LIFESTYLE - Och RTL1 widmet den 16. Januar dem Nihilismus.
Haut ass den "Nothing Day"
Keng Substanz, keng Recherche, keng Qualitéit, keng Nohaltegkeet: RTL feiert den „Nothing Day“.
Spiert dir och de Vide, deen sech hannert den kopéierten Police-Rapporten, den iwwersatenen AFP-Meldungen an den ofgefilmten Pressekonferenzen vun RTL verstoppt? Hudd dir net och heiansdo den Androck, dass hannert dem Grinsen an der vill ze décker Make-up Schicht vun den RTL Moderator*innen eng Zort Vakuum besteet? Mécht et iwwerhaapt nach Sënn, Owes de Journal anzeschalten? Hu se net gëschter schonn am Fong genee dat nämlecht gesot, mee iergendswéi mat anere Wierder?
Halt w.e.g. direkt op iech esou Gedanken ze maachen. Natirlech verstoppt sech hannert RTL kee schwaarzt Lach. Wat fir eng absurd Virstellung. Mir beweisen iech, dass et hei ëm eppes Richteges geet, ëm eppes Lieweges, Beweegendes. Scrollt duerch dës Lëscht mat emotionalen Momenter.
An, spiert dir nees eppes?
-
agentorange16.01.2024Elecktromobilitéit am öffentlechen Transport fannen ech mol nach guernett sou schlecht! Och do waerten Pleiten, Pech und Pannen virkommen,mee daat ass bei fossilen Brennstoffer och de fall! Waat mech awer ferm stéiert ass de faite, dass Politik de Privatleit matt allen mëttlen probéiert e EA opzedrängen, wann néideg och matt enger Stéiererhéijung!🤔
-
De_Jonggesell16.01.2024Net ganz schlau vun Europa sech mat dem Putin unzeleeën, an elo och nach mat den Amerikaner! Tierkei soll e net vergiessen, do brodelt et vun Dag zu Dag ëmmer méi! Griicheland freet sech, sou geroden si wéinstens an de vergiess!
-
Eieiei16.01.2024All Respekt Här Elstner, waat Dir geleescht hut.
-
Anna_List16.01.2024An sou enger Situatioun wei der leiten, gesäit een waat engem Aussenminister seng Arbescht wert ass. Kee Sou!
-
Letzebauer16.01.2024Eng formidabel Sach !! Kann Goodyear an dem Staat nemmen feliciteiren.
-
Matbierger16.01.2024niedeneischten (2018-08-07 12:04:49) : a British Columbia sin 2017 insgesamt 1,2 Milliounen Hectar verbrannt (just déi Provenz), also 12.000 km2. Kalifornien haat 2017 knapp 5.600 Km2 déi verbrannt sin. Zeg dausend ass fir méch e puer dausend, dann ass de Kyniker jo net sou falsch.
-
De_Jonggesell16.01.2024Hei huet een Geschriwwen an Daitschland ass alles belleger wie bei engem Letzebuerger dann pass alt gutt op well dei sin Weltmeschter am iwwerstonnen an regiestonnen Schreiwen . Mir waren an Daitschland eng Pizza iessen wei mir d Rechnung kritt hun waren mir verwonnert dat war een ganz aneren Preis wei op der Menüskaart no eiser nofroo hin huet den Chef zum Fenster raus gekuckt an gemeng dir hut jo giel Nummerschelder um Auto an sou ass et och mat den Praiser vun den Haiser dat selwescht Haus an Daitschland fun 230000 Euro kascht zu Letzebuerg dat 3facht
-
Komplet_Wurscht16.01.2024Firwat hu mer esou laang ofgewaart? Well eise Premier de Courage net hat fir et ze maachen. Schliisslech wëlle mer jo nach eng Kéier erëm gewielt ginn, obwuel mer net an eng Regiirung goe wollten...
-
Fachmann16.01.2024allez komm mir verbinden autoen dann ass daat problem geleist !!!!
-
Letzebauer16.01.2024Daat heescht leeft drop eraus dass een sech irgendwann Muss impfen loossen, soss däerf een naischt mei.
-
Populiste16.01.2024En No Go, als medizinescher Grënn (mat Ordonnance vum Dokter) jo awer net eng Drog legal machen! Kann dat net no vollzéien, dass Regierung erlabt, dass en sech kann zou kiffen. Wat fir eng Gesellschaft kréien mir do an Land? An Holland dierfen just Résident kiffen, awer dat as just eng kleng brems, well op all Eck en Dealer steet déi verkaafen wëllen! Grausam wat fir Leit en do geseit :(
-
Duke_of_Lux16.01.2024Eng einfsch Method fir Minister zeginn, ass net op enger Lescht zestoen an dann als Quereinsteiger ministesch Platz zebesetzen.
-
kartoffel16.01.2024Aus angscht keng Hoer mi ze hunn, huet hie keng chemo gemaach. Wahnsinn, dat nennen ech Logik.
-
Baam16.01.2024Ech kann nëmmen eng Fro stellen: sinn et net d'Schoulen an d'Crèchen déi d'Haaptursaach fir déi méi schlecht Zuelen sinn, direkt oder indirekt? Eigentlech gëtt et just eng Plaz hei am Land, wou praktesch all Dag Zéngdausenden (!!) vun Leit op enkem Raum zesummekommen: Crèchen, Précoce, Grondschoul, Lycée a schlussendlech Uni!
