FOTOEN - Tëscht Breinert an Furen
Seegelboot rennt an Yacht
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Meckerhary05.09.2023...ech kann der Madamm Back hier Positioun gutt verstoen...an ech mengen och ganz vill aner Leit entretemps och !
-
Mellechmann05.09.2023Et ass irresponsabel d'Premièresschüler a -schülerinnen fir eng Woch an d'Schoul ze schécken. Wat sollen se an der Woch vum 4. dann nach léieren? Den Examensprogramm ass d'Matière, déi bis den 13. Mäerz duerchgeholl gouf! Schüler, déi Froen hunn, kënnen hire Prof iwwer Teams, E-mail, etc. erreechen. Den Homeschooling huet dach bis elo gutt geklappt. Firwat ass dat dann elo op emol net méi wouer? An der Woch vum 11. sollen d'Schüler nëmmen fir déi Prüfungen an d'Schoul goen, déi nach musse geschriwe ginn fir eng Zensur ze kréien. Fir all déi aner Prüfungen mussen si sech kënnen schrëftlech ofmellen. Et si schliesslech erwuesse Leit.