TELEE - De Kontext
D'Lëtzebuerger Sprooch retten ouni ze nerven - Wéi wäit geet de Putin?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Franz Fayot, DP
- Gilles Roth, wor deemols um Voldemort senger Säit
- Serge Wilmes, Minister fir eppes wat net méi nerve soll
- François Bausch, nach ëmmer op der véierter Iwwerhuelspuer
- Jean-Louis Siwek, weess näischt kann awer alles erklären
-
Die_Wahrheit09.05.2024Endlech bei baal 700.000 Bierger onbedingt néideg.
-
Mister X09.05.2024Duerfir stelle mer och lauter Quereinsteiger an der Edukatioun an, well mer ze knekkeg sinn fir genuch Formateuren op der Uni.lu ze engagéieren an esou genuch Studente kennen ausbilden fir eise Kanner eng pädagogesch heischwaerteg Educatioun ze bidden.
-
Letzpower09.05.2024Ass deen doten och nach do?