-
Gaardebounen16.01.2024Dei sollen sech Partei intern zerklappen bis zum geht nicht mehr ,daat ass gudd ,da kreien se next Wahlen nach eng keier eng bei den Deckel
-
den Trellert16.01.2024Alles nemmen gebraddels E meindeg ales vergies wat se haut verspriechen Nemme weider Leien do ass en den da jo gudd kann Ee wiessel muss kommen fort mat Greng der Befiermundungs a Verbuetspartei De Blo nemen o e men show mat Liigen ennermauert a mat de Lei blenden
-
DatAssMengAnalyse16.01.2024Jo, desto mei Leit hei hin bei eis kommen plus eis Kanner desto mei Wasser get gebraucht. Et gin weider nei Haiser an Appartementer neideg fir jidderengem en Heem unzebidden, virausgesat hien kann sech et leeschten oder op d mannst sech de Loyer bezuele können. En Haus oder och en Appartementsblock kann een nit einfach op d gring Wiss stellen. Nierwt de Strossen fir derbei ze kommen muß Wasser Gaz an Elektrich esou wei Elektronikverbindung geluet gin. Vun der Stroß bis bei d Entrésdir oder bei de Garage muß eng fest Verbindung bestoen.Och, nei Quartieren brauchen Ubannweer un schon bestehend Quartieren, nit ze vergießen, d Schoulen mußen ausgebaut gin S s w. Also wat welle mer? Letzebuerg zreck entwickelen op en Agrarland mat 200000 Awunner. Dat ass Illusioun.
-
DirtyHarry16.01.2024Wéi wier et, wann d’Chamberpolitiker bénévole schaffe géingen? Si hunn jo all en d’Job, oder 😎?
-
kloreMenscheverstand16.01.2024Majo abwarten bis nach den Wahlen da werden wieder die Bürgerinnen und Bürgern betrogen,
-
Tata-Sidoni16.01.2024Den Patronat zu Lez. as een Witz. Eis privat Economie as jo quasi innexistent an reposeiert eichter ob decken Banken an groussen auslänneschen Firmen dei hei bis 1000Leit embaucheieren. Waat direkt emol misst gescheien as den Minimal Betrach fier eng S.A.R.L. ze grennen ob ronn 2000Euro drecken an dat een als eenzel Persoun kann eng S.A.R.L. haalen. . . . . esou keint jiddereen Entrepreneur gin, d'Economie keint gewaltesch dovun profiteieren. Beispill: Autogaragen: Dei meeschten Garagen hei am Land geneissen een Monopol Status (Losch ex . . .), dei gin nach mei grouss duerch auslännesch takeovers (BMW Kontz). Den Mechanicien huet quasi keng carrière en vue, esou wei den Venduer, dei hiert ganzt Liewen wearten zweschen 2500Euro an 3000Euro netto mat 60 Joer ferdengen . . . . . merci fier dann nach 3 Kanner ze hun an een Haus ze kaafen ! Bei enger 2000 Euro Gründung vun enger Personal company limited . .. keint all Mechanicien mat 2000Euro an een puer Viraus-Setzungen selwer seng Garage ob machen vun doheem aus, esou laang en eng Lizenz kritt vun der Chambre der Métier. Et wär un hinen fier ze décideieren wei een schafft (7deeg d'Woch, 8-20h ob ZB), esou kann en seng Suen machen mat Potential richteg Goss ze machen. Anerseits as daat och keng Liberal Fierstellung wei an den USA, wann esou eng S.A.R.L een zweeten embaucheiert soll deen total flexibel , geregelt Sachaffdeeg neeissen, kann selwer décideieren ob den Sonndeg oder Samstes schafft oder eben nett . . . soll 20 bis 60 Stonen dierfen schaffen, am Contract fest gehaalen. 20-60 Stonnen Kontrater missten vum Ministère du Travail superviseiert gin, fier abus ze verhenneren. Daat wear eng frei Economie, me mat meschnleschen Choix de vie fier seng Arbecht. Secher zu lez. pickt daat keen, vu dat 2/5 beim Staat faulensen an wei Schwein gefiddert gin an dei aaner 2/5 bei enger Bank dei besser Verdiener sinn an enger doudescher Lezeburger privat Economie!
-
Kritiker16.01.2024Ampelregel um Stausée,.........wan Wasser gring as,dan as Lucht och gring,wan Wasser kaal as,dan as Lucht giel.
-
KengduebelMandater16.01.2024Ech gi just op Esch wann ech muss. Bei maïn Dr z.B. Och well ech mech net secher fillen. Jo et ass just e Gefill soen der vill, mee ouni maï Mann, Bouf oder Papp gin ech net dohin.
-
Mister X16.01.2024Top Diddeleng, déi ganz Équipe huet zäitweis wéi aus engem Goss gespillt, vläit och e Verdéngscht vum neien Coach ? Eraus gestach hunn iewer besonnesch de Sinani an de Schnell! Denken dass besonnesch den D.Sinani net méi laang wäert Amateur bleiwen. Dat wier zwar schuet fir Diddeleng, mee gutt fir ons Nationaléquipe. A propos Nationaléquipe, firwat steet de T.Schnell nach ëmmer net am Kader vun de roude Léiwen ? Mat der Leeschtung (an dat schonn iwwer länger Zäit) muss deen einfach gesat sinn.... hei muss wuel een iwwert säin Schiet sprangen ... allez Holz/Schnell, setzt iech zesummen a kläert äre Litige! An un RTL, mam Marc Oberweis hutt dir genau de richtegen Mann fir d ‘Analysen vun de Matcher, do mierkt een dass dee Mann laang um Terrain stoung. Seng Analysen setzen an hien scheit och net fir Problemer unzeschwätzen. Weider esou!
