METEO - Meteolux mellt
Niwweleg Prognos
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 14:10 bis 11:53 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Gleewennetalles04.04.2023Dat ass jo schon lang gewosst!
-
MELLECHKOU04.04.2023Waat hei geschitt ass, ass fuerchtbar. Keen Thema. Mee ären ganzen Kommentar, verstin ech fir des Dot net. Wann daat rassistesch Morde waren, firwaat huet hien dann seng Mamm erschoss? Kennt dir mir daat vielleicht erklären?
-
Josy_Barthel04.04.2023Hurra, de Problem ass geleist! Keen LST mei, also weineg Zuelen, 30–40 den Daag, an der si mer all erem greng dese W-E. Toll, oder net.....🙄 An am September wenn se all vum Ballermann, Wolfgangsee a Porto rem sin, da geet ët richteg lass... mam testen😂
-
tetrapack04.04.2023bis d'Freijoer sollen d'Aarbechten oofgeschloss sin? LOL - do steet jo keen Joer dobei, wahrscheinlech Feijoer 2030:-)
-
agentorange04.04.2023Ech kann nëmmen äus Erfahrung soen, datt déi mëschten Äuslänner sech nët fir lëtzebuerger Politik interesséieren, do kann een souvill Informatioun bedreiwen wéi ee wëll! Vill vun deenen Äuslänner kennen keen deen op deene Lëschte steet a si just frou wann se all Mount finanziell iwwert Ronne kommen, de Recht as hinnen egal. Ech haat mol viru längerer Zäit, et war déi Zäit wou de Juncker nach Premier war matt verschidden Äuslänner geschwaat, déi woussten mol nët datt mir éng Monarchie sin an e Grand- Duc hun, déi duechten tatsächlech den Här Juncker wier Präsident vu Lëtzebuerg! Fir mech wëll déi Asti sech nëmme wichteg maachen a sie liewen an énger illusorescher Welt! Den mëschten Äuslänner as et zimlech egal op lo éng CSV, LSAP, DP, KPL, GRENG oder wéi éng Partei och ëmmer um Rudder as, si kenne keen Ënnerscheed zwëschen deene verschidden Parteien! Do kënn der souvill Informatioun bedreiwen wéi der wëllt!
-
Weltbiirger04.04.2023Oh jo, besonnesch am Stroosseverkéier mierkt en dat. Déi Schëlder virun den Tunnellen z.Bsp., wou 90 drop steet, absolut schwiereg ze liesen. Mä esouguer déi Stricher op der Strooss, wou Foussgänger driwwer gin, iwerfuerderen schon vill Leit, si bleiwen einfach mam Auto drop stoen. Och dat Kräiz op der Strooss, dat eigentlech bedeit, dass déi Plaz soll fräi bleiwen (siehe virum Pescatore), och dat ass schon zevill ! A wann en dann d'Kommentaren am Fratzebuch liest, op RTL oder Essentiel, schrecklech ! An d'SMS-Sprooch eréicht, Wahnsinn. Mä gutt, wéi hat den Einstein schon gesoot ? Jo, Där wësst et bestëmmt ! Ech wenschen é wonnerschéinen Dënschdeg ! Ah jo, ech fannen, dass en net sollt "studéiert" Léierpersonal an Quereinsteiger géint eneen ausspillen. Déi Mëschung vun geléierten Saachen op dé'er enger Säit an Liewenserfahrung (z.Bsp. Hausfraen a Mammen, déi nees wëllen schaffen) kann durchaus eppes brengen. An et ass, wie an all aneren Beruff och: Et gëtt ganz gutt Leit an et gëtt schwaarz Schof.
-
luxusbuerger04.04.2023Hu gëscht d'Kéier net kruut. Awer haut ginn ech mer e sichen. Astérixologue, mäi Liewen laang.
-
Nickla04.04.2023Wann ech commentairen hei op RTL iwert all Berichter vun Corona liesen, muss ech feststellen dass emmer mei Leit mat eiser Regierung oder mat den mesuren net mei aferstaan sin. Zurecht mengen ech. Schwetzt dann e vun der CSV, da get schon geint deen gefacht ier en eppes gesoot huet. Meng Fro as elo Mee wien hätt dier gär an der Regierung? Gambia net, CSV net. Ween dann?Piraten an ADR? Ma bonne chance dann
-
jangmetti04.04.2023Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.