Photo: Phil Fiddyment (CC BY 2.0)

Och zu Lëtzebuerg gëtt de Vullendag ëmmer méi oft gefeiert.

An den USA ass haut den National Bird Day, also den Dag vun de Vullen. Hei am Land proposéiert de Cactus zu dëser Occasioun eng Remise um Poulet, op Britt-zoppen, op Dinde-Schnitzel an op de Pouletswirschtercher.

Dir fannt, dës Informatioun huet näischt an engem Artikel vun engem „Service Public“ Medium verluer? Ma dann denkt nach eng Kéier gutt driwwer no – wéi kéinte mer d’Aarbecht un der éischter Zeil an dësem Text bezuelen ouni d’Suen iwwer déi zweet Zeil ranzekréien? Qualitéit huet hire Präis, a soulaang de Staat RTL1 mat minimale Milliounen-Subsiden erhéngere léist gëtt och näischt aus „RTL - nëmmen dat Bescht“.