Photo: Marco Verch (CC BY 2.0)

Spéit am Owend vum 29. Januar 2024 goufen um Boulevard des Lumières zu Esch-Uelzecht dräi Persoune gemellt, déi probéiert hunn an e Gebai ze zwéngen.

Eng Policepatrull konnt kuerz drop d’Leit am Gebai fannen. E Pak mat Haschisch gouf saiséiert. Bei enger uschléissender Haussich gouf eng grouss Quantitéit Heroin, souwéi méi kleng Quantitéite Kokain a Cannabis fonnt.

Eng vun den dräi Persounen huet behaapt de Besëtzer vun den fonnten Drogen ze sinn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an de Moien vum 30. Januar 2024 virum Untersuchungsriichter bruecht.

Donieft huet de Parquet d’Identifikatioun vun de Rescht Leit an d’Konfiskatioun vun Drogen, Geld an Handyen bestallt.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.