Photo: Bertelsmann

Den Thomas Rabe ass de CEO vu Bertelsmann. Och RTL Lëtzebuerg ass him ënnerdoen – an dat huet Follgen. E spannend Liewe vum Punkrocker zum Blutteegel.

Hien ass e Lëtzebuerger Jong: Den Thomas Rabe gouf 1965 hei am Land gebuer. Et war nëmme logesch, dass hien, och als Däitschen, spéider als Finanzvirstand fir d’RTL Group zréck op Lëtzebuerg koum, zumindest fir eng kuerz Zäit. A Grousses vollbruecht huet.

Mee fänke mer vir un. Ëm den Här Rabe ginn et vill Legenden. Hien soll mol Bassist vun enger Punkband gewiescht sinn. An an der FAZ trëtt hien op wéi e Sportler aus engem Riefenstahl-Epos: „Rabe isst am liebsten gar nichts. Asketen sind Fanatiker. Sie quälen ihre Knochen, wenn es dem Ziel dient, sie halten eisern Disziplin.“

Mee eigentlech quäält den Thomas Rabe léiwer aner Leit. 1991 huet e bei der Treuhandanstalt geschafft: Do privatiséiert a verramscht een alles, wat et an der fréierer DDR sou un Infrastrukturen a Betriber gouf. Milliounen Ostdäitscher huet dat an de Chômage gedriwwen a schliesslech an d’Äerm vun de Rietsextremen. Westdäitscher allerdéngs konnten sech bei dësem Geschäft d’Täsche fëllen – ënnert anerem duerch Verontreiung, Bedruch a Bilansfälschung. Ob den Thomas Rabe u sou sou eppes bedeelegt war, ass net am Detail iwwerliwwert. Dass e sech d’Täsche vollgemaach huet, ass unzehuelen.

Mat dësem Karrièresstart an sou sëllegen aneren Tëschestatiounen huet de Rabe sech beschtens fir héich Poste bei RTL a Bertelsmann qualifizéiert. Do ass et nämlech schonns ëmmer em ganz änlech Prinziper gaang: Ëffentlech Strukture privatiséieren an se der Profitlogik ënnerwerfen, Salariéë massenhaft entloossen, Rendementen nëmme fir Chefetagen, a schliisslech: Entreprisë fusionéieren, fir allmächteg Monopoler opzebauen.

Kaum war de Rabe vum Finanzvirstand vun der RTL Group zum CEO vun der Iwwerfirma Bertelsmann ropgeklommen, ass et lass gaang mam Fusionéieren: Déi engleschsproocheg Editiounshaiser Penguin a Random House goufen ënnert Bertelsmann fusionéiert a verschlongen, woubäi dee gréisste Bicherverlag vun der Welt entstan ass. Firwat ass dat gutt? Nieft de ville Suen, déi domat entstinn, ass net ze vergiessen: Wat e Verlag méi grouss ass, wat et méi einfach fir en ass, méi kleng Editiounshaiser einfach platt ze maachen.

Sou änlech ass et och beim RTL Group gelaf – och eng Geschäftschaîne vu Bertelsmann. An Däitschland huet d’Groussentreprise d’Verlagsgrupp Gruner+Jahr verschléckt. Wat de Cheffe Profit bréngt, ass och gutt fir d’Gesellschaft: Honnerte Salariéen hunn hir Aarbecht verluer, multipel Zeitunge goufe komplett suppriméiert. Wonnerbar Aussiichten.

A wat ass elo mat RTL Lëtzebuerg? Dësem butzegklengen Deel vun der RTL Group, dëser winzeger Spläiter am Medienimperium Bertelsmann? An dëser gigantescher Struktur ass RTL Lëtzebuerg verständlecherweis fir t’éischt emol komplett onwichteg. Mee den Thomas Rabe wier net CEO, wann en net aus all Geleeënheet nach e bëssi méi Goss erauspresse wéilt. An dofir huet en zu Lëtzebuerg dann och direkt e ganze Koup u nëtzlechen Idiote fonnt. Lëtzebuerg, dat war en Experiment. Hei gouf d’Spill einfach mol ëmgedréint: Amplaz Ëffentleches ze privatiséieren, gëtt Privates e bëssi ëffentlech gemaach. Zumindest sou vill, wéi et Bertelsmann eppes genotzt huet.

RTL Lëtzebuerg gouf an ëmmer nees erneierte Staatsverträg zu engem Sender mat enger ëffentlecher Funktioun. Also keen ëffentlech-rechtleche Sender – well soss géifen déi ëffentlech Sue jo einfach beim Sender bleiwen a gutt Reportagen, Sendungen a Formater finanzéieren. Sou also eng Chaîne mat ëffentlech-rechtlecher Funktioun: Mat dësem Trick kritt den RTL gutt 10 Milliounen Euro Steiergelder pro Joer – mee e kann trotzdeem nach Bénéfice maachen. An dee geet um Enn un …? Genee, Bertelsmann. Ënnerschriwwe fir d’RTL Group vum, yours truly: Thomas Rabe.

Mee, bei aller Batterkeet – den haarde Strateg ass gläichzäiteg duerch an duerch vu Mënschlechkeet an Nächsteléift gepräägt. Dat gëtt zum Beispill an engem Interview vun 2014 mat der „Zeit“ däitlech: „Nehmen Sie zum Beispiel die Druckerei in Itzehoe, die wir schließen. Dort verlieren 1.000 Menschen Ende April ihre Arbeit. Das geht mir nahe, aber wir haben so entschieden, um das gesamte Druckgeschäft des Konzerns zu erhalten.“
Et kann een sech quasi virstellen, wéi de sensibele Manager ee Knuet am Bauch huet a seng Ae vun Tréine blénken.

An dat soll eis och hei zu Lëtzebuerg Trouscht spenden: Wa mir déi 10 Milliounen Euro Steiergelder vermëssen, déi all Joer un den RTL an domat indirekt u Bertelsmann fléissen – da kënne mer eis bei eppes sécher sinn: se ginn dem CEO immens no. Also d’Suen. A wann enges Daags och d’Heckeschéier vun der Effizienz bei RTL Lëtzebuerg agefouert gëtt, wann also Mënschen hir Aarbecht verléiere sollten – da loosst eis net vergiessen: Dat deet dem Thomas Rabe sécherlech immens leed. Mee ëmmerhin ass et fir e gudden Zweck! Also säin, dem Rabe säin Zweck. An e bëssi Altruismus kann dach net schueden?