Screenshot: RTL

D’Tanja de Jager wor 14 Joer laang eent vun deene bekanntesten Gesiichter op der RTL Tëlee: Als Moderatrice, fir d’Meteo ze präsentéieren, als Tëlees-Kächin an der „RTL Kichen“ an och fir Reklammssendungen ze maan.

Op d’Zäit bei RTL kuckt si haut kritesch zeréck: An engem Interview mam Magazine Delano seet d’Tanja de Jager am Juli 2021 iwwer RTL Tëlee: „And then the government tells you this, and then this big company tells you that, they just send a journalist there, who then reproduces it word by word of what he heard at the press conference. That’s for me, not journalism, thats a kind of marketing or publicity for the governement or for Luxair or for whom ever.“ Quell: Delano

Journalismus, deen einfach just reproduzéiert wat e virgesat kritt ass also näischt fir d’Tanja de Jager. An awer ass et genee dat, wourops d’Geschäftsfra elo zielt wann se op hier al Kontakter setzt, fir Visibilitéit ze kréien. Esou geschitt zum Beispill am RTL „Journal“ den 19. Dezember 2023. Gekonnt spréngt RTL dem Tanja de Jager zur Säit, dat sech ausféierlech iwwert Obdachloser opreegen kann, déi hier de Passage verknaschte géifen. RTL kommentéiert selwer a mécht Drock op déi Gemengeresponsabel: „Och fir d’Stad als Touristendestinatioun wier et net vu Muttwëll, wann de Passage du palais rëm méi ee frëndlecht Bild géing ofginn.“

RTL ernimmt am Reportage natirlech net, dass déi Madamm, déi do vun hierem Leed erzielt eng fréier Koleegin ass, et heescht: „D’Tanja de Jager ass d’Gerante vun där Bar“. Onerwähnt bleift awer zousäzlech och, dass d’Tanja de Jager bis viru kuerzem och nach fir d’DP am Stater Gemengerot souz - also selwer zu deenen Gemengenresponsabelen gehéiert huet un deen sech de Reportage lo addresséiert. Schlussendlech huet si 2021 do demissionéiert, wéi RTL als éischtes ze beriichte wosst, „RTL Informatiounen no“. Fir am haarde Liewen als Gérante de Bar dann awer net ënnerzegoen, kënnt ee bëssi Visibilitéit och nom Enn vun der politescher Carrère grad richteg. D’Tanja de Jager trëtt am „Face B“ op an hellt RTL an „Menschen a Geschichten“ fir ee ganz perséinlechen Abléck mat heem. Awer och schonn an hierer aktiver Zäit als Conseilliere ass „Gérante de Bar“ hier Brasserie op der Telee präsentéieren komm.

Screenshot: RTL

Et däerf ee sech deemno froen, wat dem Tanja de Jager no als Journalismus an d’Aarbecht vu Journalist*innen ass. Mam Journalismusverständnis vun RTL, engem Privat-Sender deen haaptsächlech aus Reklammen besteet an fir deen Deontologie net just friem kléngt, schéngt si sech no jiddwerfalls elo als Gérante nei ufrënden ze kënnen.