FOTOEN - Tëscht Juckefeld an Stengefort
Rudderboot rennt an Päinetsch
Photo: el freddy
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_Kneckert14.10.2023D'Impfgéigner wëlle keen Dialog, sie wëllen Narrefraiheet. Sie wëllen dass mir alleguer hier faktesch falsch Ideologie, déi net nëmmen hinne selwer schued, mee eis alleguer, einfach hinhuelen an ënnerschlëcken. Doriwer eraus erklären se eis bei all Geleegenheet entweder zu Schof oder verglaichen eis mat Nazien, während se mettlerweil all Samsdes wi Schof nierwend rietse "Patrioten" an Casseuren matmarschéieren. Fann de Fehler. Vill Leid sin degoutéiert an ech kann eisen Impfskeptiker nëmme soen, et get och een Dono. No Corona. An et get net alles vergiess. Dir sidd flait och eng Kéier ob Solidaritéit ungewisen an ech hoffen fir ierch dass är Matmënschen dann net nodroend sin.
-
luxusbuerger14.10.2023Tippen op d'ISS
-
Kridelech14.10.2023Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Majo_secher_dat14.10.2023Aera F.B beim F91 war eng eemoleg Erfolgsgeschicht! Joerenlang op EL legue hingeschafft, an och errecht! Lo beim Swift probéiren se direkt matt der Briechstang champion ze gin, CL qualie oder EL qualie ze errechen! Sou fonktionnéiert daat am Amateurbereich awer nett! Hesper ass keen kollektive.... Se hun e gudden Trainer, am 8 veteranen déi schon EL gespillt hun! Se hun 11 Spiller am Kader ëm 30 Joer an driwer! Se mussen 7 eischt Lizenzen um Bou stoen hun, daat alleng ass schon nett évident! Alleng matt Erfahrung gess de nett Méeschter...
-
Enn_Letzebuerger14.10.2023Ech menge schon, datt Chaussures Léon selwer kapabel sinn hiir ege Reklammen ze finanzéieren an et net néideg hunn op eng Madamm Cahen zreckzegräifen?! Ech perséinlech fannen et keck fir sech grad just elo an der Summervakanz esou e Spaass ze erlaben. D’Reaktioun vun der CSV seet ons jo genuch wou de Schong wirklech ëmmer nach dreckt. Nämlech an hiiren egene Reihen! Et muss wirklech schlëmm sinn wann een op der Oppositiounsbänk sëtzt a net emol Spaass versteet?! Dir macht iech d’Liewe selwer schwéier, gitt dach emol méi positiv aplaz iech selwer ëmmer erëm Leed ze don an op déi aner ze klappen...... A fir dann och nach dat Wuert Deontologie an d’Spill ze brengen...... Aua!!!
-
Meckerhary14.10.2023Egal wat 🙄
-
Elo_awer14.10.2023Chapeau un den DAR-Facebook Grupp, déi eng wichtëg Aarbecht fir eis Demokratie machen. Si sollten vun eisem Premier eng Auszeechnung kreien, mir mussen eis Werter schützen. Merci DAR