Photo: David Mann

Do bréngt alt och een Nuesschnappech näischt méi!

D’Experte vu LuxMeteo weisen sech besuergt. No verstäerkte Schauer iwwer e puer Deeg, ass an der Stad eng Kläranlag bei der Chamber iwwergelaf (et gouf ze vill Beschass) an den Inhalt huet sech elo mat dem schwaarze Bulli-Schnéi, duerch dee mer an de leschten Deeg trëppele missten, vermëscht.

Dat wier u sech nach net sou schlëmm gewiescht, wann zum selwechte Moment net och eng Brauerei am Uelzechtdall de Most (gegärten Ofsaz ënnen am Kessel, eng Mëschung aus Pilz, Schimmel an Hief) ausgekippt hätt. Ponts et Chaussées huet versicht mat enger riseger Heizkanoun déi ganz Supp ze verdonschten, fir d’Stroossen nees fräi ze kréien.

Dat ass an engem éischte Moment iwwerraschenderweis och gelongen. Duerch den Déifdrockgebitt iwwer der Stad an déi niddereg Temperaturen, hunn sech dës brong-gréng Wolleken awer net laang gehalen. Géint 17:40 ass et du lassgaangen an dee ganze Buttek ass innerhalb vun e puer Stonnen nees op d’Stroossen, Diecher a Leit vum Land erofgedrëpst.

D’Déckflëssegkeet vun der Substanz huet leider dofir gesuergt, datt d’Fiedem vun dësem Nidderschlag sech deelweis vun ënnen no uewe gespaant hunn, ouni ze räissen.