Bild: Netflix

D’Krimis-Serie wor zu Lëtzebuerg an souguer iwwer d’Grenzen ewech ee Succès. Mee hannert de Kulissen ass et ëm méi, wéi Ënnerhalung gaangen.

Capitani ass déi bekanntsten Tëlees-Serie vu Lëtzebuerg an eng national Prestige-Produktioun. De Succès vu Capitani ass domat och ee Succès fir RTL. Mee ass d’Zesummenaarbecht vum Filmfong mam kommerzielle Sender net eigentlech och eng verstoppte staatlech Bäihëllef?

Als Tëlees-Chaîne steet RTL Tëlee Lëtzebuerg permanent ënner Konkurrenzdrock. Am Land selwer huet RTL, zumindest um Tëlees-Marché, keng Konkurrenz - mee d’Leit kéinte jo déi franséisch oder däitsch Tëlee kucken. Virun allem awer stellen d’Streaming-Offeren och hei am Land eng Gefor fir déi linear Tëlee duer. D’Konkurrenz heescht Netflix, Amazon Prime an DisneyPlus. Esou sinn zumindest d’Aussoe vum RTL Lëtzebuerg Chef Christoph Goossens 2020 an der Mediekommissioun am Parlament wou hien sech fir eng nei a méi konsequent Subventionéierung vun RTL agesat huet. D’Reklamms-Recettë géifen zeréckgoen an RTL géif Verloschter maachen. Dass weder déi däitsch nach franséisch Tëlee eng Konkurrenz um Lëtzebuerger Publicitéitsmarché duerstelle, bleift onerwähnt. Zanter dem 01.01.2024 couvréiert de Staat RTL dowéinst also net just een Defizit bis ca. 10 Mio. Euro, mee bis 15 Mio. Euro, dem vun der EU erlaabte Maximum fir staatlech Opträg u Privatkonzerner. Ob dat duergeet?

D’Konkurrenz vu Streaming zu den Tëlees-Sender ass ee weltwäiten Trend, deem deemno och d’Cheffe vum Mammekonzern RTL Group, bzw. Bertelsmann entgéintwierke wëllen. Eng vun den Äntwerte vu Bertelsmann a sengem CEO, dem Thomas Rabe , ass den Opbau vun eegene Streaming-Plattforme fir seng Tëlees-Chaînen. Och RTL Lëtzebuerg setzt op dës Strategie an huet „RTL Play“ gestart. Schlussendlech stellt sech awer eng entscheedend Fro: Wat leeft iwwerhaapt op RTL - an ass de Programm gutt genuch fir d’Leit bei der Staang ze halen? Ouni Qualitéit gëtt et och keen Interêt. Qualitéit kascht. An de Staat soll bezuelen.

Wien bezillt dem Capitani seng Paye?

D’Qualitéit bitt op RTL nämlech net just de staatlech subventionéierte Journalismus. Et ass RTL-Aussoen no dat meeschtgekucktesten Format op RTL Tëlee gewiescht: Als Fazit vun der éischter Staffel „Capitani“ op RTL huet et an engem Pressecommuniqué vun RTL geheescht: „158.000 Leit hu Capitani op RTL gekuckt, 90.4% wëllen eng Fortsetzung“. Déi gefuerdert Fortsetzung ass och komm an hätt dann nees „de Rekord gebrach“: Eng 232.000 Leit am Grand-Duché hätten zumindest mol an eng vun de Follgen erageluusst . Den Hype ronderëm Capitani ass och vun RTL selwer kreéiert ginn, déi mat Reportagen, Interviews a Meldungen op all hire Medie scho Méint laang am Viraus d’Virfreed op d’Serie opkache gelooss hunn. No der Ausstralung ass „Capitani“ da méintelaang um neie Streaming-Déngscht vun RTL ze fannen a lackelt d’Leit op dës nei Offer. Dobäi profitéiert RTL natierlech selwer vum Hype a iwwerall wou et méiglech ass vu Reklammen.

