TELEE - De Kontext
Wiert sech d'Gesondheet genuch géint den noen Osten? Wéi geet dat?
![](/assets/img/kontext_banner.png)
© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Serge Tonnar, Rebell, Kënschtler, Mënsch
- René Winkin, FEDIL an dee béisen a Star Wars
- Gilles Baum, ass net Minister ginn
- Claude Wiseler, éischten ale wäisse Mann vum Land
- Marc Spautz, seet sech selwer, dass d'Chamber och wichteg ass
-
KengduebelMandater05.01.2023Déi féiten eng ob. D‘éicht et d‘Grenzen gin op an dann zerquetschten Stonnen méi spéit neen net aus touriteschen Grënn. Ech behaapten mol neess eng histoire belge.
-
BAARTJANG05.01.2023Mat sou Gesetzer gëtt een dann bestrooft well een krank gedd? Abe merci vir sou eppes. An wei eng structure get een dann isoleiert? Schon nëmmen d'Wuert structure as schon verdächteg... Confinement camp Guantanamo? An wei ze erwaarden wäerten all dofir stëmmen an keen steiert et och
-
kloreMenscheverstand05.01.2023Villes wast Dir agefouert hutt, ass et schons gin Z.b kruten d'Elteren am August Geld fir Schoulbicher kaafen ze goen Museksschoulen, ausser Conservatoiren, sin schon gratis Kannergeld wat soss cum 2.Kand aus un gehėicht gouf, ass dodurch gekiirzt, well dir de klengste montant geholl hutt, fir all Kand gläich ze gin, dodurch gett et manner fir Leit mat mėi wėi 1 Kand. Dir soot awer net dat der Studentenbourse gekiirzt gin ass, erënnert Iech mol un de Studentestreik an der Staat En plus ass an der Bourse dat Kannergeld abegraff, waat soss d'Elteren kruten,vue dat dėi hiir Kanner awer nach zu Laaschten hun soulaang se studėiren.D'Bourse geet net duer ,fir ouni Hëllef vun den Elteren duerzekommen.An all Joer Prêt machen, emol mussen se deen rembezuehlen, da fänken se mat Schold un. Bis virun 2 Joer haten se hir Schülerkaart nach selwer bezuehlt. Dat waat wirklech nei ass sin gratis crèchen,a maisons relais .Schoulkanner vun der Grondschoul haten hiire Bus och net brsuchen ze bezuehlen.
-
Enn_Letzebuerger05.01.2023Mat wéi engem Recht verlängeren sie dat Gesetz?! Et geet kee Grond. Wat gett verstoppt? Well em de Covid geet et hei net méi. D‘Infektiounszuelen sin extrem niddereg an och de Virus ass net méi esou aggressif wéi nach ufanks des Joër. Firwat nach emmer déi Panikmacherei ?! Mir hun et am alldeeglegen Liewen mat vill méi schlemmen Viren a Bakterien ze din, wou et bewisen ass dass déi ganz schlemm Autoimmunkrankheeten a Kriibs kennen ausléisen. Firwat gett do keen Alarm geschloen? Et gett de Covid 19 mee et wärt och erem ee neie Covid kommen an duerno erem ee neien. Bis wéini geet dat d‘Spill da weider? Dat heescht dat Covidgesetz wäert emmer nees verlängert gin. Mee eis Lëtzebuerger geet et nach vill ze gutt. All déi Lait daeren Existenz um Spill steet a wäert stoen sin eis egal. Mol kucken wann et un eis Pensioun geet oder eng ‘Covidsteier‘ kennt wien da fir d‘éischt mault....all déi déi de Back lo net opkréien. Mir wäerten nämlech de ganzen Zirkus bezuelen mussen...wee soss?!
-
Anna_List05.01.2023Impfung wärt net obligatoresch sin...mee sidd iech bewosst..dann bleift dir doheem...
-
Politmotor05.01.2023Leit wärten jo mol nodenken wat dei lescht Joeren alles durch dei Greng op eis duer kommen ass.
-
Wuermdran05.01.2023Fréier hu mir awer éischter mat enger Immigratioun oder Émigation ze di gehaat. D.h. Leit hun hiert Heemechtsland verlos (émigation) fir an en anert bestëmmtent Land anzerésen an do hier Zukunft ze maan (immigratioun). Haut hu mir an Europa et virun allem mat Migatioun ze din, aus engem Land eraus fir an en anert, kee bestëmmtent, eranzereese. Dann iwer kuerz oder lang erëm weider ze migréieten an en anert Land. Dës „Migratioun“ ass waat nei ass par rapport zu fréier.
-
kartoffel05.01.2023Landesplanung ass d'Wuert, an do si mer néierens, an dësem Land. Et ka nët sin dass d'Gemengen an de Staat déi ellen a sënnlos Appartementsschongkëschten an eisen Dierfer weider wéi Onkraut spréissen lossen. Et ass vollkommen idiotesch logerment de Masse an eisen Dierfer wou all Stonn vlaicht ee Bus derduerch fiert bauen ze lossen. Déi Stéit brauchen dann een bis drei Autoen wann d'Kanner bis grouss sin, well jo d'Businfrastruktur nët nozitt. Et gëtt Leit déi sech iwwer eidel Bussen opreegen, ech reegen mech op dass ee Moies keng Plaz méi am Bus huet, well nëmmen een an der Stonn hei fiert, an dass mein Duerf zur ellener Schloofgemeng mutéiert well eis Landesplanung eben keen Plang huet. Dëst Land brauch een Audit, fir dass endlech définéiert ka gin wa mer eigentlech brauchen, an daat ass définitiv nët deen liberalen guer nët nohaltegen Wuesstum deen den Regierung ënnerstëtzt a fuerdert. De Gemengepapp argumentéiert dann eben dass Leit an der Gemeng Finanzement bedeit,an de Bauer/Spekulant/Promoteur dreemt sech irrtümlech als Beitrag zur Léisung vun der Wunnproblematik hei am Land a fëllt sech niewenbei d'Täschen, um Bockel vum Land a senger Bevölkerung. Ech hoffen dass lo glaich een do d'Handbrems fënnt, well daat geet garantéiert soss voll an d'Mauer.