programmatesch huet d’LSAP an deene leschte Jore Schrëtt fir Schrëtt nees zeréck bei seng Wuerzele fonnt. Bis bei d’Walen 2018 huet et gedauert, bis d’LSAP nees wierklech e Kapitel zur Mediepolitik am Walprogramm hat an hei och d’Aféierung vun enger ëffentlech-rechtlecher Tëlee gefuerdert huet. Obwuel och déi Gréng an hirem Walprogramm 2018 zumindest „die Schaffung eines öffentlich-rechtlichen Fernsehprogramms prüfen“ wollten, an sech doriwwer raus fir ëffentlech-rechtlech Medien um europäeschen Niveau asetze léisst een d’DP beim Ausschaffe vum Staatsvertrag, deen elo ab dem 1. Januar dëst Joer a Kraaft getrueden ass an der CLT-UFA pro Joer bis zu 15 Milliounen € zougesteet, gewäerden.
D’Diskussioune ronderëm d’Zukunft vun dem Staatsvertrag mat der CLT-UFA stinn, wéi jo och d’Taina Boffrding et an der Mediekommissioun ze bedenke ginn huet, geschwënn nees virun enger neier Phase. Nach an dëser Legislaturperiod wäert ee Plang ausgeschafft gi mussen, wéi et no 2030 weidergoe soll. D’LSAP wäert déi Diskussiounen elo vun der Oppositiounsbänk aus begleede mussen, vläit awer grad dowéinst souguer mat méi Impakt, wéi zu Regierungszäiten.