Screenshot

Net just d’Police ass um rietsen An blann – och hier Affer.

Den Artikel „Zeie gesicht: Polizist bei Ausernanersetzung an der Stad mat Fauscht an d’Gesiicht geschloen“ geet nach Nationalfeierdag selwer, den 23.06.2021, um Site vun RTL.lu online. Et ass dëst, ewéi et bei RTL systematesch gemaach gëtt, eng Kopie vun den Informatiounen aus dem Policerapport aus der Nuecht virdrunner. Keng vun den Informatioune gëtt iwwerpréift. Dobäi gëtt esouguer aus dem Police-Rapport kloer, dass d’Police hei net just observéiert, mee op eng Aart-a-Weis involvéiert wor, bei där eng Persoun herno an d’Spidol huet misse bruecht ginn. Spéitstens hei hätt RTL missen kloer sinn, dass si beim Kopéiere vun den Aussoen aus dem Rapport d’Duerstellung vun enger eenzeger Partei an enger Ausernanersetzung erëmginn. Mee d’Aussoe vun der Police ginn net hannerfrot. En plus gëtt den Zeienopruff vun der Police kopéiert, d.h. RTL leed Zeien direkt un déi Instanz weider, déi hei offensichtlech un enger bestëmmter Duerstellung vun de Faiten interesséiert ass.

Iwwer Videoen, déi sech séier nom Virfall op de soziale Reseaue verdeelen, zeechent sech geschwënn ee Bild of, dat de Police-Asaz an eng aner Luucht stellt. Ze gesinn ass ë.a. ee Polizist, dee blann mam Knëppel ronderëm sech schléit. RTL mellt sech e puer Deeg drop mat der Nouvelle „No Massekläpperei hanner Palais: Zwou Enquêten: Eng wéinst Rebellioun an eng wéinst Feelverhale vu Polizisten“ – déi béid Enquêten dréinen sech allerdéngs net ëm de selwechte Fall. An engem vun deenen zwee Virfäll huet d’IGP an der Tëschenzäit eng Enquête wéinst Feelverhalen vun der Police opgeholl. RTL schreift: „Bei dësem Tëschefall war jo eng Persoun schro am Gesiicht verwonnt ginn“. “Jo”, wéi wann déi vun hinne bis elo net erwäänten Verletzung vun der Persoun allgemeng bekannt wier. RTL gëtt an dësem Artikel dann och Kontext: „Ëm 2.30 Auer hat e Grupp Jonker hannert dem Palais randaléiert an d’Police provozéiert. Op Videoen, déi eis virleien, gesäit een hefteg Ausernanersetzungen a wéi d’Poliziste Pefferspray a Knëppelen asetzen“. Et ass eng immens tendenziéis an onsachlech Beschreiwung, déi am Fong all Froen opléist, „e Grupp vu Jonken“ awer scho virverurteelt andeems hinnen ënnerstallt gëtt „randaléiert“ ze hunn, wat och ëmmer dat heesche soll. Duerch esou Duerstellung bereet RTL awer schonn den Terrain fir d’Police-Argumentatioun vir.

„Wat ass genee geschitt“?

An de sozialen Netzwierker sinn iwwerdeems Fotoe vum 19-järegen Affer vun der Policegewalt ze gesinn. De Blesséierte riskéiert säin A ze verléieren, säin Affekot deposéiert Plainten. Zäit fir RTL, nach eng Kéier nozeleeën. Den 3.07., also méi ewéi 10 Deeg no de Faite leeft Owes am Journal de grousse Reportage. De Frank Goetz moderéiert un: „Wat ass an der Nuecht virun Nationalfeierdag hannert dem Palais genee geschitt. D’Police schreift den Dag duerno vun enger Kläpperei, vu Rebellioun géint Polizisten“. Hien erwäänt natierlech net, dass och RTL genee dat selwecht an deem Moment geschriwwen hat. RTL versicht elo d’Positioun vun der onofhängeger Beobachterin anzehuelen. Mam follgende Reportage vum Jeannot Ries mécht RTL dann awer éischter de Géigendeel. Zwar däerf den Affekot vum Affer erklären, firwat d’Plainte deposéiert gouf an dass et ee Video an eng Ënnersichung vun der Clinique ginn, déi weise géifen dass d’Verletzung eendeiteg vun denger Police-Matraque staamt.

An der Hallschent vum Reportage geet RTL dann awer dozou iwwer, d’Affer ze diskreditéieren: „De jonken Escher hat um Virowend vun Nationalfeierdag gefeiert. En hat och an dësem Fréijoer scho mat der Police an der Justiz ze dinn. Wéinst engem Drogendelikt, an enger Kläpperei ënner Schüler op der Kinnekswiss. Fakten.“ Déi Informatioun iwwer een Drogendelikt an e Virfall ënner Schüler op der Kinnekswiss huet näischt mam Géigestand vum Reportage ze dinn. Jiddwerfalls nennt de Jeannot Ries dës hannerhälteg gestreeten aus dem Kontext gerappte Virwërf „Fakten“ - an déi géifen am Géigesaz zu de Vermuddungen, déi jo nach „am Raum stinn“, ronderëm d’Police-Gewalt um Virowend vun Nationalfeierdag stoen. Et freet sech och: wouhier huet RTL dës Informatiounen iwwer d’Affer? Se kënnen eigentlech just vun der Police kommen. An firwat duerchliicht RTL den Hannergrond vum Affer amplaz den vum Täter, dem Polizist? Insgesamt léist RTL esou d’Fro, ween Täter a ween Affer ass, oppen.

D’Sproochrouer vun der Police

Eng weider Meldung, déi RTL an den Zesummenhang setzt, gëtt de 27. September 2021 publizéiert: „No Virfäll um Virowend vun Nationalfeierdag: Police mécht 6 Plaintë wéinst Beleidegung a Menace“. Anescht wéi den Titel et vermudde léist, geet et hei awer ëm Plaintë géint Leit, déi a Posts online d’Police beleidegt a menacéiert hätten – en „Zesummenhang“ gëtt et also net direkt. Och bleift onkloer, wat déi Beleidegungen an Drounge gewiescht si sollen. RTL kopéiert hei ee „Beispill“, dat d’Lëtzebuerger Wort gëtt – am Géigesaz zum Wort erwäänt RTL net, dass et keng Bestätegung gett, dass et tatsächlech em dëst Beispill geet.

Nach eng Kéier zwee Méint drop fuerdert d’IGP dann d’Suspendéierung vum Polizist, deen säin Affer de Virowend vun Nationalfeierdag schro um Gesiicht blesséiert huet. RTL ass lo opfälleg zeréckhalend, beschränkt sech dorops Informatiounen aus dem Wort erëmzeginn a vum Police-Minister bestätegen ze loossen. Iwwert de Polizist schléisst RTL just: „An där Instanz ass hien nach net jugéiert ginn, also gëllt fir hien d’Présomption d’Innocence.“ Am Géigesaz zu deenen aneren Artikel sinn elo net méi déi viregt RTL-Berichter verlinkt.