-
Nei_Hei16.01.2024Brauchen dei Kameraen net Mir gin emmer mei iwerwaacht
-
gestressten16.01.2024Et gëtt een dat Gefill net lass dass déi Juristen an deenen jeweilegen Ministèren entweder déi konfus Ideen vun hiren Chefen (Ministeren) mussen op d'Blad setzen an do keen décken Choix hunn, oder hinnen hir jeweileg Universitéiten hunn et net esou richteg bruecht. Héiert sech elo vläit haart un, mee deen neien Check durabilité deen virum engem Mount ageféiert gouf (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2061151.html) war eigentlech geduecht dass et net zu esou enger penibler Nummer sollt kommen 🤷
-
Kappressel16.01.2024Alt erem vill panick
-
De_Jonggesell16.01.2024Mee mir Lëtzebuerger sin rem méi helleg wéi dée vun Roum!!!! Ganz Europa lackert bestemmungen vir Futtballstadien bis 60% ze fëllen just mir bleiwen bei 20 % !! Immens....👏👏👏
-
de_Fern16.01.2024Ich bin auf Wohnungssuche und werde wohl bald auf der Straße landen wenn das so weitergeht. Es sind keine Wohnungen zu finden die bezahlbar sind und auch ein wenig Lebensqualität bieten. Mir wurden Zimmer über Cafés angeboten oder ein Studio von 40qm für 900€ bis 1150€, das kann ich nicht zahlen mit meinen 1650€ Einkommen... Die Politiker sind für diese Zustände verantwortlich!
-
Waat_dann16.01.2024Kucke mir dat dach emol ganz nüchtern - 100.000 Milliounen bei enger Staatsschold vun 1.41 Milliarden ass dat eng Drëps op de waarmen Steen - sou oder sou muss jiddereen an Zukunft de Rimm uerdentlech festzéien.
-
Nei_Hei16.01.2024Duerfir stelle mer och lauter Quereinsteiger an der Edukatioun an, well mer ze knekkeg sinn fir genuch Formateuren op der Uni.lu ze engagéieren an esou genuch Studente kennen ausbilden fir eise Kanner eng pädagogesch heischwaerteg Educatioun ze bidden.
-
De_Popst16.01.2024vleit ass den bedriww vunn der piscine einfach net rentabel an dann ass daat doten eng einfach léisung fir se net opzemaan...
-
knadderpit16.01.2024Läit et an engem Natuerschutzgebidd? Ech denken net an wann, jo wéi steet hei? Oplagenerfëllung an dat kascht net grad e puer Cent. Huet dat Bautegesetz schon deemols bestanen oder net en face Natuerschutzgebidd? Wann neen dann fällt et an déi al Gesetzgebung an dann kann d'Biergerinitiativ de kierzeren zéien. Ass dat neit Gesetz esou verfaasst woumader dat alt automatesch ausser Kraft setzt, dann kann genau esou d'Gemeng ewéi déi Firma de kierzeren zéien. D'Heimtücke läit genau doraner, a.z. op nei Gesetzer al Gesetzer ausser Kraft gesat hunn. Kloer gleewen ech dann och net méi dass dann 《18.000 Nuitéeë pro Joer》 dat net méi ze realiséieren ass.
-
Knadderhary16.01.2024An daat as och gudd esou..
-
Verstinechnet16.01.2024Wonnerbar Noriichten, meng Félicitatiounen!!!
-
geftzwersch16.01.2024Iwert t'Neiduerf geheiert eng Autobunnsbreck...... a keng Velosbreck !!!!!!
-
Tata-Sidoni16.01.2024Wann Een dat heiten alles liest… da get et bei der nexter Wahl keen Wiessel… dann bleiwt Gambia…😳
-
Knouterer216.01.2024Mimimi. An ENGER Saach huet d?Madamm Brasseur awer Recht, d'Leit hunn ess EFFEKTIV genuch a sinn degoûtéiert ass vun deene rezenten Exzesser, awer éischter di Exzesser vun den Politiker géijeniwwer vun den Bierger an der Gesellschaft!
-
knadderpit16.01.2024Einfach haerzeg. Wien ass deen besseren "Mensch" ? Deieren oder Menschen ? Deieren hun op alle Fall eppes waat dei meescht Menschen verluer hun , Gespier,Instinkt wei et deen Aaneren geet,also eierlech Empathie an Hellefsbereetschaft..... et brauch een jhust hier Mimik ze kucken.... dei noett hannert engem Handy oder daischteren Brell verstoppt ass... Daat setzt natierlech Asaatz viraus , mais d'Meih lount sech , gerad ewei bei engem leiwen Mensch ,.....
-
Infowars16.01.2024Gi der nees geld léinen op dem bockel vun de leit fir de räichen aktionären vun denen firmen täschen ze fellen?
