Photo: Kapa65

Net schlecht gestaunt huet dëse Mann, wou hien a sengem Gaart eng onméiglech Entdeckung gemaach huet.

Zu Nidderblaaschent huet ee Mann net schlecht gestaunt, wou hien a sengem Gaart méie wollt a feststelle misst, dass sech hei ee Reebou et gemittlech gemaach huet. No e puer Versich de Reebou anzefänken, woubäi de Mann iwwer eng Goldkëscht an ee klenge Kobold gefall ass a sech um Knéi verletzt huet, ass et him endlech gelongen, de Reebou ze verdreiwen. Dobäi ass eng Sprenkleranlaag zu Schued komm.