Photo: fs999

Mat wiem gouf de Vertrag, iwwert deen Milliounen un Hëllefsgelder vum Lëtzebuerger Staat fléissen, eigentlech ofgeschloss?

Dir kennt d’Gefill: Dir wëllt am Restaurant eng Pizza bestellen, är Liblingspizza, am Fong déi eenzeg Pizza déi Dir schonns zanter ëmmer iesst. Dir hudd d’Bild vun der Pizza schonn virun den Aen, de Geroch schonn an der Nues an de Geschmack am Mond - sou dacks hudd Dir dës Pizza scho giess. Well Dir waarde musst, kuckt Dir op d’Kaart vum Restaurant a stellt fest: Se steet néierens, et gëtt déi Pizza guer net.

Genee sou geet et zanter Joeren deene Leit, déi eppes méi iwwer den Traditiounsbetrib „RTL Lëtzebuerg“ gewuer gi wéilten. Dës Mark ass iwwerall präsent: se gëtt um Radio genannt, se ass um Social Media vertrueden, se hält Copyrights u Fotoen a se huet am Paperjam-Annuaire souguer een eegenen CEO. Kuckt een dann awer am offiziellen Handelsregëster no, ass RTL Lëtzebuerg net ze fannen. Komesch. Sou geet et iwweregens och deene Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg, déi versichen op Linked-In hiren Employeur unzeginn. D’Jenny Fischbach zum Beispill, schafft anscheinend zu Neuilly-sur-Seine beim franséischen RTL.

Am Telefonsbuch kënnt een der Saach op d’Spuer. Hannert RTL Lëtzebuerg steet a Klammeren „CLT UfA S.A.“ D’CLT-UfA ass een internationale Konzern iwwert deem „RTL Group“ steet. Weider d’Leeder erop ass een da bei „Bertelsmann SE & Co. KGaA“. An déi aner Richtung stéisst een och op weider Firme-Nimm, ënnert der CLT-UfA stinn eng Hellewull u Sous-Firmen. Nieft auslännesche Branchë sinn och därer dobäi, déi hei am Land bekannt sinn. Zum Beispill wier do IP Lëtzebuerg oder d’BCE, déi all zur CLT-UfA gehéieren oder, wéi d’ENEX, zumindest deelweis der CLT-UfA gehéieren. Allerdéngs ass RTL Lëtzebuerg och hei net dobäi. Et gëtt deemno keng eegestänneg Firma hannert dem gréisste Medium vum Land. Wien hätt dat geduecht.

Et stellt sech elo natirlech d’Fro, mat wiem de Vertrag, iwwert deen Milliounen un Hëllefsgelder vum Lëtzebuerger Staat fléissen, eigentlech ofgeschloss gouf. Jo wuel och mat CLT-UfA, engem Konzern, deen de Moment 5 Milliarden-Ëmsaz am Joer mécht. Effektiv ass dat sou. Ënnerschriwwen huet de Vertrag net RTL Lëtzebuerg, mee d’CLT-UfA a souguer RTL Group. De Lëtzebuerger Staat gläicht also engem Konzern ee Milliounen-Defizit aus, deen iwwert eng Milliard Profit am Joer mécht.

RTL Tëlee Lëtzebuerg, RTL Radio Lëtzebuerg an RTL NewMedia Luxembourg sinn deemno beschtefalls eppes ewéi kleng, lasse Produktiouns-Divisiounen bannent engem grousse Konzern. Et iwwerschneide sech souwuel d’Personalstruktur, d’Finanzen, déi genotzten Infrastruktur souwéi vill weider Elementer a souguer Inhalter mat aneren Deeler vun der CLT-UfA. Et ass also och hei net kloer festzestellen, wat a wien RTL Lëtzebuerg ass.

Fir also un eis Ufanksmetapher unzeschléissen: De Staat huet d’Dieren um Kierchbierg opgerappt, Geld erageschëppt an hofft, dass et schonn iergendwéi iergendwou verbrannt gëtt fir dass eis Liblingspizza, RTL Lëtzebuerg, gebak gi kann.