Photo: IP

De Staat soll déi finanziell Verloschter vun RTL ausgläichen. Awer gläichzäiteg mécht de Schwësterkonzern vun RTL, déi sougenannten „Régie publicitaire“ mam Numm „IP“, Beneficer. Wéi kann dat sinn?

Wann ee mam Fliger um Findel lant, mam Bus op d’Gare fiert an dobäi de Radio vum Buschauffer matlauschtert, dann op der Gare den Tram hëlt fir op de Lampertsbierg an seng Villa ze fueren – dann huet IP een op dëser Rees op mannst 8 mol mat Reklamme cibléiert. An da war een emol nach net am Kino! Méiglech ass dës ëmfaassend Ofdeckung, wëll d’Publicitéits-Boîte IP quasi ee Monopol op Reklammen an dësem Land huet. Dës staark Positioun ass dem Fait ze verdanken, dass IP den exklusive Werbepartner vun RTL Lëtzebuerg ass. Ween op RTL si wëll, am Radio, online oder op der Tëlee, mellt sech net bei RTL, mee bei IP. Wéi kann dat sinn?

Wien ass IP, déi Firma mam rassistesche Logo, iwwerhaapt? IP ass ursprénglech eng franséisch Firma, déi 1928 gegrënnt gouf, an zwar ënnert dem Numm „Information & Publicité“. Kuerz drop schonns huet si enk mat der Lëtzebuergescher CLR (Radio Luxembourg, spéider CLT) zesummegeschafft an un hir Reklammsclienten aus Frankräich Plazen am Radiosprogramm verkaf – Kommerzielle Radio gouf et esou net a Frankräich. Am grousse Stil Reklamme senden, konnt een u sech just aus Lëtzebuerg. Dat nämmlecht huet fir d’Belsch gegollt, wou IP 1938 och eng Filial opgemaach huet. 1945 dann huet de franséische Konzern Havas 98% vun de Parten vun der IP iwwerholl an doduerch och säin Afloss op d’CLT ausgebaut. Et goung net just ëm politeschen Afloss, mee natierlech och drëms iwwer Lëtzebuerg Steieren ze spueren. Vun deem Moment u sinn eng Hellewull u Reklammsagencen iwwerall an Europa entstanen: an Däitschland, der Schwäiz, Portugal, Holland an direkt nom Fall vun der Mauer och iwwerall an Osteuropa, wou de Kapitalismus ganz frësch agefouert gouf. 1997 dann, matzen an der Course ëm d’Liberaliséierung vum europäeschen Tëleesmarché, huet d’CLT-UFA d’IP geschléckt. D’CLT-UFA wor d’Nofollgerin vun der CLT an an der Tëschenzäit zum Medienimperium ugewuess. Bertelsmann wor u Bord an déi franséisch Dominanz gebrach. Et gouf decidéiert sämtlech national IPs-Boiten an déi jeeweileg Tëlees- a Radiosfirmen vun der CLT-UFA z’integréieren.

Hei fänkt dann elo och de Spezialfall Lëtzebuerg un. Zu Lëtzebuerg gouf et nämlech keen nationale Sender. Also natierlech gouf et „RTL Lëtzebuerg“, mee dat wor keng Firma, mee eng Zort Divisioun innerhalb vun der CLT-UFA , dëst, fir dass weiderhin déi ganz CLT-UFA vum Interessi an den Zouwendunge vum Lëtzebuerger Staat profitéiere konnt – an ëmgedréint. Fir IP huet dat awer geheescht, dass eng Firma „IP Luxembourg“ (IPL) erhale gouf, eng 100% Duechter vun der CLT-UFA an direkt mat RTL Lëtzebuerg verbonnen.

Dass IP och haut déi stäerkste Positioun um Lëtzebuerger Werbemarché huet läit also éischt mol um Monopol deen RTL um Medienmarché huet. Net just, well et dee beléiftste Sender ass, mee well RTL mat Hëllef vu Lobbyismus, Vetternwirtschaft, super Poste fir Ex-Politiker*innen an dem Drock vu Bertelsmann op d’Lëtzebuerger Politik hier Dominanz zanter Joerzéngte verdeedegt huet. Dat geet esou wäit, dass RTL mëttlerweil vum Staat mat iwwer 10 Mio. € d’Joer subventionéiert gëtt. Well RTL doduerch seng Positioun behält, kann och IP seng dominant Positioun behalen. De Staat verschaaft enger Reklammsboite also een enorme Marchésvirdeel. Dat ass awer just een Deel vum Problem.

Fir dass déi staatlech Subventioun un RTL Lëtzebuerg zumindest theoretesch legal ass, däerf de Staat net einfach direkt d’Suen iwwerweisen – do géif ee géint d’Kompetitounsgesetzer vun der EU verstoussen. Enner gewësse Konditiounen, duerf de Staat awer een Defizit ausgläichen, deen e Konzern gemaach huet. Praktescherweis mécht RTL, zumindest RTL Informatiounen no, een Defizit. Genee Zuele goufe keng publizéiert. Et gouf just eng Rechnung opgestallt bei där RTL mat sengem Defizit an Zukunft da genau op déi Zomm kënnt, déi d’EU als maximale Subventiounsbetrag definéiert. Wat een Zoufall.

En Defizit huet d’Reklammsfirma IP net, an iwweregens sinn och déi aner Schwësterfirmen ronderëm RTL Lëtzebuerg rentabel a geheie fir de Mammekonzern Suen of. IP huet zum Beispill sengem Bilan no 2022 ëmmerhin iwwer 1 Mio. Profit gemaach. Dat heescht: IP mécht Beneficer a gëtt déi u Bertelsmann weider, RTL mécht Verloschter – déi da vum Staat ausgeglach ginn. Obwuel RTL Lëtzebuerg an IP Luxembourg praktesch déi nämmlecht Firma sinn. An praktesch heescht net just, dass sech d’Personal an d’Inhalter iwwerschneiden, mee dass IP souguer sou wäit geet a sengem Werbematerial vun dem „IP-Radio“ ze schwätze, wann si hire Clientë Plazen op RTL Lëtzebuerg ubidden.