Photo: Lisbon Council (CC BY NC-ND)

D’Virschléi vun der Viviane Reding liesen sech wéi eng Wonschlëscht vun de private Medienkonzerner un de Kleeschen

An der Chamber kennt et den 3. Mee 2022 zu enger historescher Ofstëmmung. Fir déi éischte Kéier soll ee Gesetzesprojet gestëmmt ginn, mat deem Suen direkt un RTL Lëtzebuerg fléisse sollen. Zwar gëtt RTL schonns zanter 2020 mat ca. 10 Mio. pro Joer ënnerstëtzt, lo sollen awer vir d’Period vun 2024 bis 2030 all Joers bis zu 15 Mio. fléissen - ee Finanzéierungsgesetz ass onëmgänglech ginn. Ier dass d’Ofstëmmung ufänkt, deklaréieren de Claude Wiseler, de Gilles Baum an den Yves Cruchten, dass si un der Ofstëmmung net deelhuele kéinten. Dës dräi Deputéiert sëtzen nämlech mat am Verwaltungsrot vun der CLT-UFA, dem Konzern, zu deem och RTL Lëtzebuerg gehéiert.

Dass Deontologies-Reegelen net fir si zielen, huet si schonns e puer mol gewisen: Wien nämlech sëtze bleift an d’Finanzéierungsgesetz matstëmmt, ass d’Viviane Reding (CSV) - an dat, obwuel si dee Moment och am Kuratorium vun der Bertelsmann Stëftung setzt.

D’Bertelsmann Stëftung ass eng vun deenen aflossräichste Lobbyorganisatiounen an Europa an setzt sech ë.a. fir d’Privatiséierung vu staatleche Betriber an. Een historescht Beispill ass d’Lobbyaarbecht vun der Bertelsmann Stëftung fir d’Dereguléierung vun der Privat-Tëlee duerch d’Ofschafung vu staatleche Kontrollbehërden. Eng Fuerderung, déi Bertelsmann schonn vun 2000 un aggressiv an d’Gespréich bruecht huet. Der Bertelsmann Stëftung gehéiert awer och den Haaptdeel vu Bertelsmann. D’Finanzéierung vun der Stëftung geschitt iwwert de Konzern, zu deem och d’CLT-UFA gehéiert.

D’Viviane Reding hat an der Chamber also ee Finanzéierungsgesetz fir d’Duechterfirma vun engem Konzern gestëmmt, fir déi si an direkter Linn an engem Opsiichtsgremium bezuelt gëtt. An der Chamber an an der Press zu Lëtzebuerg gouf et dozou kee Kommentar. Wor et kengem opgefall?

Eng neoliberal Medienkommissärin

Dass d’Viviane Reding net hätt matstëmmen dierfen, ass déi eng Saach. Déi aner Saach ass, dass d’Viviane Reding hei ironescherweis ee Gesetz gestëmmt huet, bei deem dat gréissten Privatmedium an Europa ee staatlechen Optrag krut. Iwwerall an Europa setzt sech Bertelsmann fir Privatiséierung an – awer zu Lëtzebuerg kasséieren si gären d’Milliounen direkt vum Staat a stellen sech als „Service Public“ duer. Dobäi ass dach net just Bertelsmann, mee och d’Viviane Reding fir hier knallhaart neoliberal Schinn bekannt. Direkt ier dass d’Viviane Reding hire Sëtz am Kuratorium vun der Bertelsmann Stëftung ugeholl huet, wor si nämlech nach EU Kommissärin.

„Le raid libéral de Reding“ betitelt déi franséisch Zeitung Liberation hier Analyse vun der iwwerschaftener Direktive „Télevision sans frontieres“, déi d’Viviane Reding an hirer Funktioun als EU Medienkommissärin 2005 präsentéiert huet. D’Virschléi vun der Viviane Reding liesen sech wéi eng Wonschlëscht vun de private Mediekonzerner un de Kleeschen: Praktesch keng Limitte méi fir Reklammen, keng Quote méi fir europäesch Produktiounen an der europäescher Tëlee, Dereguléierung vum Télé-Shopping.

An natierlech: d’Oprechterhale vum „Hierkonftsprinzip“. Fir Tëlees-Chaînen sollen d’Reegelen aus deene Länner gëllen, wou dës Chaînen ugemellt sinn – net do, wou se ausgestraalt ginn. Dat bescht Beispill fir dës Praxis ass, et kann een sech et denken, Lëtzebuerg. D’Lëtzebuerger CLT-UFA sent ë.a. an d’Belsch, an Holland an a Frankräich an ëmgeet do déi jeeweileg gelten national Gesetzer.