-
donquijote16.01.2024Den Här Hammelmann ass als President vun der "Sécurité routière" befaangen a schreiwt duerfir dem Minister Bausch eng "bonne note" aus - wann hien dem Minister Bausch an de Réck fällt da kéint et sinn dass dass de Minister him subside fir seng campagnen stréicht. Den Här Heuschling huet absolut Recht mat senger Aussoo - eng déck Datz awer fir eis Mme Procureur général !!!! A mengen Aan ass de Minister Bausch net net nemmnen duerch dëse fait net méi drobar a soll w.e.g. seng Démissioun ofginn
-
Meckerhary16.01.2024keng Schold machen fir dei zukuenfteg Generatiounen Dovunner wellt hien och elo neischt mei wessen
-
Matbierger16.01.2024Eis Kanner sin elo schons deelweis traumatiséiert! Wann se nëmmen bessien Schnapp hun, dann si se schons an der Angscht datt se Corona hun, oder een anëren ugestach hun, deen elo muss stierwen...!!!!😢😢😢
-
den_Kneckert16.01.2024Mam grenge Virus mussen mer och no Corona Liewen
-
jangmetti16.01.2024„Fundamental liberal Iddien“ 😳 Den Här Reding wäert, nodeem hien LSAP an ADR Politiker war, elo net och nach Member an der liberaler Partei ginn. 🙈
-
kartoffel16.01.2024Eng idee, dei e bessen speit kennt, mee et keint een och z.b. de chreschtdaags-trakteren d,arlaabnis ginn, vir z.b. zweschen 23:30 an 0:30 een tour duerch d,ländchen ze maachen. Domat hätten sie villäicht een doubelen succes, vir all hier arbecht, dei sie sech maachen, vir vill leit eng kleng freed ze maachen
-
EsouAwerNet16.01.2024Ech stellen mir heiansdo d'Fro, wat verschidde Minister op hiren jeweilegen Posten verluer hunn. Als Minister vun der Fonction Publique schéint et mir logesch ze sinn dass een 'als Neien' sech aschaffen muss an och dofir déi jeweileg Gruppéierungen gesäit fir gewuer ze ginn wat leeft an wéi eng Aspekter et do ginn. Wann awer no 2 Joer kéng Decisioun, jo mol keng Spuer opkënnt an dat sech ëmmer un e Weiderreechen un aner Ministerkollegen an och den Premier beschränkt, deen erëm op dësen Minister verweist, dann schéngt et mir wéi wann dat entweder eng Zermürbungstaktik ass oder et absolut keen Plang hei méi gëtt. An dann ass et menger Meenung no och soulues Zäit konsequent ze sinn an d'Blad ze botzen. Bei Gambia 1 war den Logement dovun geprägt, déi Ministesch ass elo fir den Pavillon zu Dubai zoustänneg, duerno koum den Marc Hansen op deen Posten, bei Gambia 2 ass hien elo an der Fonction Publique zoustänneg mee och do leeft näicht weider. D'Lompen an der Politik fänken un ze richen..
-
kleinGEIST16.01.2024Den Macron huet him jo gewisen wéi dat geet, vum selwen wier hien net drop kom 😋😋
-
Trump197816.01.2024Mech irritéieren dës Aussoen vum Här Clement komplett! Sinn d'Piraten elo déi Super-Gréng? Mengen d'Piraten tatsächlech, datt mat 150 Euro den Mount iergendeppes kéint kompenséiert ginn? Wéi wëllen d'Piraten dann d'Grundlast un Energie hei am Land garantéieren? Mat Wand oder Solar? Wann den Här Clement mengt, datt d'Leit den Tankrabatt mat den eegene Steiergelder subventionéiert hätten, dann gëllt dat och fir déi vun den Piraten proposéiert 150 Euro den Mount. En fin: denkt den Här Clement schonns un eng Regierungsbedeelegung 2023?
-
Mellechmann16.01.2024Di Gréng waren emol gréng. - Anti-Atombewegung, Antikrichs- a Friddenspartei; hire fréiere Sympathiebonus hunn si scho laang an op Éiwegkeet verspillt. - Entretemps bidden si dee selwechte Mitschmatsch wéi all etabléiert Parteien un, spille Krichsminister, bedeelegen sech u Kricher, ginn enger Rei Industrië wéi Solar, Wand, an E-Automobilindustrie Milliarden ze verdéngen, suckelen d'Vollek finanziell mat CO2-Steieren aus an dem Bierger seng Sue gi verpolvert, vir, dass d'Energie a Form vun Atom-, Gas-, a Kuelestrom iwwert d'Grenzen era kennt.
-
Wuermdran16.01.2024Waat fir innovativ Fierschléi! Ee komplett näie, frëschen a CO2-aarme Wand wéiht duerch dPartei.
-
Emmer daat selwecht16.01.20243 joer an verzuch An wievill miliounen mei deier?
-
kartoffel16.01.2024Dann ginn et Leit déi esouvill Geld all Mount kréien dass se all Schoulvakanz fortfléien oder fortfueren. Hunn gären gesoot Geld kréien ann net Geld verdengen.
-
Maulwuerf16.01.2024ma dee wollt och mol eng Kéier op Paräis.. mir kréien andauert gepriedegt, -mach Eppes fiir d'Ëmwelt- jo dat maach vill Läit, awer nët Déi, Déi gären hiir Täsche fëllen op egal wat ët kascht
-
Politmotor16.01.2024D'Banken hun äis bis elo emmer gebi...t an waerten daat och lëschteg fir an Zukunft maachen. Esoumat wënschen mer all denen déi esou eppes décidéieren een décken bass um hennechten an een kuerzen arem soumat sech net kënnen kraatzen .
