© Internet

Eng Usammlung u Chaot*innen maachen sech mat Hëllef vun enger satirescher Websäit iwwer eis Redaktioun lëschteg. Witzeg ass dat allerdéngs net.

Wéi an der Presse gëschter Moien ze liese war, huet sech ee gewësst „Konschtkollektiv“ mam krypteschen Numm „Richtung22” anonym an ënner falschen Numm online als Service Publique ausginn. Zanter Wochen zirkuléieren an de soziale Reseaue jo sou munch Biller a Links zu enger Websäit, déi vun dësen Onéierleche bedriwwe gëtt. Visuell erënnert dat staark un dëse Site.

Als Service Publics Medium huet RTL Eent d’Aufgab, iwwer alles ze beriichten, wat am Land Relevantes geschitt. Ëmmerhi gi mir dofir bezuelt a si gesetzlech dozou verpflicht. Mir géifen also op kee Fall eng Preselektioun am Eegeninteresse treffen a mussen och iwwer Saache beriichten, souguer wann se eis ferme geint de Stréch ginn. Et gëllt, eiser „Informatiounsflicht“ nozekommen.

Hei ass e Link zu der Satiresäit: https://www.rtl.lu/

Dat schéint un eiser Demokratie ass jo, dass all Mënsch fräi dat soen däerf, wat hien oder hatt denkt. Och wa muncher méi gehéiert ginn ewéi anerer. Mee d’Meenungs- an och d’Pressefräiheet huet dee Moment eng Grenz, wou et ëm Strofdote geet. Hei däerf een net driwwer ewech kucken. An um Site rtl.lu sinn eng ganz Rei Strofdote begaange ginn - an dat vun enger Organisatioun, déi mat Steiergelder finanzéiert gëtt. Et kann ee bal vun engem Ugrëff géint d’Press schwätzen.

Screenshot: Handy

An wéi mir dat bei RTL Eent sou gäre maachen, kopéiere mir iech hei einfach de Communiqué vun deenen näischnotzege Lidderhanessen.

Wien huet Angscht virun RTL?

Statement vu Richtung22 zum Lancement vun RTL Eent

Gesetzesbréch, Verstéiss géint de Pressekodex, nawell zolidd politesch Verstréckungen, Favoritismus an Ofhängegkeete bis an d’EU Kommissioun eran, Täuschung a Vertuschung, ganz vill grotteschlecht redaktionell Aarbecht an natierlech: Reklammen, Reklammen, Reklammen. Bei RTL Lëtzebuerg wor des lëscht jo nees eng méi lass. Wéi mir mat Richtung22 am Mee lescht Joer mat der intensiver Phase vun der Recherche iwwer de Mediemonopolist ugefaangen hunn, wosste mer nach net, wat fir en däregen Dossier op eis duerkomme géif.

Monument virum Kulturministère Zanter dem éischte Januar leeft elo eisen Internetsite RTL Eent. Vun dësem Datum un huet RTL nämlech vertraglech nach méi Sue vum Staat zegutt fir seng Aufgab als Service Public net z’erfëllen. Kann e Medium, dat säi Publikum als Konsument*innen versteet, wierklech ee vun de wichtegsten Déngschter an enger Demokratie erfëllen, nämlech dee vun der Opklärung an Informatioun vun de Bierger*innen? Offensichtlech net.

Richtung22 Informatiounen no huet RTL ee Wee fonnt, sech punktuell „Defiziter“ a Milliounenhéicht vum Staat ausgläichen ze loossen, wärend si am nämmlechte Moment an anere Beräicher an iwwer Schwësterfirmen ee Milliounegeschäft man. RTL verstéisst mat verstoppten an iwwerdriwwe villen Reklammen net nëmme géint e puer Reegelen aus dem Pressekodex, mee och géint d’Gesetz. Dat ganzt Konstrukt baséiert op enger systematescher Interessensvermëschung tëscht Politik an RTL. D’Interesse vum Konzern haten ëmmer Virrang virun den nationalen Interessen, woubäi déi responsabel Politiker*innen perséinlech profitéiert hunn. Involvéiert si bekannten Nimm wéi de Gaston Thorn, de Jacques Santer, d’Viviane Reding awer och de Jean-Louis Schiltz.

D’Enn vun RTL

D’Leit hunn eppes Besseres verdéngt. Mir sollten ophalen, Milliounen ëffentlech Gelder an d’Täsche vum Medienimperium hannert RTL Lëtzebuerg, Bertelsmann, ze stiechen. Mir sollten d’Selbstbewosstsinn hunn, staark ëffentlech-rechtlech Medien opzebauen. Déi Diskussioun fänkt elo un, just ouni d’Leit an hannert zouenen Dieren. Schonns an dëser Legislatur wäerten de Staat an RTL sech nämlech alt nees eng Kéier zesummesetze, fir de Reklamme-Konzern och no 2030 mat ëffentleche Gelder gnädeg ze stëmmen.

Egal wéi vill een sech de Batti stellt, wéi soll een eng ëffentlech Diskussioun ronderëm d’Machenschafte vun RTL ufänken, wann RTL selwer de facto ee Monopol op dem nationalen Discours huet? Richtung22 huet sech dowéinst entscheet selwer zum Monopolist ze ginn a mat RTL1 de Kontroll iwwer d’Land vum falschen RTL ofzezéien. Geplangt sinn nieft dem Site rtl1.lu, op deem deeglech neie Contenu publizéiert, weider Aktiounen a Projeten sou ewéi de Bau vun zwee Tierm um Kierchbierg, déi ee bëssi méi héich si wéi déi vun RTL. D’Theaterstéck Ufank Mäerz am Kasemattentheater ass eng weider Etapp.

Fir dass sech eppes ännert, däerf awer lo net ofgewaart ginn, op ee Konschtkollektiv eleng de gréisste Medienkonzern an Europa stierze kann – och wann d’Chancë ganz gutt stinn. All Eenzelnen zu Lëtzebuerg huet d’Recht anzefuerderen, dass d’Subventionéiere vun RTL mat Steiergelder gestoppt gëtt. Et mussen sech vill weider gesellschaftlech Acteuren aschalten. Dozou gehéiert Press, déi sech déi onfair Konkurrenz duerch de staatlech subventionéierte Site rtl.lu net mei bidde loossen däerf. Dozou gehéiert d’Politik, déi sech aus hirer gefillter Ofhängegkeet erausbeweegen an endlech d’Interesse vun der Bevëlkerung vis-a-vis vun RTL – an net ëmgedréint duerchsetze muss. An dozou gehéieren och d’Journalist*innen innerhalb vun RTL, déi warscheinlech besser wéi all anere wëssen u wéi enger Shit-Show si bedeelegt sinn.