Photo: © Land 1984

Hien huet vill fir Lëtzebuerg gemaach… pardon, fir d’CLT. Dat ass jo quasi dat nämmlecht?

„Joli coup pour Jean Dondelinger“, schreift d’Land de 5. Juli 1991. Et geet ëm den „commissaire européen responsable de la politique audiovisuelle, qui vient de permettre au Luxembourg de garder toutes ses chances d’être présent sur le marché de demain de l’audiovisuel“. Domat léisst d’Land déi Leit staunen, déi geduecht hunn, d’Kommissären géifen net fir national, mee fir europäesche Ziler kämpfen.

Wann ee méi genee hikuckt, fält op, dat et am Fong och net esou wierklech ëm national Interesse geet, mee éischter ëm d’Interesse vun enger spezifescher Firma: der CLT, dem Konzern hannert RTL. Wien haut versicht nozevollzéien, wéi d’Mediegesetzer um europäeschem Level vu Lëtzebuerger*innen en faveur vun der CLT gestallt gi konnten, stéisst sécher och op de Jean Dondelinger. Unhand vu senger Biografie gëtt kloer, wéi déi Lëtzebuerger Politik an d’CLT zesummegeschafft hunn.

E flotte Berufswiessel

Schonns 1977 huet de Jurist Jean Dondelinger, deemools als „Stännege Vertrieder“ vu Lëtzebuerg zu Bréissel, ee Coup gelant. Op der Konferenz vun der UIT (Union internationale des télécommunications) zu Genève huet hien als Chef-Verhandler zesumme mam deemolege Premier Gaston Thorn iwwerraschend gutt Satelittefrequenzen fir Lëtzebuerg erausgeschloen (vgl. cvce 2013). „Fir Lëtzebuerg“ heescht an dësem Fall nees fir d’CLT. Schonns 1973 hat sech d’CLT iwwert de mam Staat ënnerschriwwenen Konzessiounsvertrag nämlech d’Recht ofgeséchert, déi Frequenz ze bedreiwen.

Uganks den 1980er ass de Jean Dondelinger, deen ni eng Parteikaart hat, op sengem Posten zu Bréissel dobäi, wéi de Gaston Thorn, zu deem Moment als Präsident vun der europäescher Kommissioun, d’Direktive „Télévision sans Frontières“ op de Wee bruecht huet. Mat dëser Direktive sollt den europäesche Medienmarché liberaliséiert an e Bannemaart fir d’Medie geschafe ginn – eng sensationell Aussicht fir d’CLT.

1984 ass de Jean Dondelinger op Lëtzebuerg zeréck komm, fir de Posten vum Generalsekretär am Ausseministère z’iwwerhuelen. Ausseministesch wor dee Moment just nach fir e puer Méint d’Colette Flesch (DP), déi als Ex-Europaparlamentsdeputéiert dem Jean Dondelinger wuel gutt bekannt gewiescht si muss. Zousätzlech zum Posten ass de Jean Dondelinger dee Moment awer och Regierungskommissär innerhalb vun der CLT ginn - an dat um Ufank vun enger komplizéierter Zäit fir de Mediekonzern.

Pragmatesch Léisungen

Enn vun den 1980er huet fir d’CLT e Wettlaf géint d’Zäit ugefaangen. Et wor keen anere wéi de Gaston Thorn, deen direkt no senger Zäit als Kommissiounspresident d’Rudder an der CLT an der Hand hat. Hien huet de Konzern op d’Chancen, déi seng eegen Direktive bidde géif, virbereet. All d’Länner an der europäescher Gemeinschaft hunn dee Moment ugefaangen, hiren jeeweilegen Tëlees-Marché fir kommerziell Programmer opzemaachen. Fir d’CLT wor et awer meeschtens nach net méiglech, vu baussen op een nationale Marché ze kommen, well déi europäesch Direktive nach net final ratifizéiert wor.

Dës Situatioun huet zum Beispill dozou gefouert, dass RTL Plus zwar 1984 zu Lëtzebuerg gestart ass, mee dann séier seng Produktioun an Däitschland verluecht huet, fir sech do um Marché besser etabléieren ze kënnen. Hat den Thorn sech verspekuléiert? Wéi konnt d’Europäesch Gemeinschaft dozou beweegt ginn, d’Pläng méi séier ëmzesetzen? (vgl. Dossier am Land 1988)

D’Léisung wor schlussendlech relativ banal. An zwar huet Lëtzebuerg kuerzerhand de Jean Dondelinger 1989 zum europäesche Kommissär ernannt. Seng Aufgab wor et, dem Gaston Thorn seng Direktive „Télévision sans Frontiers“ elo sou séier wéi méiglech ëmzesetzen (vgl. Land 1989), fir dass d’CLT déi national Tëlees-Chaînen asammele an ee Medienimperium opbaue konnt.

En echte Patriot

De Jean Dondelinger konnt op breet Ënnerstëtzung zielen. Ugefeiert gouf hie vu kengem anere wéi dem Gaston Thorn héchstperséinlech. Am Numm vum frësch-gegrënnte Bréisseler Lobbygrupp, der „Association des Télévisions Commerciales“, zu der och dem Berlusconi seng Fininvest gehéiert (Land 07.07.1989), rifft Thorn de Kommissär Jean Dondelinger dozou op, esou séier wéi méiglech e juristesche Kader fir den europäeschen Medienmarché z’etabléieren a fuerdert gläichzäiteg méi Spillraum fir Tëleesreklammen. Ënnert dem Kommissär Dondelinger gouf d’Colette Flesch, d’Ausseministesch, déi deemools de Jean Dondelinger op Lëtzebuerg geholl huet, op de wichtege Posten vun der Generaldirektesch ë.a. fir Medien an Informatioun placéiert.

An de Jean Dondelinger assuréiert: schonns 1989, also nach am Joer vu sengem Untrëtt, bréngt hien d’Direktive duerch de Ministerrot a boxt e schlussendlech och laanscht dat nervegt Europaparlament (1989 Land). An der Suite stellt hien an enger weiderer Rei Dossiere sécher, dass och nëmmen näischt ze vill géint d’Interesse vun der CLT geet. Kee besonnesch gudden Europäer, mee dofir e richtegen CLT-Patriot.