Photo: Nifoto (CC BY-SA 4.0)

“Bezéiungsdrama“ als Wuert wollt RTL net méi benotzen, nodeems et vun hinne selwer als Verharmlosung vu Gewalt géint Fraen analyséiert gouf. Et ass scho Mëtt Januar, perfekte Moment fir gutt Virsätz aus der Fënster ze schmäissen.

„Bezéiungsdrama an Däitschland: Mann erschéisst Caissière a Supermarché an dono sech selwer“, sou den Titel vun engem Artikel gëschter op rtl.lu. Den Text besteet aus net emol 10 Zeilen Text, erauskopéiert aus enger AFP-Meldung a mat engem näischtsoenden Stock-Bild dekoréiert. RTL versicht hei also just séier e puer Klicks ofzegräifen, an dat mat engem räissereschen Titel. D’Wuert „Bezéiungsdrama“ funktionéiert hei ewéi een Teaser a versprécht dem Public: Drama.

Screenshot RTL

En „Drama“. Wierklech? Dat ass en immens verharmlosent a romaniséiert Wuert fir e Mord. E Mord, dee strukturell Ursaachen huet an dowéinst mëttlerweil als Femizid bezeechent gëtt. Wierder wéi „Bezéiungsdrama“ an och „Familjendrama“ goufen awer fréier méi dacks vun RTL benotzt.

  • Fra gouf a Brand gestach an ass verscheet: „D’Autoritéite gi vun engem Bezéiungsdrama aus.“ (03.09.2016)
  • Bezéiungsdrama zu Rëmeleng: Bei der Ex-Frëndin net erakomm, sech selwer an d’Broscht geschoss, iwwerlieft. (16.10.2019)
  • Sarcelles a Frankräich: Polizist erschéisst Familljememberen an duerno sech selwer - „D’Police geet vun engem Bezéiungsdrama aus“ (20.11.2017)

E puer Stonnen drop ass den Titel vum Artikel op RTL.lu geännert. D‘Ännerung gouf natierlech nees heemlech an ouni Hiweis am Artikel virgeholl. Aus „Bezéiungsdrama“ gouf „Bezéiungsdot“. Dëse Begrëff ass kaum besser, mee et ass deen nämmlechten, deen d’AFP och an hirem Artikel benotzt huet.

Dobäi waren dës Begrëffer rezent eigentlech net méi am Gebrauch bei RTL. „Et ass och kee sougenannt „Familljendrama“, wann e Mann eng Fra ëmbréngt. […] Do geet et ëm Mord, ëm Doudschlag. Dat soll een net mat Wieder verharmlosen“. Dëst ass en Zitat vun der RTL Journalistin Carine Lemmer an engem Commentaire, deen am Juni 2022 op RTL Radio Lëtzebuerg gelaf ass an op rtl.lu publizéiert gouf. Mat dësem Commentaire vun hirer haus-interner Journalistin, hat RTL een taktesch clevere Schrëtt gemaach. Amplaz sech selwer an hier Aarbecht bis zu deem Punkt a Fro ze stellen, hunn si sech iwwert all Berichterstattung am Land erhuewen an sech selwer als d’Spëtzt vun der Mediekritik inzenéiert.

Dozou passt, dass dee Moment och d’Magali Paulus zwee mol eng Carte Blanche krut an op RTL schreiwen duerft: „Mir brauchen hei zu Lëtzebuerg och méi kloer Zuele wat d’Gewalt u Fraen a Meedercher ugeet, an eng legal Definitioun vum Begrëff Feminizid. E Feminizid ass e Mord un enger Fra, well se eng Fra ass. E Mord a kee Bezéiungsdrama“ an och „[…] dass ëmmer nach Frae brutal stierwe mussen, an dass da vun haislecher Gewalt geschwat gëtt an net vu Feminizid.“

Mam Artikel vu gëschter huet sech awer gewisen, dass RTL weder intern Kontrollmechanismen huet, nach seng Mataarbechter*innen geschoult huet an och nach ëmmer virun allem dorunner interesséiert ass, mat räissereschen Titele Klicks ze generéieren.