FOTOEN - Tëscht Platen an Bruch
Van rennt an Bam
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
LibrePenseur26.02.2024Barcelona huet och gespillt an sin dohem nött iwert en 1-1 eweg komm. Do muss och mei kommen.
-
Wuermdran26.02.2024An no der Manif soutzen se mat hiren Smartphones am McDO an beim Starbucks... An wiesou déi Slogans bal alleguer op Englesch? Ass dat méi cool, oder kënnen se keen Lëtzebuergesch?
-
Enn_Letzebuerger26.02.2024No Chreschtdag kennt den groussen Lockdown, do sin ech mir ziemlich secher. Well dat Gepidells vun denen leschten Wochen, huet naischt bruecht.
-
Anna_List26.02.2024Et konnte Vaccinë entwéckelt ginn, déi eng Erliichterung woren an elo d'Hoffnung duerstellen, datt mer all endlech aus deer Kris rauskommen? Wou d’Spideeler sech fëllen, gëtt awer hei Leit d’Wuert ginn, déi keng Skrupel hunn déi Fräiheetshoffnung ëmzedréinen, an déi keng Grëtz Matgefill weise fir d’Famillje vun deenen déi d’Krankheet net iwwerliewt haten, a kee Respekt weise fir all déi Leit, déi de Kranken hëllefen. Et wir dat mannst wat ee vun all ziviliséirtem Mënsch erwaarde kënnt. Géif jidderee sou denke wéi déi Demonstranten, ounst éierlech Unerkennung vum positiven Impfeffekt an ounst e Minimum u Vertrauen an Dankbarkeet fir d’Medizin an d’Pfleeg, dann hätte mer séier en Zoustand wou kee méi deem anere vertraue géif. Wou d’Zesummeliewe net méi méiglech wir. Mat hirem Verhale schueden déi eng wéi déi aner dem Zil aus der Pandemie rauszekommen an domat äis all deels physesch a psychesch. Dofir wir et méiglech sou eppes souguer aus liberalistesche Grënn ze verbidden.
-
Virwatnet26.02.2024Madame Semedo huet neischt meizu Breissel zesichen Sie war op der DP Lescht an do hannen mat komm. Elo wo Sie aus der DP eraus aassas et dach net normal das Sie einfach Partei zuBreissel kann wiesselen. Vollek huet DP gewielt... ode huet Sie dat vergiess just e gudd Zuchpaerd fir Partei mat allem dremmann drunn
-
Emmer daat selwecht26.02.2024Mech wonnert guer naïscht méi.