-
KengduebelMandater16.01.2024Jidfereen kann beim fëmmen machen wèi e wëllt soulang e Mech als Netfëmmert net emmerdéiert. Dat machen Fëmmerten awer wann se zB op enger Zerasse néiwend mir fëmmen. Da froen ech se op et se net stéiert wann ech éissen während sie fëmmen. Oder déi Zigarettenkippen um Wee, ekeleg. Wann esouvill Knätsch oder ugeknaten Kamellen géifen do leien géifen Fëmmerten sech och beschwéieren. Respekt vun béiden Saiten as gefrot. Fir seng egen Gesondheet as jidfereen selwer zustänneg.
-
guy116.01.2024Dir schreiwt d'Madame geif e grousse Bagage matbrengen, awer kee Wuert iwert dei sellegen Kasserollen wou sie matschleeft. Dass sie laang Affekotin an Dingschten vun Monsanto war an och nach duerno et emmer erem färdeg bruecht huet denen hir Interessen hei an Europa duerchzedrecken. Als Präsidentin vum FMI huet sie an enger Ried gesoot sie geif sech freen wann et der Welt schlecht geet well dann geif et dem FMI gut goen. Dass esou eng Persoun nach emmer op heigen Plaazen dierf ageieren ass onverständlech...
-
agentorange16.01.2024Den Stadt muss direkt dem Secteur do hellefen , also wann awer elo 1 hei hellef brauch dann sin et awer elo den Secteur . Ma Leit missten sech mol nes zesummen setzen an een general Fuer stop machen esou wei an den 70 er Joren , dat geif hellefen .
-
LibrePenseur16.01.2024Eng Nato gouf nom 2. WK gegrënnt fir dMembersLänner ënnert sech ze schützen via kollektiver "military response" am Fall wou een oder méi vun hire Memberen ugegraff ginn. Dofir sollte mir 2% vun onsem BIP zur Verfügung stellen. Vietnam, Afghanistan a Mali sinn net Member vun der Nato, do hu mir à priori näischt verluer. Héchstens fir punktuell a müscléiert Attacken op TerroristenNäschter, also Al-Quaida a Co. Déi Band gouf relativ séier ausser Gefecht gesat an domat hätt onsen Asaz missen ophalen. Esou wor et jo och am Kuweit wou de Generol SCHWARZKOPF gaangs no sénger "mission accomplished" dBlat gebotzt huet. Ons Regierung huet op alle Fall näischt bäigeléiert fir elo, knapps, datt onsen A400M nees zeréck aus dem Afghanistan ass, elo Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn huet wou et jo och drëm geet fir géint Islamisten ze kämpfen. Am beschte schütze mir ons op onsen EU-Bäusse-Grenzen. E Mali Asaz misst vum Vollék via Referendum geneemegt ginn. BasisDemokratie! Gréng?
-
Wuermdran16.01.2024R.I.P. Hans du warst een immens léiwen Mann mir vergiessen dech nie.
-
Majo_secher_dat16.01.2024wart emol of wann meer alleguer mussen mee deef an tesch greifen wann steieren mi heesch gin mee krankenkees an mee kommunaltaxen mussen bezuelen an den staatsbeamten hier paien ant luet ginn🇱🇺
-
KriteschKritik16.01.2024All respekt fir d'Angela
-
luxusbuerger16.01.2024Wéi soll de Xavier Bettel sech lo nach viru Studente stellen a soe, se sollen net fuddelen oder wann e mat Schüler schwätzt? Dat ass e Problem." Aleng deen Satz huet alles gesoot an dofir brauchen mir Neiwahlen ! Eng CSV mat Bürosdëscher vun 25000 Euro d’Stéck an mat engem Gloden wou géint de Referendum ass an eng Partei wou iwwer 50 Prozent um Engel senger Säit sinn esou wéi déi Gréng mat Dieschbourg , Traversini , Braz an all déi aner Geschichten sinn se net méi drobar !!! Déi rout mat engem Quaselborn , een Selbstduersteller alias Bartolomeo asw o je o je wat een Misere ! Mäin Respekt ass fir Lehnert an d’Piraten , domadder kann een liewen an nolauschteren !
-
Trulla16.01.2024Ech ka nëmmen de Kapp resselen bei esou vill Dommheet an ee flagrante non foutisme mat eise Stéiergelder. Si sollen op de Mound fléien, hee mat huelen an dann do lossen. Da si mir en lass....pour de bon.
-
Mengmegnung16.01.2024Déi Gréng sollen emol endlech agesinn dass Lëtzebuerg nach ni ee Vëlosland war an ni eent wäert sinn.
-
EsoueweiEchdaatgesin316.01.2024Verglächt een d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten op eise Stroosse proportional mat deenen an de Nopeschlänner, da sinn et der hei nach ëmmer ca. 25% méi wéi do. Soll dat alt net mat engem gesellschaftleche Problem zesummenhänken? Datt den Eenzelne sech selwer hei net méi genuch wäert ass. Datt e sech net bewosst ass wat e sech selwer schëlleg ass. Datt en dofir net op sech selwer oppasst, wann e sech an ee Gefier setzt fir op ëffentleche Stroossen ze fueren. Dofir gëtt awer samschdes eng Stonn laang de Statussymbol Auto gebotzt. Fir datt en nëmme blénkt. Wat soe soss d'Kollegen an d'Frënn.
