Photo: sebaso (CC BY-SA 2.0)

Dëse Papagei fänkt schonn un schlecht ze richen.

En aarmen, zerrappten ARA, deen déi lescht Käre vun engem gierege Kueb vum Kierchbierg wech geholl krut, ass an desolatem Zoustand am Garer Quartier gesi ginn.

Hien huet sech bei der neier Foussgängerbréck a Richtung Bouneweg nieft de Gleiser an engem verloossene Container néiergelooss, wou en de ganzen Dag al Lidder fir sech selwer séngt a sou seng lescht Deeg verbréngt a sech selwer mutiléiert andeems en sech déi schéinste Plomme rausrappt.

D’Rotonden hu schonn e puer mol versicht e lasszeginn, mee iergendeen dommt Déiereschutzgesetz, dat déi Gréng nach ze verantworten hunn, zögert säi sënnloost Liewen nach onnéideg qualvoll eraus.