Photo: ©SMC

Am éischten Deel vun der Serie gëtt de Vertrag a säi Virwuert präsentéiert. Wien ënnerschreift den Deal a wéi eng Geschicht hu sech déi Bedeelegt ausgeduecht fir de Milliounen-Vertrag dem Public ze verkafen?

RTL Eent huet, wéi all gudden „Service Public“, net just den Optrag ze entertainen. Informéieren, Opklären a komplex Texter verständlech an zougänglech maache gehéiert och zu eisen Aufgaben. An der neier Serie „Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL“ erkläre mir Kapitel fir Kapitel, wat am Vertrag tëscht Staat an RTL drasteet - a firwat dat Ganzt de Pabeier net wäert ass, op deen et geprint gouf.

D’Dokument

„Convention portant sur la prestation d’une mission de service public en matière de télévision, radio et activites digitales conclue entre l’État du Grand-Duché de Luxembourg et CLT-UFA et RTL Group“ heescht de Vertrag tëscht Staat an RTL offiziell, d’Dokument ass online ze fannen, et huet ee jo näischt méi ze verstoppen. Fréier Konzessiounsverträg waren ëmmer streng geheim, mee nodeems den Deputéierten vun de Piraten Sven Clement duerch d’Institutioune gezunn ass fir esou ee Vertrag zu Gesiicht ze kréien, hu sech d’Vertragspartner dës Kéier d’Geheimniskréimerei gespuert. Dat louch awer wuel haaptsächlech dorunner, dass dës Kéier ee Finanzéierungsgesetz d’Konventioun begleeden an an der Chamber gestëmmt gi muss - a fir knapps 105.000.000€ fräizemaache misst een dann awer de Volleksvertrieder*innen Bescheed soen, wourëms et eigentlech geet.

Ënnerschriwwe gouf de Vertrag de 14. Juni 2022, nodeems eppes méi wéi ee Mount virdrunner d’Finanzéierungsgesetz an der Chamber gestëmmt gouf. Fir de Staat huet de Xavier Bettel als deemolege Staats- a Medieminister ënnerschriwwen, fir d’CLT-UFA ënnerschreift de fréiere Kommunikatiounsminister Jean-Louis Schiltz an de Bertelsmann-Chef Thomas Rabe, deen och, zesumme mam Elmar Heggen, fir RTL Group ënnerschreift.

Wéi deen neie Konzessiounsvertrag entstanen ass

Den aktuelle Konzessiounsvertrag wor néideg ginn, well de Vertrag vu virdrunner zum 1. Januar 2024 ausgelaf ass. De Virgängervertrag, deen och ënnert der Responsabilitéit vum Xavier Bettel entstanen ass, huet eng éischte Kéier een direkte staatleche Subsid un RTL Lëtzebuerg virgesinn. Vir laanscht d’Stëmme vun engem Finanzéierungsgesetz an der Chamber ze kommen, gouf deemools just eng Lafzäit vun 3 Joer an e Subsid vun ca. 10 Mio. € pro Joer virgesinn.

No de gewonnene Wale vun 2018 huet de Xavier Bettel op en neits ugesat fir RTL ze subventionéieren. Zwar haten d’LSAP an déi Gréng et gepackt zumindest virsiichteg d’Alternativ zur CLT-UFA-Subventionéierung an de Koalitiounsvertrag ze schreiwen: „une chaîne de télévision publique serait éventuellement à créer“, mee de Xavier Bettel huet sech dovunner net beandrocke gelooss. Och een Avis vun der Medienopsiicht ALIA, déi eng wesentlech méi pluralistesch Richtung virschléit, ignoréiert den deemolegen Medienminister. An enger „Orientéierungsdebatt“ an der Chamber zitt de Xavier Bettel selwer einfach scho mol d’Fazit: eng ëffentlech-rechtlech Tëlee wier ze deier, dowéinst misst ee weider um Wee bleiwen RTL fir eng „Mission de Service Public“ ze sponsoren. Den Xavier Bettel leet dofir eng Zort „Etude“ fir, déi un Eesäitegkeet net z’iwwerbidden ass. Als Beispill ernimmt de Xavier Bettel d’Käschte vun ARTE a mécht sou, wéi wa mat der Aféierung vun enger ëffentlech-rechtlecher Tëlee zu Lëtzebuerg eng direkt Belaaschtung vun de Steierzueler*innen komme géif.

