Photo: johndal (CC BY-SA 2.0)

Wat vill Leit net wëssen: D’Wieder ännert sech all Dag a wann een net oppasst, kann et schnell mol ee Strapp ze séier goen. Haut ass den „Observe the weather day”.

De 25. Januar ass déi aner Säit vum Pull bei eisen amerikanesche Kolleegen den internationalen „Observe the weather day”. Dësen Dag soll awer net nëmmen am Land vum Mickey Mouse an Donald Trump (Pardon, Duck) gefeiert ginn. Och Lëtzebuerg géif nawell zolidd blöd aus der Wäsch kucken, wa mir se net hätten: D’Meteorologen. Mir bei RTL Eent sinn eis der Wichtegkeet vun dësem Beruff bewosst, deen ebe vu kengem anere ka geleescht ginn, wéi vum wichtegste Medium am Land. All Dag ass eis Equippe am Asaz, fir iech ze soen, wéi muer d’Wieder si kann an ob et zu Lënster aneschter ass, wéi zu Dikrech. (meeschtens jo)

Ob iwwer iwwerfluten Stroossen oder iwwer Bëschbränn. Ob mat Fotoe vun Accidenter wéinst de Wiederkonditiounen oder mat den Nouvellë wéi eng Schoulen zou bleiwe wéinst dem Schnéi. Ob op der Wiss virun eisem Gebai um Kierchbierg oder direkt aus dem Studio. Bei RTL Eent braucht der ni aus der Fënster ze kucken, fir ze wësse, wat dobausse grad lass ass. Grouss Nimm, Urgesteener a Legende vum Sender hunn iwwer d’Joren dës wichteg Missioun fir dat ganzt Land wouergeholl a mir soe soen am Numm vun der ganzer Noriichteredaktioun Merci.