Photo: Jwh (CC BY-SA 3.0 LU)

Mat der enger Firma heeschen, mat der anerer d’Profitter astiechen: Esou einfach sinn d’Tricks vun eisem Service Public.

D’CLT-UFA, d’Firma hannert RTL Lëtzebuerg, huet nawell vill Kanner. Dobäi gehéieren d’Publicitéitsboite IP, d’ENEX, Media Assurances an, nieft e puer weidere Firmen, och d’BCE: d’Broadcasting Center Europe. Dës Firma, déi am Fong fir all déi technesch Aufgaben zoustänneg ass, huet zanter neistem och eng aner, méi problematesch Aufgab. Si soll staatlech Subsiden als eegene Profit deklaréieren an u Bertelsmann weiderleeden.

D’BCE an RTL Lëtzebuerg sinn eng Eenheet

Hei kennt een d’BCE wéinst den Antennen zu Jonglënster an hir Zesummenaarbecht mat RTL Lëtzebuerg. Mee d’BCE ass net just eng kleng Techniks-Boîte zu Lëtzebuerg, et ass ee vun de wichtegsten Netzwierk- an Iwwerdroungskonzerner an Europa. D’BCE ass och direkt ugeschloss un aner Chainen vun der RTL Group. An zousätzlech zum Haaptsiège zu Lëtzebuerg huet d’BCE Sëtzer a Frankräich an Däitschland. Et ass ee Konzern, deen aggressiv seng Marchéspositioun verdeedegt, z.B. duerch den Opkaf vu Konkurrenz.

D’Aktivitéite vum Grupp konzentréiere sech allerdéngs op Lëtzebuerg. Ouni d’BCE ass de Betrib vun RTL Lëtzebuerg net méiglech. D’BCE ass zum Beispill den Host vum Site RTL.lu an ass zoustänneg fir d’Studio- an Iwwerdroungstechnik. Dass RTL Lëtzebuerg an d’BCE eng Zort Unitéit sinn, weist sech och um Personal. Zanter 2021 ass den CEO vun RTL Lëtzebuerg och de Chef vun der BCE, an de Finanzdirekter vun der BCE och elo de Finanzdirekter vun RTL Lëtzebuerg (Quell). Een Ëmstand, dee sech nach als immens nëtzlech sollt erweisen.

De Staat passt op, dass d’BCE gutt versuergt ass

Wéi RTL ëmmer gäre beriicht, ass seng Schwëster BCE awer net just fir den RTL-Programm, mee och fir all aner Iwwerdroung am Land sur place. De Monopolist erleedegt och all weideren Optrag vum Staat. Sou leeft „Chamber TV“ just mat der Hëllef vun der BCE. Éischt 2018 gouf de komplette Set-up vu Chamber TV, Chamber Aktuell an och der Iwwerdoungstechnik am Parlament erneiert. Beim Staatsbegriefnis vum Grand-Duc Jean ass et d’BCE, déi d’Biller „an déi ganz Welt“ iwwerdréit an d’BCE ass och Premiumpartner vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an schreift iwwer des Zesummenaarbecht souguer am Joresrapport fir 2022 dass se gehollef hätt, d’Positioun vun der BCE „in online video platform“ ze stäerken. Gär geschitt.

Och, wann et ëm anerer vun hire Geschäftsberäicher geet, kritt de Monopolist vill ëffentlech Opträg. Zum Beispill sollt d’BCE déi nei DAB+ Technologie testen, déi déi klassesch, analog Radiosfrequenzen ersetze sollen. Hei waart an der Zukunft een immens lukratiivt Geschäft op d’BCE: Och déi Radiossender, déi net zu RTL gehéieren, wäerte vun der BCE ofhängeg sinn. Bei der staatlech gefërderter „Lu-CIX“ Initiative ass d’BCE och mat dobäi, an dat mat hierem risegen Datenzentrum um Kierchbierg. Souguer op Staatsvisitte kënnt d’BCE mat, fir dass se, ënnerstëtzt vum Staats- a vum Wirtschaftsminister, nei Marchéen z.B. am Ruanda erschléisse kënnen. De Staat këmmert sech also gutt ëm dës Firma - an dat net just mat gudden Opträg an dem Abannen an national Strategien, mee an der Vergaangenheet och ganz direkt mat engem Subside, deen am Fong RTL Tëlee zegutt komme sollt.