Domat ass d’Debatt dann och scho riwwer. Der Mediekommissioun vun der Chamber stellt de Xavier Bettel als nächst e fäerdeg verhandelten neie Konzessiounsvertrag  vir, fir eng richteg Diskussioun feelt awer nach dee brisantsten Deel: déi budgetär Ausmoossen. Déi ginn e puer Méint méi spéit an der Chamberskommissioun präsentéiert, allerdéngs net vum Xavier Bettel, mee vum Paul Konsbrück, engem Ex-RTL Mataarbechter, dee fir de Staat lo déi nei Konzessioun mat RTL ausgehandelt huet. Et ginn eng éischte Kéier d’Finanzen ernimmt, amplaz vun den 10 Mio., déi bis elo gegollt hunn, ass elo vu bis zu 15 Mio. € d’Ried, de Maximum, deen iwwerhaapt no EU-Gesetzer méiglech wier. D’Deputéiert gi gewuer, dass elo ee Finanzéierungsgesetz néideg gëtt - an dat gëtt och geschwënn duerno an héijem Tempo duerch d’Chamber gejot. Ier dass d’Leit et esou richteg gemierkt hunn, wor dann deen nächste Vertrag mat RTL fir den Zäitraum 2024 - 2030 ënnerschriwwen.

D’Virwuert

D’Virwuert vum Vertrag besteet engersäits aus verschiddenen Floskele wéi zum Beispill dëser: „Considérant que l’indépendance, l’honnêteté et l’impartialité de l’information, ainsi que la présentation objective des questions prêtant à controverse sont des conditions essentielles pour assurer le respect du pluralisme de l’expression des convictions et d’opinions“. Éierlechkeet, Onofhängegkeet an eng objektiv Berichterstattung sollen dem Virwuert no also de Meenungspluralismus schützen. Dës Ausso verschleiert de Problem, dee Lëtzebuerg duerch d’Monopolstellung vun RTL huet: Amplaz eng Pluralitéit duerch vill verschidde Medienhaiser ze erméiglechen an ze fërdere beoptrag de Staat een eenzegt Medium, en plus eent mat kommerzieller Ausriichtung, dëse Pluralismus hierzestellen.

Anerersäits besteet d’Virwuert aus dem Ernimme vun enger Rei Gesetzestexter, déi d’Rumm fir d’Medienaarbecht awer och fir d’Subventionéierung vu private Konzerner setzen. Genannt ginn zwee Texter vun der EU. Deen éischten ass d’Entscheedung (2012/21/UE) vun der EU-Kommissioun, an der si de maximale Montant (15 Mio. € / Joer) an d’Konditioune fir staatlech Subsiden u kommerziell Firmen definéiert. Et ass am Fong ee relativ strengen Text, ëmmerhi geet et ëm d’Wettbewerbsrecht. Eng gréisser Unzuel u Kontrollmechanisme ginn explizit gefuerdert an definéiert, et sinn déi Mechanismen, déi am Konzessiounsvertrag och ze fanne sinn, déi vum Xavier Bettel a vun RTL awer wéi eng fräiwëlleg Transparenz-Offensiv duergestallt goufen.

Sou steet zum ë.a. dës Bestëmmung am Text vun der Kommissiounsentscheedung, deen RTL Lëtzebuerg, déi parallel zur „Mission de Service Public“ jo och nach ee kommerzielle Programm bedreiwen, nach zum Verhängnis gi kéint: „(9) Übt ein Unternehmen auch Tätigkeiten aus, bei denen es sich nicht um die betreffende Dienstleistung von allgemeinem wirtschaftlichem Interesse handelt, so müssen in dessen Buchführung die Kosten und Einnahmen […] von allen anderen Tätigkeiten getrennt ausgewiesen werden; außerdem ist anzugeben, nach welchen Parametern die Zuordnung der Kosten und Einnahmen erfolgt. Als Kosten, die nicht der Erbringung der Dienstleistungen von allgemeinem wirtschaftlichem Interesse zugerechnet werden können, gelten alle unmittelbaren Kosten, ein angemessener Beitrag zu den Gemeinkosten und eine angemessene Kapitalrendite. Für diese Kosten darf kein Ausgleich gewährt werden.“

Deen zweeten EU-Text, deen am Virwuert vum Konzessiounsvertrag ernimmt gëtt ass d’Matdeelung (2009/C257/01) vun der EU Kommissioun. Hei geet et generell ëm staatlech Bäihëllefe fir ëffentlech-rechtlech Medien an niewebäi och ëm Privatmedie mat ëffentlech-rechtlechem Optrag, sou wéi et bei RTL Lëtzebuerg virgesinn ass. Och hei ginn nees eng ganz Rei u Kontrollmechanismen en Place gesat, déi garantéiere sollen, dass et zu kenger Marchés-Verzerrung kënnt.

Zousätzlech zu deenen zwee EU-Texter gëtt och een nationale Gesetzestext genannt, an zwar d’Mediegesetz vun 1991, dat ewell e puer mol amendéiert gouf. Insgesamt gëtt hei also de gesetzleche Kader erwäänt, un deen sech de Lëtzebuerger Staat an RTL Lëtzebuerg eigentlech hale missten. Eigentlech.

Dëst ass deen éischten Deel vun enger Serie un Texter iwwert de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an der CLT-UFA (RTL Lëtzebuerg). Den zweeten Deel fannt der hei.