Photo: ITU Pictures (CC BY 2.0)

Hien sëtzt ni tëscht de Still, mee op all de Still gläichzäiteg. Wéi den RTL-Mann Jean-Louis Schiltz Är Sue verwalt.

Et war emol e Mann, den huet Jean-Louis Schiltz geheescht an den hat seng Fanger a sou zimmlech alle Beräicher vum Lëtzebuerger Liewen. Wann een seng Fanger iergendwou dran huet, dann nennt een dat oft „Verwaltungsrot“. Am Verwaltungsrot ass ee fir villes an der Entreprise zoustänneg, also fir d’Iwwerkucken vun de Finanzen, Personalpolitik asw., asw.

De Jean-Louis Schiltz war Verwaltungsrot vum Lëtzebuerger Béier: Bofferding, Battin a Brasserie Nationale. Jo, vun en allen dräi! Eigentlech war den Här Schiltz vu Beruff hier awer Affekot, an huet dowéinst e Cabinet bedriwwen, den natierlech säin Numm gedroen huet: Schiltz&Schiltz. Do huet en als „Pionéier vun der FinTech Branche“ gegollt - dat ass sou een däischteren Deelberäich vum Finanzsecteur, wou op mysteriéis Aart a Weis vill Suen entstinn.

Niewebäi huet de Béier-Verwalter a FinTech-Affekot sech zäitweis och nach bei der Schwäizer Firma „Quilvest“ als Verwaltungsrot nëtzlech gemaach. Quilvest ass eng Firma, déi Verméigensverwaltung bedreift - also eppes, wat all Mënsch sou am Alldag gutt gebrauche kann. Net ze vergiessen, de gudde Jean-Louis ass ausserdeem Gaaschtprofesser op der Universitéit Lëtzebuerg. Mir gesinn: De geheimnisvolle Mann ass also e Béier-FinTech-Affekots-Verméigensverwaltungs-Professer. Mee domat net genuch! Bei der Business Federation Luxembourg (FEDIL) ass de Jean-Louis Schiltz net manner wéi Vize-President. An Moment, hien souz och nach an deem vum Etienne Schneider gegrënnten „Conseil consultatif sur les ressources spatiale“ fir de Space-Mining-Projet vu Lëtzebuerg ze promouvéieren.

An da war do nach déi Saach mat de Spideeler. A Klinicke leien net nëmme Kranker a Stierwender, mee och Suen, an dowéinst hat de Jean-Louis Schiltz nach e ganz aneren Job ganz uewe bei de Robert Schumann Spideeler. An zwar als…? Richteg, mol rëm als Verwaltungspresident. Leider ass him do 2021 e klengt Mëssgeschéck geschitt. Dir erënnert Iech: D’Corona-Pandemie hat alles zum Stëllstand bruecht, an du koumen endlech d’Impfstoffer. Nieft Alen a Kranken sollt d’Spidolspersonal natierlech fir t’éischt geimpft ginn. De Jean-Louis léisst awer ongär Aneren de Virtrëtt. A well e praktescherweis d’Klinicke gemanagt huet, also souzesoen selwer zum Spidolspersonal gehéiert huet, ass hien heemlech un eng fréizäiteg Impfung komm. Nujee, deen Job huet en dunn tragescherweis opgi mussen. Mir wëllen de Jean-Louis Schiltz zum Trouscht trotzdeem weider als Béier-Verméigensverwaltungs-FinTech-Weltraum-Affekot a Spidols-Fedils-Gaaschtprofesser mat all sengen Titele wierdegen. Mee mir hunn ee wichtege Beräich ausgelooss: D’Politik.

E politescht Wonnerkand

An der Politik sammelt een nämlech all déi wichteg Elementer fir eng Karriär als Verwaltungsrot: Et sammelt ee Kontakter, Insiderwëssen an et schaaft ee vläit souguer legal Konditiounen, déi sech spéider eng Kéier als immens nëtzlech erausstelle kéinten. Fir ze verstoen, wéi de Jean-Louis Schiltz zu eisem Beruffswonnerkand ginn ass, musse mer e Stéck an d’Vergaangenheet goen. Tëscht 2004 an 2009 hat de Jean-Louis Schiltz nämlech - nieft senger Zousaz-Tâche als Gouverneur vun der „Banque asiatique pour le développement“ e besonnesch villverspriechenden Niewenjob: Kommunikatiounsminister vu Lëtzebuerg. Wéi ass et dozou komm?

