Photo: Jean-Pierre Dalbéra (CC BY 2.0)

Och bei RTL heescht et: Den Toun mécht d‘Musek. Firwat d‘Flütt zu Lëtzebuerg eng ganz besonnesch Roll spillt.

Wann de Gast Walzéng dat héiere géif: Haut gëtt an Däitschland nees kräfteg an d’Holzrouer geblosen. Bei eis am Land ass dat klengt Musiksinstrument net grad esou beléift wéi op der anerer Säit vun der Musel. Mat Sécherheet huet jiddwereen direkt de Sound vun der Flütt am Ouer a bréngt domat perséinlech Erënnerungen a Verbindung, wat eis et erlaabt d’Gefill ze hu, mat dësem sënnlosen Artikel awer een Zil an doduerch och eng Fideliséierung erreecht ze hunn. Mir vun der RTL-Redaktioun fillen eis ausserdeem der Gestalt vum Flütt spillende Ratefänger, dee säi Publikum mat enger hypnotescher Melodie begaachelt an an d’Ongléck féiert, besonnesch no.