Photo: Sheep“R“Us (CC BY-NC-ND 2.0)

Um internationalen Dag vun de Synonymwierderbicher, schloe mir zesumme mol sou ee Wälzer op a schmökeren duerch de Pobeier.

Synonymmer si Wierder, déi bedeitungsglaich, änlech, sënnverwannt a gläichbedeitend sinn. Um internationalen Dag vun de Synonymwierderbicher, schloe mir zesumme mol sou ee Wälzer op a schmökeren duerch de Pobeier. Do stelle mer bei der Lëtzebuergescher Versioun fest, dass et einfach net sou déck ass. Et gëtt einfach net sou vill Wieder an eiser Sproch an nach manner Synonymmer. Mee mir wieren net RTL, wa mir net awer e puer interessant Beispiller fonnt hätten.

Op eiser Antenn benotze mir z.B. op der Tëlee synonym mat bei RTL. Wa mer vun Informatiounen iwwer Fluchverkéier schwätzen, soe mer einfach Luxair. Wann ee bei eis um Site op d’Rubrik Immobilië klickt, kennt een einfach op eng Säit wou Immobilien iwwer eise Partner atHome ugebuede ginn.