-
knadderpit16.01.2024Hamsterkeef brengen näischt. ok. Mee elo wou Frankräich an Däitschland seng Grenzen zoumachen wat den Export vu Masquen, Désinfectants tous genres an alles requisitiounéieren wat se fier HIER Leit aus dem secteur santé brauchen, kann een sech mol d‘Fro stellen wat heiheem geschidd? Wa mier nun emol ofhängeg sinn, an dat zu 100%, vum Ausland? Keng Panik, ok, mee e besse ‚bon-sens‘ an e besse méi communicatioun mat dem ‚ Vollek‘ plse. Méi froen mir am Moment jo net, mee mir sinn erréicht am Ufank.
-
de_Fern16.01.2024Firwat soll da grad ëlo dee Virus von engem Déier op de Meensch iwwerdroë gi sënn? KOmisch...
-
kartoffel16.01.2024Des Jooer wärt d'Touristensaison nawell spannend gin, och fir den Tour Operators hire Budget.
-
Knouterer216.01.2024Vill geschwaat fir naicht ze soen.
-
KriteschKritik16.01.2024Muss daat dann elo sinn, nodeems de Fluchsektor bis op länger Zait keng wiirklech „nei“ Bunn brauch. Bis op weideres kinnt deen Belaag an dei Suen daat et kascht op Eis geluecht gin, bis den Findel op seng aal Kapaziteit könnt.
-
Trump197816.01.2024Respekt Mme Hoffmann, richteg gudden Apropos.. Hm, komesch Geschicht daat ganzt, De Ministère brauch nemmen bei deenen zoustännechen Gemengen nozefroen vifill Tonnen all jährlech gesammelt gin laanscht Stroossen, Feldweer, Wasserleef, Parkanlagen, asw...daat geet schons zech Jooeren esou...hun och schons öfters den Fierschter, Gemeng, an wann ech u keen komm sin d'Police kontakteiert fir esu illegal drecksplaatzen ze mellen.....et brauch een nemmen d'Aen opzehaalen an net ewegkucken, dokumenteieren, asammelen wann et net ze vill ass, an ze ensuergen... Ps, et brauch en keen grengen ze sinn fir esu ze handelen, et geet schussendlech em ons Natur ( Fauna an Flora ) MbG.
-
de_Feierbop16.01.2024Ech fueren elo 9 Joer elektresch, woar bis erof un de Garda-Sei, an d'Alpen bei -10°C, ... ni e Problem, oft de Stroum esouguer fir näischt kritt. An ech wéilt awer net mei op dee Komfort verzichten.
-
kartoffel16.01.2024Ech mengen do huet vill Neid geschwat de moien, ech géif mol gär wessen wéi eng CSV oder ADR des Pandemie gemeeschtert hätt, gleewen net dass et besser wär,an et war keen den méi haut gejaut huet am Lockdown wéi d'CSV fir dass rem alles soll opgoen,et as immens einfach alles nemmen ze kritiséieren an géint alles ze stëmmen....
-
Majo_secher_dat16.01.2024De Kim Felten beim logement. CSV hätt z.B mam Abby Toussaint och en Expert gehaat, mee et huet een sech scheinbar fir e psydo expert entscheed.
-
Komplet_Wurscht16.01.20244 Corona-Fäll zu Lëtzebuerg, an Zingdausenden vu Kanner op der Welt, déi all Dag un Honger, Krankheet, erfir geruff durch Hygienemangel, stierwen. Honnertdausenden vun Déieren, déi all Dag onnëtz gequält gin. Corona ass en "natiirlechen" Phänomen (ech gleewen net drun, dass en an enger Fabrik geziicht gouf), déi aner Saachen sin vun eis gemeet. Wat ass also schlëmmer fir d'Welt ?
-
WouereschtdeetWei16.01.2024Wat ganz wichtig ass an Alters-an Pflegeheemer, ass dat an der Virussituatioun muss ganz vill gelefft gin, an den Zemmerem an och op den Gaeng, am Restaurant, je iwerall am Gebei. An hei gesin ech e grousse Problem. Dat gett net esou gemach wei dat misst sin. Mikroben ginn an desen Heemer net all eraus. Personal schleft och nach Bakterien eran an esou ass et schweier den Virus hei total eraus se halen. Et misst hei nach mei gemach gin. Die Verantwortlech wessen et oder missten dat wessen
-
Eieiei16.01.2024wisou soll d'Sofinco aus der Belsch da besser sin wéi eis national Pauvres chaussées ????
-
Mellechmann16.01.2024virun 25 Joer war ech all Daag op der Four, d' Dikrecher Beierstuff huet ganz Paien vun mier (net nemmen vun mier) kritt ... an et war flott. Dei lescht Joeren war ech 1x, allerhechstens 2x mat den Kanner do, e puer Spiller, eppes Iessen, daat war et. Alles huet seng Zeit an et soll een net vergiessen. (iwwregens, esou een Beierglaas huet 26 Rillen ;) )
-
fillt-iech-emol16.01.2024Dat ganzt geed en mega flop Ech well kee streit. Sin geimpft an well och mat Leit zesummen sin die net geimpft sim. Mär sin een land a sollen zesummen haalen gin leid déi wellen freihet an mär accepteiren dat mat enger spretz. Ech hun awer och respeckt vun leit dèi angscht hun sech spretzen
-
Tata-Sidoni16.01.2024Ëmmer di selwecht Leier vum Här Gibéryen beim budget, an dat scho gefillten 100 Joer lang. An elo gëtt en och nach frech an attakéiert aner Politiker. Séier an d'Pensioun w.e.g. Bettel1 a Bettel2 hu bis elo esou vill um soziale Plang gemach wéi eng csv net a Joerzengte fäerdeg bruecht huet. Dat sin Tatsachen an do hëlleft och kee polemescht Getuts, léif csv.