Dat ass praktescht fir RTL: Capitani gouf haaptsächlech vum Staat iwwert de Filmfong bezuelt. De Budget vun der éischter Staffel louch bei 2,6 Milliounen Euro. Nieft klenge Beträg vun de Produktiounsboîtte si ganzer 2,1 Milliounen Euro vum Filmfong komm. RTL huet just 300.000 Euro dobäi geluecht, souvill kritt eleng RTL am Schnëtt an 8 Deeg mat Tëlees-Reklamme ran. Déi zweet Staffel wor da mat 3,6 Milliounen Euro nach eng Kéier méi deier, de staatleche Filmfong ass hei bis u säi Maximum gaangen, an huet mat 120.000 Euro fir d’Dréibuchentwécklung an 3 Milliounen Euro fir d’Produktioun 86% vun de Käschte gedroen. De Budget gouf a zwee Tranchen accordéiert. RTL wor wuel och un der Finanzéierung vun der zweeter Staffel bedeelegt, nees em déi 300.000 Euro. Hei stellt sech lo – mir schreiwen d’Joer 2021 – d’Fro, ob déi Sue vun RTL net eigentlech och Sue vum Staat sinn. Et ass also net de Capitani, mee de Staat, deen RTL direkt duebel ënner d’Äerm gräift.

Eng verléisslech Quell fir gratis Content

Soulaang d’EU also net bemierkt, dass de Staat an RTL Weeër fonnt hunn nach weider staatlech Mëttel an de Privatkonzern ze transportéiere, kann een hei dann eigentlech vun enger Win-Win Situatioun schwätzen, oder? D’Land huet ee Filmsecteur, dee staatlech finanzéiert Serië produzéiert an eng staatlech subventionéiert Tëlee mat Streamingplattform, déi déi Serien dann ënner d’Leit bréngt. An RTL däerf zousätzlech nach alles mat Reklammen dekoréieren a sech dovunner d’Gewënner an d’Täsch stiechen. Nerveg, onnéideg, mee awer toleréierbar?

RTL léisst sech awer op kee Fall op d’Roll vun enger staatlech beoptraagter Distributiounsplattform reduzéieren. RTL wëll sech selwer rauswielen, wat lafe soll - soss kënnt eng ëffentlech Institutioun herno nach mat pädagogesch oder kulturell wäertvoller Langweil erbäi. An esou gouf mat staatleche Mëttelen an der lescht déi plattsten Zort vun Ënnerhalung produzéiert: d’Sitcoms „Weemseesdet“, „Comeback“ an „Zëmmer ze verlounen“ goufe praktesch vun RTL an Optrag ginn. „Everything starts with a request from RTL“, weess och den Kreateur vu Capitani dem Delano ze beriichten. Zanter 2011 schaffen RTL an de Filmfong enk zesummen. Wann RTL Contenu brauch, dann ass de Filmfong an de Startlächer fir säi Portmonni opzemaachen. Aktuell si 5 der Kollaboratioune geplangt a Filmfong an RTL ruffen d’Produktiounsboîtten am Land zu weidere Kreatiounen op.

Ee Symbol fir d’Inkoherenz

Notzt RTL de System a seng Muecht aus? Oder ass et einfach de Filmfong, deen sech souwisou fir keng Trickserei ze schued ass an deem et méi drëms geet, wien eppes produzéiert amplaz wat produzéiert gëtt? Dat ass net ganz kloer. Kloer ass just, dass dat Ganzt esou aus der Siicht vum Staat an domat aus der Allgemengheet eigentlech kee Sënn mécht.

Ironescherweis ass Capitani nämlech schlussendlech net just op RTL Tëlee Lëtzebuerg gelaf - mee och um Online Streaming-Déngscht Netflix. Beim däiwleschen Konkurrent also, der Plattform, wéinst der d’Tëleeschaînen an d’Laberente geroden. U sech dem Grond, firwat RTL vum Staat 15 Mio. Euro kritt. Nach méi widderspréchlech: Souwuel de Staat ewéi och RTL feieren dat och nach: Schonn déi éischt Staffel gouf vun RTL mat enger ganzer Rei vun Artikelen als „Netflix-Hit“ helleg gesprach an déi zweet Staffel wier „a 24 Länner ënnert den Top 10“. Dass „Capitani 2“ Zuelen no, déi Netflix selwer Enn 2023 publizéiert huet, dann awer e bëssi enttäuschend just op der Plaz 2.675 gelant ass, ass RTL allerdéngs keen Artikel wäert.