Photo: Peter Linke

Den 01.01.2021 wor et esouwäit, deen neie Vertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem milliardeschwéiere Konzern CLT-UfA/RTL Group ass ugelaf.

Déi éischte Kéier léisst de Staat Suen direkt an d’Medienaarbecht fléissen. Mat bis zu 10 Mio. Euro d’Joer spréngt de Staat erbäi, fir een Defizit auszegläichen, sou huet et deemools aus Regierungskreesser geheescht. Wou deen Defizit hierkënnt wor net esou kloer. Mee wann et ëm déi eenzeg Tëlee hei am Land geet, dréckt een och mol dat zweet Aen zou.

Fir dann och weider onnéideg Debatten ze ëmgoen, gouf amplaz deene soss üblechen 10 oder 15 Joer Lafzäit vum Vertrag tëscht Staat an CLT-UfA dës Kéier eng Dauer vun 3 Joer rausgesicht. Dëst erméiglecht et dem deemolegen Medienminister Xavier Bettel der Chamber kee Finanzéierungsgesetz virleeën ze mussen. Domadder kënnt een och allzegrouss Transparenz-Wënsch aus de Féiss. Iwwerpréift ginn d’RTL-Finanzen dann och éischter net ganz esou genau. RTL Lëtzebuerg huet am Fong keen eegene Bilan. D’Personal, d’Infrastruktur, d’Equipement an eben och d’Aarbecht vu Radio, Tëlee, Internet mee och vun den CLT-UfA Duechteren IP, ENEX an BCE gi wëll vermëscht. Kloer getrennt sinn am Fong duerno just d’Profitter an d’Verloschter. D’Profitter ginn un RTL Group an d’Verloschter un de Lëtzebuerger Staat fir ausgeglach ze ginn.

Ganz esou nei wéi behaapt ass déi staatlech Subventionéierung vun der CLT-UFA, also dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg, dann och erëm net, schliisslech goufe schonn iwwer laang Joeren bis zu 950.000€ d’Joer un BCE ausgeschott. Allerdéngs wor mat dësem Subside dann och virun 3 Joer Schluss - et wollt ee jo awer net iwwerdreiwen.