Schon zanter dem Joer 2000 hat de Jean-Louis Schiltz als Generalsekretär vun der CSV gejobbt an huet séier als eng Zort neoliberalen Hoffnungsdréier vun der Partei gegollt. Säin Engagement an der deemools iwwermächteger Staatspartei huet sech ausbezuelt. Direkt no sengen éischte Walen, bei deenen hien am Fong just 8-gewielten op der Zentrumslëscht ginn ass, gouf et fir de Jean-Louis Schiltz e Ministerposten. Uganks awer just d’Kooperatioun an den Titel als delegéierte Minister fir d’Kommunikatioun - een ee bëssi more Portefeuille fir esou een ambitionéierten Altruist. Nach wärend der Legislaturperiod gouf dowéinst ëmgebaut. Fir de Luc Frieden z’entlaaschten huet de Jean-Louis Schiltz, ee passionéierte Familljepapp vun dräi Kanner, dann och nach de Verdeedegungsministère iwwerholl an dee lächerlechen Titel vum „Ministre délégué“ an ee méi anstännegen ëmwandele gelooss: Kommunikatiounsminister.

Den CLT-UfAs Minister

Als Kommunikatiounsminister zu Lëtzebuerg hat de Jean-Louis Schiltz virun allem eng Aufgab: D’Interesse vun der CLT-UfA (dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg) schützen an et der Bertelsmann-Duechter esou gemittlech wéi méiglech zu Lëtzebuerg ze maachen. Dozou gehéiert och, dass sech de Lëtzebuerger Politiker op europäeschem Plang fir d’Interesse vum Konzern staark mécht, also zum Beispill den „Hierkonftslands-Prinzip“ verdeedegt. Hei geet et drëms, dass fir Programmer déi aus Lëtzebuerg „gesent“ awer am Ausland gekuckt ginn trotzdeem déi lëtzebuergesch Reegelen zielen. An nee, domadder ass wuelgemierkt net RTL Tëlee Lëtzebuerg gemengt, mee déi sëlleg aner TV Programmer, déi zu RTL Group gehéieren awer z.B. an Holland produzéiert a gekuckt ginn, a Frankräich (M6), der Belsch oder och a ville weidere Länner (Stand 2007, S.11). Si all wéilten de lokale Gesetzer entkommen a vum méi favorabele Kader zu Lëtzebuerg profitéiere, dat heescht vu méi niddrege Steieren, manner Regulatiounen a Kontroll an ee méi large Kader wat Reklammen an d’Product-Placement ugeet. Zum Gléck hat de Jean-Louis Schiltz um EU-Niveau eng gutt Verbündet: d’Vivianne Reding wor zu der Zäit praktescherweis EU Kommissärin fir Medien.

Ënnert dem JL senger Verantwortung krut RTL awer och um nationale Plang eng Sonnerbehandlung an zwar a Form vun engem speziellen, hallefstaatlechen Statut. Dëse sollt et zukünfteg erlaben, staatlech Suen an dee Konzern erafléissen ze loossen. RTL erfëllt eng „Mission de Service Public“ déi gläichzesetze wier mat aneren „ëffentlech-rechtlechen“ Medien, huet et op ee mol geheescht. Baséierend ob dëser Iddi gouf de Privatkonzern zu Lëtzebuerg a Positioun bruecht fir och zukünfteg d’Entstoe vun enger wierklecher ëffentlech-rechtlecher Tëlee ze verhënneren. U Vältesdag 2007 huet de Jean-Louis Schiltz an deem Sënn een neie Libesvertrag fir de Staat mat der CLT-UFA ënnerschriwwen, ganz zoufällegerweis just dräi Deeg nodeems sech Lëtzebuerg op europäeschem Level schlussendlech als Gewënner feiere konnt. Den Thomas Rabe, deemols Finanzvirstand vu Bertelsmann, ass dofir extra op Lëtzebuerg erofkomm an huet zesumme mam Jacques Santer, deemolege Präsident vum CLT-UFA Verwaltungsrot, op der Säit vum Konzern säi Krop op d’Pabeier gesat.

