FOTOEN - Tëscht Neihaff an Weydeg
Postkutsch kënnt net laanscht Boot
Photo: Public Domain
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Elo_haal_awer_op30.01.2024An Däitschland sinn d‘Terrassen well schon op.
-
den_Kneckert30.01.2024Wäer et net esou lues Zäit fir d'LST-Statiounen an Impfstatiounen ëmzewandelen ?
-
Kriddelschass30.01.2024Déi arem Patronen din mir wirklech leed 🤔
-
LibrePenseur30.01.2024Et mecht kee Sënn eng Fro ze stellen fir an d'Sendung well bis elo ass nach ni esou eng Fro opgegraff ginn an och ni vun engem Invité beëntwert ginn. Et ass keng interaktiv Sendung wou de Publikum dru bedeelegt ass. Schued, ass awer leider esou.
-
den_Kneckert30.01.2024Ech fannen et ass gutt wann een heleft mee dauernd schwätzen mir vun der ukraine dee schon millionnen kritt hun et ass schlemm watt do geschitt mee geifen dee eis och helfen mengen net dann kreien mir ob denn autobunnen all 60 km eng schnellladestation ass eis autobuhn sou lang ????? Ech Sin gespannt wee et weidergeet an ob dee leit hei am Land richtech geholef kreien well et schafft net jideren beim Staat. Net daat mir geld all gespennt hun an waat denn Elektroauto ugeht gitt mol ob eng schnellladestation dann rechnet dir mol waat daat kascht ass Jo grengen strom do stellen Ech mir och fro wou denn soll hierkommen bei dennen grengen an hierer fantasie
-
agentorange30.01.2024Ee Ruck no Riets heescht nët manner Migratioun, mais just dass manner mënschlech mat deene Leit déi souwiesou ukommen emgaangen gëtt.Wann ech hei d'Kommentairen liesen kann ech just folgeren dass ët bei eis nach ville Leit vill ze gutt geet. Genéisst ët an deelt e besschen daat deet gudd.
-
Enn_Letzebuerger30.01.2024Et as bestemt nach eng Plaz am Verwaltungsrot vu Arcelor Mital frei.
-
den_Kneckert30.01.2024Ech wor engt Joer an der Schoul och ennert denen 15 Beschten aus der Klass an krut awer een Noexamen😅