Suen aus der Staatskeess

Mam „Subside à la société BCE (Broadcasting Center Europe S.A.) pour contribution aux frais d’exploitation en vue d’assurer le maintien des infrastructures essentielles de télévision“ huet de Staat nach 2019, dem Joer wou d’BCE den europäeschen Konkurrent „Freecaster“ iwwerholl huet, 1.2 Mio Euro un d’BCE transferéiert. Fir 2020 waren et der ëmmerhin nach 700.000 Euro. Fir 2021 wor dann awer Schluss mat deem Subside, dee Moment huet de Staat jo ugefaange Milliounen direkt un RTL Lëtzebuerg fléissen ze loossen - dat war natierlech deen nach vill besseren Deal, net just fir RTL Lëtzebuerg, mee och fir d’BCE, wéi sech erausstellt.

Vis-à-vis vun der Regierung huet RTL Lëtzebuerg net laang jéimere misse fir u Sue fir deen esou schrecklech onrentabelen Tëlees-Programm ze kommen. Dass dee guer net onrentabel ass, ass nach eng aner Geschicht. De Staatsportmonni geet also vum 1.01.2021 u grouss op. A lo stellt sech d’Fro: u wien fléissen d’Suen da genee. Dass RTL Lëtzebuerg keng eegestänneg Firma ass, d’BCE awer schonn, léisst déi Responsabel kreativ ginn. Béid Strukture co-existéieren innerhalb vum Konzern CLT-UFA. Mee d’Bereetschaft vum Staat just den Defizit vun der RTL Tëlee Lëtzebuerg auszegläichen heescht jo näischt Aneschtes, wéi dass d’BCE am selwechte Moment Gewënner maachen a behalen, respektiv u Bertelsmann weiderreeche kann. Mat e bësse krimineller Energie kënnt ee séier drop, wat den nächste Schrëtt vun der CLT-UFA beim Start vum neie Staatsvertrag war.

BCE mécht elo Millioune Profitter

Geheimhalen muss een esou eppes zu Lëtzebuerg net, well wie géif sech hei am Land schonn trauen, eppes géint RTL ze soen? Kucke mer also an de Geschäftsbilan vun der BCE vum Joer 2021 an erënneren eis un dräi wichteg Informatiounen. Mir erënneren eis, dass 2021 den direkte Subside fir déi national Tëlee, deen un d’BCE gefloss ass, agestallt gouf, also keng 700.000 Euro méi fir d’BCE 2021. Mir erënneren eis drun, dass 2021 awer och dat éischt Joer ass, wou RTL Lëtzebuerg Millioune vum Staat direkt iwwerwise krut, fir genee ze sinn 9.515.492 Euro. Mir erënneren eis drëttens dorunner, dass fir 2021 sech d’Personal un der Spëtzt vun RTL Lëtzebuerg an der BCE verännert huet, sou dass béid Strukturen elo deen selwechte CEO an de selwechte Finanzdirekter hunn.

Nach 2020 hat d’BCE, déi een Ëmsaz vun ca. 40 Mio. Euro am Joer mécht, e Verloscht vun 1,2 Mio. Euro ze verzeechnen (Verglach: 2019 Verloscht vun 2 Mio €, 2018 Verloscht vun 1 Mio. Euro) . 2021 steet dann awer ee Gewënn vun 2 Mio Euro ënnert dem Stréch. Zauberei? Nee, wéi d’Direktere vun der BCE déi och RTL Lëtzebuerg-Direktere sinn erklären: „The increase in turnover is mainly explained by […] the increase of services invoiced to RTL Lëtzebuerg following the change in the financing of Luxembourg public television“.

An der Praxis heescht dat, dass d’BCE innerhalb vun der CLT-UFA elo op ee mol deier Rechnungen un déi staatlech finanzéiert Programmdeeler stellt. Milliounen, déi de Staat an RTL Lëtzebuerg stécht, gi vun BCE an der Praxis awer guer net agesat, mee fléissen op direktem Wee als Benefice an d’Täsche vun der milliardeschwéierer CLT-UFA.