TELEE - De Kontext
Woufir steet d'Wirtschaft? Fräiwëlleg oder gezwongen?
![](/assets/img/kontext_banner.png)
© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Claude Meisch, Superminister a Minister fir alles
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
- Gilles Baum, ass net Minister ginn
- Eric Thill, och mat dobäi wéinst der Nord-Quot
-
Weltbiirger28.12.2023Dee Mann ass eppës wéi en Helikopter: Flitt vun enger Platz op déi aaner, wirbelt Stëpps op, a flitt erëm weider." - Dat nennt ee FLEXIBEL!!!
-
Die_Wahrheit28.12.2023LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.
-
Verstinechnet28.12.2023Leider as et Realiteit zu Letzebuerg daß vill Fraen oder och jonk Meedercher belästegt gin.Et missten vill mei Policekontrollen doremmer sin,och op bekannte Platzen am Land.Mee et get gespuert an vill Personal offgebaut.Freier goufen et op villen Dierfer nach eng Gendarmerie.As haut net mei den Fall.Op Arbescht oder um Schoulwee oder sos unzwesch erausgoen as fir keng Fra einfach.Pefferspray as verbueden an der Täsch ze hun.An wei soll een sech do wieren können bei Belästegungen oder och Gewalt?Virun engem Stalker as een och guer net geschützt.Et gelt mol emdenken bei eisen Politiker an eist Land mei secher ze machen an Gesetzer mei streng ze machen.Opfer vun Belästegungen an Gewalt sollen mei geschützt gin an och mei Policekontrollen iwer Land gemacht gin.Mee dat kascht den Staat zevil Geld.Et muss gespuert gin op den Kapp vun den Bierger awer Onsecherheeten bleiwen bestoen op am Dag oder owes as een als Fra nie geschützt.
-
Meckerhary28.12.2023Verglächt een d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten op eise Stroosse proportional mat deenen an de Nopeschlänner, da sinn et der hei nach ëmmer ca. 25% méi wéi do. Soll dat alt net mat engem gesellschaftleche Problem zesummenhänken? Datt den Eenzelne sech selwer hei net méi genuch wäert ass. Datt e sech net bewosst ass wat e sech selwer schëlleg ass. Datt en dofir net op sech selwer oppasst, wann e sech an ee Gefier setzt fir op ëffentleche Stroossen ze fueren. Dofir gëtt awer samschdes eng Stonn laang de Statussymbol Auto gebotzt. Fir datt en nëmme blénkt. Wat soe soss d'Kollegen an d'Frënn.
-
Infowars28.12.2023Dat doten ass jo e placement vun Steiersuen, mech géif interesséieren wievill Prozent Rendement do am business plang ugeholl goufen. Dat matzedéelen gehéiert zur Transparenz.
-
KriteschKritik28.12.2023All Respekt fir déi intressant Sendung!👍🏻👍🏻👍🏻 Do héiert een och ganz klor eraus, datt vill Problemer lang bekannt sin, awer wéi ëmmer, op deenen falschen Platzen gespuert gëtt! Och d’Zukunft vun eisen Kanner an Jugëndlechen, gesäit ganz schlecht an traurëg aus, an du freess dech wirklech, op déi eng Hand an eiser Regierung weess, waat déi Aner mecht! Ech bezweifelen daat ganz stark...!!!!!😡😢
-
Politmotor28.12.2023Nujee, dass den Artikel an der Zeitung sech muss op Lux-Privat bezéien, déi sech als eenzeg géifen trauen eppes ze schreiwen, schwätzt elo nët fir d'Substanz vun deem Artikel. Ben il n'y pas de fumée sans feu.
-
Komplet_Wurscht28.12.2023Haut de moueren Huet een jo gesinn wat passiert mat 90kmh. Puff an schon steht alles. An geht naischt Mei. An elo soll en mir een daat erklären ob dann manner Accidenter et sin.