-
fillt-iech-emol16.01.2024„dass iergendwellech Institutiounen, Gruppen oder Personnagen d'Wourecht verheemleche wëllen, d'Leit also "domm" hale wëllen. “ Ass jo awer dacks hei scho gesot ginn, net eleng d’NASA mee iwwerhaapt d’Amerikaner. Mat hire Satelliten. Fake. D’NATO stécht vläicht och derhannert? Hinne geet et just drëm de Mënsch ze kontrolléire. Grad mam Navi, wou d’Signaler vu Satellite solle kommen. SI dobausse weisen der de Wee. Ass dat net Beweis genuch. Wou bleiwt d’Fräiheet wéi fréier, sech alt emol ze verennen. A Newton oder Einstein mat hiren Theoriën. Allkéirs hat néideg eng nei Mathematik derfir erfonnt ze ginn. Wou bleiwt wat mer an der Schoul geléiert haten? Jidderee weess, d’Somm vun de Winkele vun all Dräieck ass 180 Grad. Ma da schneid emol en Dräieck aus engem Blad a probéiert deen op e Ball ze pechen. Geet net gell? Irgendee Winkel hätt néideg vergréissert ze ginn. Also d’Winkele vun Dräiecke méi grouss wéi 180 Grad? Dat widerleet eleng scho mat einfachster Mathematik d’Kugeltheorie.
-
Letzebuerger_Patriot16.01.2024Egal wat 🙄
-
donquijote16.01.2024Sou Saachen gin aafgesoot ......schon mol drun geduecht : All Daag sin Leit an den Busser,Zich ,Tram ,Autoen nnerwee, déi eran an raus klammen déi vun iwwerall kommen , emklammen an weider fueren . Dann dierften déi daat jo och nit maan. Als Beispill vum Alldaag gekuckt........ wann d'Leit schaffen fueren. Ech fannen daat Ganzt komplett iwwerdriww, ech willt nawell gär wessen ween sich un där ganzer Hysterie verbreeden , rem eng gelden Nues verdingt......... Hänn wäschen no deenen "üblichen" Saachen, jo. Kengem an d'Gesiicht néizen, houschten , as och kloer an einfach Manéiren gewisen. Suguer ouni vergrippt oder " vercoranat" ze sin! Ech kann just nach den Kapp resselen iwwer deen ganzen Zirkus.
-
Mister X16.01.2024Ech war de Mueren am CHL an hat mat 6 Leit vum Personal ze dinn. 5 hu mat mir Lëtzebuergesch geschwat, dovun waren der mindestens 3 keng Letzebuerger. Ech kréien all Kéier en décken Hals wann ech di rietspopulistesch Kommentaren am rtl.lu liesen.
-
kartoffel16.01.2024Esoulaang divers grëng Politgréissten mam ÖT fueren, wärt déi éischt Klass nët ewëgfaalen. Ët bleiwt een jo awer gäeren ennert sëch😜
-
kartoffel16.01.2024...ass dat net Resultat wann e Gesondheetssystem sech an enger neo-liberaler Politik entwéckelt, wou et awer schwéier ze verstoen ass dass eng LSAP dat matdréit...a bis elo matgedroen huet ? Ech hu voll Versteesdemech vir d'Medezinner an ënnerstëtzen hier Demarche ...
-
Knueterbatti16.01.2024Ass dach lachhaft dat doten, wat dei verdingen,an no der Armei een gesecherten Arbechtsplaatz ,mussen keng 45joer schaffen (Ech schwetzen bei vun richteg schaffen) an durno eng deck Pensioun. Waat wellen dei mei ???? Gidd an Privatwirtschaft,oder macht ierch selbststänneg mat engem Betrieb ,dann kuckt duer emol weivill Stonnen een Aarbechtsdaach huet ,an wann der nach Personal huet,kommen nach sellechen Probleemer dobei Ech Sees vun waarm ech schwetzen,Hun vill Bekannter dei an der Armee woren an lo super Aarbechtsplatzen ,mat super Paien,an anerer mat super Pensiounen hun. An nee,ech sin net jalous,an wor et och nie op meng Kollegen, Ech hun emmer am Handwierk beim Patron geschafft,an duerno och bal 20 joer selbst-ab ständeg geschafft .Elo an der Pensioun (net ze vergleichen,wann een virdrun beim Staat wor) An ech sin stolz dropp,an liewen mat dem wat ech hun Eisen Staat soll roueg esou virun machen,kleng an mettelstänneg Betreiber futti machen ,nemmen nach heich studiert Leit ausbilden Ech kann nemmen soen,leiert een Beruf oder Handwierk dat ierch Spaass mecht ,an kuckt net nemmen no de Souen an no denen lidderechen Plaatzen,dann liewt dir och nach gesond dobei 😉
-
Kropefra16.01.2024« Wes Brot ich ess, des Lied ich sing. » Et geet keen onofhängegen Journalismus. Dat ass leider eng Utopie!
