Et ass nach kengem opgefall, mee fir hier Corporate Identity schmückt sech IP mat frieme Plommen.

Et sëtzt ee gemittlech an dem gepolsterte Stull mat engem Eemer Popcorn op de Knéien. Et freet ee sech, wéi ee klengt Kand iwwert de Männchen, dee mat engem Fousstrëtt eng jäizend Plastiksfläsch an den Dreckseemer kickt. Et ass ee prëtt fir 2 Stonnen aus dem Alldag ze flüchten. An dann erschéngt e virun engem. De stoësche Kapp, den houffrege Bléck an d‘Distanz geriicht. Wien zu Lëtzebuerg grouss gëtt, dee verbënnt mat dësem Logo ee waarmt an nostalgescht Gefill. Et geet net ëm déi antropomorph Wüsteplanz, d‘Verkierperung vun eisem Konsumwahn, mee ëm en… Moment mol.

Op eemol spréngt et engem wéi een Häisschen an der Zone Verte an d‘Aen. Während sech dëse Logo an den onschëllege Kannererënnerungen mat enger Panoplie un aneren schlecht gealterte Saachen mëscht, huet de guttmiddeg no hanne geriichte Bléck joerlang iwwersinn, dass sech do eng Reklammsagence scheinbar mat frieme Plommen dekoréiert. Ënnert dem Logo, dee rassistesch aus der Zäit gefall ass, prangt houffreg: IP. IP, dat ass déi gréissen „Régie publicitaire“ aus dem Land. Et ass déi Firma, déi d’Reklammen net just am Kino, mee och um Internetsite vun RTL, am RTL Radio op der Tëlee vun RTL an souguer am Tram an op villen anere Plazen schalt. IP gehéiert der CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg.

D’Motiv vun Native Americans ass bei IP allerdéngs net een Überbleibsel aus enger Zäit virun der Woke-Culture, mee hier Corporate Identity. 2017 hat ee suguer nach eng Kampagne, bei där een „Indianer“ duerch d’Land leeft an de peinlech beréierte Werbepartner Geschenker laanschtbréngt, se animéiert mat him ze danzen a Friddenspäiff ze fëmmen.

Et fillt sech e bëssen iwwerflësseg un ze préziséieren, dass et sëch beim „Schauspiller“ natierlech ëm ee wäisse Mann mat Geiischtsbemolung, plakegem Torso a Fierderschmuck gehandelt huet. Wou 2018(!), no 20 Joer, de Chef vun IP an d’Pensioun gaangen ass, huet d’Firma dat op hierer Facebook Page matgedeelt. De Chef gouff mat Fiederschmuck a Gesiichtsbemolung fotograféiert: „Als Häuptling huet de Lou ëmmer gutt no sengem Stamm gekuckt – selten huet missen d’Friddenspäif ausgepaakt ginn ;-) (…)“

Dee Spass bleift awer net just de Privileg vum dem Chef. An enger Kinosreklamm huet sëch direkt déi komplett Equippe vun IP als Natives verkleed, inklusiv Trommelmusëk am Hannergrond. Op enger anerer Plaz gouf fir Neijoerswënsch ee Schauspiller a voller Verkleedung duerch d’Stadt geschéckt. D’Leit goufen dobäi gefilmt, wéi se him hannendrunner kucken. Um Schluss vum Video scheitert hien e Feier ze maachen a muss e Briquet benotzen, fir dann um Schluss dem Kierchbierg mat Rauchzeeschen e frout neit Joer ze wënschen. Och an de Reklammen fir hier eege Servicer weist IP „Indianer“. An dat mat allen rassisteschen Stereotypen, inklusiv ausgeduechter Sprooch vun de „Primitiven“. Fir dann ze weisen, wéi grouss d’Reach vun de Servicer ass, déi een offréiert, kraucht een als „Indianer“ verkleete Schauspiller duerch eng visuell Duerstellung vun der Plattform RTL.lu a bewonnert ehrfürchteg all déi verschidde Werbefläche. Mee gutt, dat wor eng aner Zäit, déi Zäit viru Corona - géif ee vläit nach probéieren sech ze beléien, ier een haut op „IP Digital“ um Site vun IP klickt.

War dat nach kengem opgefall? Huet nach kee Mënsch dat problematesch fonnt? Sinn Joren vun antirassistescher Opklärung u Lëtzebuerg laanschtgezunn? Dass een a Reklammsagencen diskriminéierend Stereotyppen reproduzéiert ass déi eng Saach, mee dass Kinoen, Bushaisercher a Bedreiwer vun alle méiglechen anere Supporte matgemaach hunn, schockéiert nach méi. RTL Lëtzebuerg huet ee staatlechen Optrag a kritt Milliounebeträg all Joer iwwerwisen. Direkt iwwert e puer Konventiounen, Kodexer an Texter sinn si dozou verflicht dem Rassismus keng Plaz ze ginn. An awer ass IP an och hire Logo bei RTL omnipresent.