METEO - Meteolux mellt
Summerlecht Héichdrockgebitt
Photo: freepik.com
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 19:14 bis 08:51 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Letzpower07.04.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
Kritiker07.04.2023Oh jo, besonnesch am Stroosseverkéier mierkt en dat. Déi Schëlder virun den Tunnellen z.Bsp., wou 90 drop steet, absolut schwiereg ze liesen. Mä esouguer déi Stricher op der Strooss, wou Foussgänger driwwer gin, iwerfuerderen schon vill Leit, si bleiwen einfach mam Auto drop stoen. Och dat Kräiz op der Strooss, dat eigentlech bedeit, dass déi Plaz soll fräi bleiwen (siehe virum Pescatore), och dat ass schon zevill ! A wann en dann d'Kommentaren am Fratzebuch liest, op RTL oder Essentiel, schrecklech ! An d'SMS-Sprooch eréicht, Wahnsinn. Mä gutt, wéi hat den Einstein schon gesoot ? Jo, Där wësst et bestëmmt ! Ech wenschen é wonnerschéinen Dënschdeg ! Ah jo, ech fannen, dass en net sollt "studéiert" Léierpersonal an Quereinsteiger géint eneen ausspillen. Déi Mëschung vun geléierten Saachen op dé'er enger Säit an Liewenserfahrung (z.Bsp. Hausfraen a Mammen, déi nees wëllen schaffen) kann durchaus eppes brengen. An et ass, wie an all aneren Beruff och: Et gëtt ganz gutt Leit an et gëtt schwaarz Schof.
-
Iddefix07.04.2023... an dat ganzt ouni Stadion.
-
Trump197807.04.2023Kucke mir dat dach emol ganz nüchtern - 100.000 Milliounen bei enger Staatsschold vun 1.41 Milliarden ass dat eng Drëps op de waarmen Steen - sou oder sou muss jiddereen an Zukunft de Rimm uerdentlech festzéien.
-
Verstinechnet07.04.2023Ass jo flott. Dann koennen aallspoetzepolitiker emol eroem durch d'welt fleien op kaeschte vum steierzueler an ouni schlecht gewoessen fir den klima. Den normalbierger bleift doheem weenst dem klima. Mee wei goet oemmer gesoot: " Geld regiert die Welt".