-
Virwatnet16.01.2024Deemols hu seng Nofolger eng Zäit gebraucht, fir d'Schiebelen opzeraumen, déi deen a Finanzsachenn anscheinend esou kompetenten Här hannerlooss huet, Beispill Cargolux.
-
Mellechmann16.01.2024"Den krich an europa" Ehm? Dei leschte keier daat ech geguckt hun, waar d'Ukrain nach net an der EU weder nach gouf et eng Kricherklaerung vun eis. Oder wees deen Herr mei wei mier? "Ech well een mei starken sozialstaat" Ech iwersetzen: "Ech well nach mei gratis hei and gratis do. Ech well mei heisch steieren. Ech well mei eng grouss oofhaengeschkeet vum staat. An ech well d'grenzen nach mei grouss oprappen. Emmerhin, existeiert nach emmer eng mettelschicht."
-
Politmotor16.01.2024Emol e puer hart Iwerleeungen. Um Beispill vun den 45-59 Jaehregen. Dat sin der 137,077 hei am Land laut Statec. Dovun sin der 84% geimpft (115,145) a 16% noet (21,932) Vum 1oct-24nov sin vun denen 115,145 Geimpften der 12 an Soins Normaux komm an 4 op Intensiv. A vun den 21,932 Noet-geimpften 25 an SN an 7 op Intensiv. E Risiko vun 4 op 115,145 fir op Intensiv ass fir vill geimpften Leit ok, wann se dofir eroem alles dirfe machen a just de Impfpass brauchen ze weisen. Awer wat noet ok ass, ass weider mat Tester genervt ze gin, gratis oder noet, just dat der noet mei wei 7 vun den 21,932 noet-Geimpften op Intensiv landen. Ze verlangen dat dei 115,145 solle Ruecksech houlen op dei 21,932, deen Zuch as fort. Dei 21,932 sin keng schutzbeduerftech Minoritaet, deenen kann e just soen schuetzt iech selwer. (bleiwft doheem, a wan der eraus git dot eng FFP2 Mask un...oder dir koennt iech och impfe lossen)
-
Neckel300016.01.2024Wo war Polozei dann fir ze kontrolleieren, oder haten Sie et verbouden krout do zesinn.
-
Donald Duck16.01.2024Mir machen eisen Buro zu Esch zou.
-
Letzebuerger_Patriot16.01.2024Eng grouss victoire fir den E.Macron 👍 Hien as elo fir d'zweet gewielt gin, seng Viirgänger net. Hien huet 18% méi Stëmme kritt wéi Le Pen. Hie wees wat seng nei Regierung elo bidde muss a wien hien mat an d'Boot juele muss. E smarte Borscht 👍👍
-
Elo_awer16.01.2024Wéi ass et dann mam Gesetz vum 18. März dass all öffentlich Platzen zou / gespart si. Sin do etwa Gemenge an Federatioune déi sech doriwer echsetzen. Da ka jo awer net si.
-
Neckel300016.01.2024Déi Greng an och de Mouveco eng eenzeg Katastrof. Greng keng Stëmm méi gin.
-
DePefferkaerchen16.01.2024H. Urbé, Komesch ausso haut bei der virstellung vum sozial almach: Dir sidd der meenung ët wir ongerecht, wann den, den 10 mindestléin verdingt, nëmme op 5 mindestléin cotiséiere däerf. Op der aner säit reegt dir iech iwwer déi déck pensiounen op. Mengt dir nët, wann de legislateur erlaabe géif op 10 mindestléin ze cotiséieren, da géifen d’pensiounen nët bedeitend méi héich gin zu lëtzebuerg wéi är befierchtung? A wann ee chiffren vun décke pensiounen avancéiert, da sot de leit och vu wéivill mindestléin dir schwätzt; de mindestloun läit ëmmerhin bei +2000 € monatlech! Nët ze vergiessen de positiven impakt vun de pensiounen op d’wirtschaft vun eisem land!
-
Trump197816.01.2024Well se lo mäi Tester gemach hun.! Et gin weder fiable Statistiken vum Alter vun den Betraffenen nach par rapport zu den Uertschaften. Esou dat keen versteht waat vier engem Risiko een ausgesat as
-
Iddefix16.01.2024Chiche1973 ; Richteg !!!. Ech hunn et schon enkéier gesoot . 3x eng Aarbecht refuséiert , keen Chaumage an keen RMG mee.Een klengen Putin als Premier zu Lëtzebuerg wir emol guernet esou schlecht !!!.
-
Kappressel16.01.2024D'Impfgéigner wëlle keen Dialog, sie wëllen Narrefraiheet. Sie wëllen dass mir alleguer hier faktesch falsch Ideologie, déi net nëmmen hinne selwer schued, mee eis alleguer, einfach hinhuelen an ënnerschlëcken. Doriwer eraus erklären se eis bei all Geleegenheet entweder zu Schof oder verglaichen eis mat Nazien, während se mettlerweil all Samsdes wi Schof nierwend rietse "Patrioten" an Casseuren matmarschéieren. Fann de Fehler. Vill Leid sin degoutéiert an ech kann eisen Impfskeptiker nëmme soen, et get och een Dono. No Corona. An et get net alles vergiess. Dir sidd flait och eng Kéier ob Solidaritéit ungewisen an ech hoffen fir ierch dass är Matmënschen dann net nodroend sin.