Wann engem d’Politik ze langweileg gëtt

2009 ass de Jean-Louis Schiltz dann eng zweete Kéier mat an d’Wale gaangen. Als drëttgewielten op der CSV-Lëscht am Zentrum ass et komescherweis net duergaange fir weider ee Ministerposten ze behalen. De Jean-Louis Schiltz ass da Fraktiounsspriecher vun der CSV an der Chamber ginn, ee Posten deen hien offensichtlech immens gelangweilt huet, sou dass hie schlussendlech just 2 Joer drop d’Bengele bei déi politesch Tromm geschmass huet an zeréck a säi veréierte Privatsecteur gewiesselt ass. „Ech ginn dohin zeréck, wou ech hierkommen […] Ech wosst, datt ech net aus der Politik géing an d’Pensioun goen“ seet de Jean-Louis Schiltz deemools um RTL-Mikro. D’Politik ass geschockt, domat ass net gerechent ginn. Wat motivéiert de Jean-Louis Schiltz zu dësem Schrëtt? Ass et eng Affär aus senger Zäit als Arméis-Minister, déi ee juristescht Nospill hat? Et kann ee just spekuléieren.

Allerdéngs schéngt kloer, dass de Jean-Louis Schiltz a senger Zäit als Fraktiounschef een erliichtend Erliefnis hat - säi wuel éischte Sëtz an engem prestigiéise Verwaltungsrot. Et ass nämlech sou, dass zanter dem Ufank vun der neier Legislaturperiod un eng nei Traditioun an der Chamber entsteet. Et sinn d’Fraktiounschefs vun deenen dräi gréisste Parteien déi elo och am Verwaltungsrot vun der CLT-UFA sëtzen - als Vertriedung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. 2011 iwwergëtt de Jean-Louis Schiltz zwar sengem Nofollger um Kapp vun der CSV Fraktioun, dem Lucien Thiel, säi Stull an deem Verwaltungsrot, mee hie bleift selwer an eegenen Numm einfach an deem Gremium sëtzen. Et war dee wuel ultimatiivste Wiessel vum Volleksvertrieder zum Representant vu sengem eegene Portmonni, dee jee gesi gouf. A fir de Jean-Louis Schiltz ass et just den Ufank vu senger neier Karriäre.

E Salto Mortale, wéi Dir en nach net gesinn hutt

Zeréck an der Privatwirtschaft fänkt den Affekot Jean-Louis Schiltz mam Sammele vu Verwaltungsrotssëtzer un a start duerch a senger Karriär als Béier-Verméigens-FinTech-Affekote-Fedils-Professer. Mee parallel klëmmt hien, den eemolege Kommunikatiounsminister, och innerhalb vun der RTL Group d’Karriärsleeder rop. 2017 kënnt hei deen nächste wichtege Schrëtt, de Jean-Louis Schiltz ersetzt de Jacques Santer un der Spëtzt vum CLT-UFA Verwaltungsrot. An an dëser Funktioun kann hien dann esouguer d’Neioplo vum Staatsvertrag mat RTL ënnerschreiwen! Also deem nämmlechte Vertrag, deen hie schonns eng Kéier vun der anerer Säit hier ausgeschafft huet. Mee dës Kéier vun der Säit vum Mediekonzern. Applaus fir dëse Salto Mortale!

Huet de Jean-Louis Schiltz vun deem Moment u wou hien d’Regierung verlooss huet der Privatwirtschaft mat all sengem Insiderwësse gedéngt? Nee, am Fong scho virdrunner. Huet hie mat senge Kontakter der Entreprise Virdeeler verschafe kënnen, ganz am Stil vum Gaston Thorn? Méiglech, mee bei engem sou éierleche Mënsch, dem den intérêt public sou wichteg ass, jo awer éischter onwarscheinlech, oder? 2022 koum fir den Insider aus der Lëtzebuerger Politik jiddwerfalls dann d’Kréinung beim Bertelsmann-Konzern: de Jean-Louis Schiltz gëtt eng vun deene wichtegste Persoune bei RTL Group, an zwar Vice-Chairman vum Board of Directors. Gratulatioun, léiwe Medien-Béier-Verméigensverwaltungs-FinTech-Weltraum-Affekote-Spidols-Fedils-Gaaschtprofesser.