METEO - Meteolux mellt
Waarm Prognos
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 03:50 bis 18:27 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Gaardebounen09.04.2024Soll ech mer en Macan kafen oder net? An dem Haus kann en och dat selwecht kafen vun Audi iwert VW bis Seat. Emmer e bessi mei belleg mat dann awer manner Blingbling. Basis bleift dei selwecht. Oder net? Mais wat set d’Frendin wann ech mat engem Seat an den Golf Club kommen? Kann en mer Rot gin?🤣🤣🤣
-
NONDIKABES09.04.2024Ech well mol gesinn an 20 Joer wann Klima Katastrofen den alldag ginn, ob d'Lëtzebuerger sech just nach hieren eegen Gaart ukucken. Ech fannen, die Gréng sinn net radikal genuch géigeniwwer die Krisen die eis erwaarden. Mee wéinstens maan se eppes, an bréngen die aner Parteien och op eng Klima fokaliséiert Politik.
-
de_Fern09.04.2024Ech drecken dem jonke Mann Dommen, den Här Philippe hued saint gemach (an dofir Merci a Respekt) awer et ass un der Zait frësche Wand an d'FLF eran zebrengen
-
EsoueweiEchdaatgesin309.04.2024“d'House of Commons refuséiert den Deal eng drëtte Kéier oder awer un den Europawale participéieren.” Et wier awer fläit net schlecht fir Bevölkerung un d’Europawalen deel ze huelen och wann dat ganzt op den Keeks geet.
-
De_Popst09.04.2024Déi Ausso *owes méi spéit fueren*, stëmmt net. Kuckt den Dossier. An der Woch ass um 23 Auer Schluss an de Sonnden um 22 Auer. Dat passt net an d'Gewunnechte vun deene Leit, déi owes vum RGTR musse/wëlle profitéiren.
-
Kropefra09.04.2024Ech reselen de Kapp... déi Meldung un d'Presse war just fier d'Inland geduecht fier de Leit hei am Land Sand an d'Aen ze streen... reng PR! Als Greng an d'Flillecken klappen dass de Wieler hei mengt, gréng Politik géing onser Regierung um Härz leien. Wann sie et eescht mengen géif, hätt sie sech mat onsen belschen Noperen a Kontakt gesaat. Vlaicht soll se sech einfach weider ëm letzebuerger Gardenheisercher këmmeren. Daat wierkt!
-
Knueterbatti09.04.2024Dat do ass wierklech eenzeg an alleng fir di aal Dämper aus den 80er a gro Ex-Hippien aus de 70er zefridden ze stellen, déi haut zur tippesch grénger Wielerschaft gehéieren. De Schwaarzmaart an d’Dealere wäerte nämlech net verschwannen, schonns alleng fir di vill mannerjäereg Konsumenten ze beliwweren. Et wært sech also guer näischt zum besseren änneren. Éischter am Géigendeel.
-
Virwatnet09.04.2024...Mënschlechen Aarmut, genau déi Beschreiwung passt op dat wat de Moment op der Tierkesch Griichescher Grenz geschitt ! Den Här Erdogan bei dem bis elo Milliounen Flüchtlingen "geparkt" goufen, an hien duerfir ganz ferm a vill finanziell Mëttelen vun der EU krut, a weider Milliounen fuerdert...vir eis virun der Invasioun vun deenen Leit déi viru Krich an Elend aus hirer Länner flüchten an iwwerfëllten aremséilegen Lageren dobehält… D'Griichen ville sech ...a mat Recht.... zimmlech am Stéch gelooss vun der EU, well si de Pech hunn am nächsten vun der Tierkei mam Flüchtlingsdrama konfrontéiert ze sinn...villes vun der EU versprach kruten, mä ganz wéineg ëmgesat ! ..a wat mech EU....mir diskutéieren an déi di am allermeeschten vun der EU gehollef kruten, speziell Länner wéi Ungarn, an aner Staaten aus dem fréieren Ostblock, ….déi blockéieren alles a refuséieren och nëmmen een eenzegen Flüchtling bei sech Asyl ze accordéieren ! Et ass eng desaströs lamentabel an inhuman Situatioun...vu Mënschen verschëllt...an elo ze gesinn, mat wéi engen Mëttelen Tierken a Griichen "hir" respektiv Astellung zum Problem weisen, net akzeptabel dass Tierken mat Falschinformatiounen d'Flüchtlingen op Griichesch Grenz lackelen….an d'Griichesch "Grenzschützer" déi mat Gewalt op d'Flüchtlingen andreschen….an esou guer op se schéissen !!!!!! ...dass einfach degueulasse an e "Mënschlechen Aarmut" wéi d'Madamm Maxime Gillen an hiren commentaire ausdréckt trëfft den Nol op de Kapp ! Ganz grousst Kompliment un eisen Ausseminister, den Här Jean Asselborn, den Flüchtlingskanner (...wann ech richteg informéiert sinn, sinn et Kanner déi net vun Erwuessenen begleet sinn) ugebueden huet se hei zu Lëtzebuerg opzehuelen an no hinnen ze kucken …..Chapeau Här Asselborn !