Photo: praline3001 (CC BY-NC)

Den Hals ass relativ laang, a tëschent sengen Zéiwen si Schwammhäit.

Wien huet dësen Dackel gesinn? Den Hals ass relativ laang an dënn an de Kapp ass am Verhältnis zum Kierper zimmlech kléng. En ass ongeféier 240 Zentimeter laang, 160 Zentimeter héich a weit tëschent 400 bis 500 Kilogramm, ofhängeg dovunner ob e scho giess huet. En huet kleng ronn Oueren, seng Féiss si laang a breet an e besëtzt déck, kuerz, schwaarz Krallen. Tëschent sengen Zéiwen si Schwammhäit. Säin dichte Pelz ass giel-wäiss gefierft an en ass am Wanter méi hell wéi am Summer. Och seng Fousssuele sinn dicht behoert, nëmmen ënnert de Féiss huet hie kee Pelz. Seng schwaarz Aen a schwaarz Nues hiewen sech däitlech vum wäisse Kapp of. E lauschtert op den Numm „Mippchen“.