Photo: pellethepoet (CC BY 2.0)

Firwat sech Politiker fréier net sou dacks vertippe konnten

De Weltdag vun der Schreifmaschinn erënnert eis engersäits un den technologesche Fortschrëtt, a léist awer gläichzäiteg bei deenen Eeleren, also zum Beispill bei der Chamberspresidence – Wiseler (63), Etgen (66), Di Bartholomeo (71), Wolter (61) – Erënnerungen un déi gutt al Zäit opkommen. Zäiten, an deenen sech al wäiss Männer nach net selwer mat enger Tastatur rëmploe mussen, mee dës lästeg Aarbecht nach vu Sekretärinnen iwwerholl gouf.