Eng Direktive ganz no de Virstellunge vu Bertelsmann

D’Direktive „Television sans frontieres“ (TSF) gouf ursprénglech vum deemolege Kommissiounspräsident Gaston Thorn als „Flaggscheff vum europäeschen Bannemaart“ op de Wee bruecht a wor domat vun Ufank un a Lëtzebuerger Hand. Nom Gaston Thorn , dem Jean Dondelinger an dem Jacques Santer louch den EU-Dossier also lo um Dësch vum Viviane Reding. Op nationalem Plang huet sech de Lëtzebuerger Medieminister Jean-Louis Schiltz prettgemaach fir d’Viviane Reding z’ënnerstëtzen. Schliisslech woren d’Pläng vun der Medienkommissärin zoufälleg déckungsgläich mat deene vun der Lëtzebuerger Regierung. An vun der CLT-UFA. A vu Bertelsmann.

Schonn op deen éischten Draft vun der Kommissärin Reding zur Reform vun der TSF Direktive hat Bertelsmann begeeschtert reagéiert. An hirem Statement „Comments on the Commission Consultation on Rules Applicable to Audiovisual Content Services“ gëtt Bertelsmann däitlech an ernimmt hier Liblingskommissärin perséinlech: „Bertelsmann supports Commissioner Viviane Reding in her commitment to maintain a solid, forward-looking regulatory scheme for cross-border TV“.

Am Detail geet Bertelsmann dorops an, firwat d’Virschléi vun der Viviane Reding deckungsgläich mat de Virstellunge vum mächtege Mediekonzern sinn. Gutt geschafft, Madamm Reding. Oder sollt ee besser soen, gutt geschafft, Martin Selmayr. Sou heescht nämlech den deemolege mediepolitesche Spriecher a Chef de Cabinet vum Reding. Deen verdeedegt de Projet virun der Press zum Beispill mam hannerhältegen Argument „Product-Placement wier näischt Neies“. Martin Selmayr, wou huet deen eigentlech geschafft, ier dass e fir d’Viviane Reding geschafft huet? Ah jo, richteg, fir Bertelsmann, an zwar als Chef-Lobbyist am Bréissel-Büro.

Mee ier lo ze schnell geuerdeelt gëtt: Kann een der Viviane Reding zum Virworf maachen, eben ideologesch op enger Wellelängt mat dem Medienimperium Bertelsmann ze sinn? D’Viviane Reding ass ëmmerhin als standfest a souverän Politikerin bekannt. Ass et onfair, wa Politico d’Viviane Reding a sengem Reportage mam Titel „How Europe’s biggest media company infiltrated the EU“ mat an d’Rei vun de Bertelsmann-Vertraute stellt? Huet d’Viviane Reding net einfach no hiere Prinzipien gehandelt?

De Krees schléisst sech

Et kann ee soen, dass sech d’Viviane Reding beschtens mam Dossier Bertelsmann auskennt, wou si no hirer Zäit als EU Kommissärin an enger kuerzer Zäit am EU Parlament nees de Wee zeréck an déi national Politik fënnt. Dee Moment sëtzt si wéi gesot schonns eng Zäitchen an der Bertelsmann-Stëftung a verdéngt nawell gutt niewelaanscht. Well d’CSV et no de Wahlen 2018 net an d’Regierung packt, geet de Plang vun der Viviane Reding fir Ministerin ze ginn net op. Si hëllt awer hiert Chambermandat un a sëtzt sech op d’Oppositiounsbänk.

An der Chamber souz d’Viviane Reding fir eng éischte Kéier 1979 - an huet do schonns e spannende Spagat gepackt, andeems si gläichzäiteg Deputéiert a Journalistin vum Wort wor. De Spagat vun 2020 ass awer wesentlech méi interessant. D’Schutzpatréinin vum fräien Handel setzt sech an der Chamber an d’Mediekommissioun an ass also net net just beim Vote, mee och beim Ausschaffe vum Gesetz zur staatlecher Subventionéierung vu Bertelsmann dobäi. Eng Ideologin wor d’Viviane Reding wuel ni, eng Bertelsfra scho laang.