Ee louchen Deal tëscht Staat a Bertelsmann, ee geheime Vertrag an d’Kommentarfunktioun ënnert RTL Artikelen ergi wat? Genau ee Service fir de Publique.

Et ass September 2018, Lëtzebuerg befënnt sech matzen an engem spannende Walkampf. An awer packt de Premier- a Medieminister Xavier Bettel et nach de Wee op Gütersloh ze fannen, wou hie vun der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn an dem Bertelsmann- an RTL Group CEO Thomas Rabe ëmfaangen gëtt. Wourëms ass et gaangen?

Sollt de Besuch e Solidaritéits-Geste vum europawäit gréisste Mediekonzern sinn, eng kleng Ënnerstëtzung fir de Frënd a Walkämpfer Xavier Bettel? Oder goung et drëms ee spektakulären Deal ronderëm d’Firma „Majorel“ ze beschwätzen an doduerch dem Xavier Bettel Argumenter ze gi fir déi bevirstoend Kritik um Personalofbau vun RTL Group zu Lëtzebuerg ze entkräften? Oder goung et ëm eppes vill méi wichteges an essentielles? Ëm d’Kommentarfunktioun op rtl.lu?!

Well Lëtzebuerg glécklecherweis keng eeschtzehuelend Demokratie ass, konnt de Xavier Bettel nämlech eegenhänneg, matzen am Walkampf an ouni Diskussioun am Parlament einfach mat Bertelsmann een Zousazvertrag fir d’Konventioun tëscht Staat an CLT-UFA ënnerschreiwen. D’CLT-UFA ass eng Bertelsmann-Duechter an d’Firma hannert RTL Lëtzebuerg. De Vertrag selwer ass natierlech geheim bliwwen. De Xavier Bettel huet säi Ministère awer trotzdeem déi positiv Nouvelle deklaréiere gelooss.

„Im Rahmen des Besuchs von Premierminister Xavier Bettel in Gütersloh wurde ebenfalls eine Erweiterung des Konzessionsvertrags zwischen der RTL Group und der Luxemburger Regierung unterschrieben. Dieser Zusatz zum bestehenden Vertrag, mit dem der öffentliche Programmauftrag für Radio und Fernsehen in Luxemburg für den Zeitraum 2021 bis 2023 erneuert wurde, wird auf die digitalen Plattformen von RTL Luxembourg ausgeweitet.“ (Quell: Communiqué Service Media 05.09.2018)

Mat där Informatioun konnt natierlech kee Mënsch hei am Land eppes ufänken. D’CSV wollt zeréck un d’Muecht an domat wor hier Fäegkeet kritesch nozedenken scho mol präventiv am Tirang verschwonnen. De Sven Clement hat keng Loscht méi wéinst engem weidere Geheimvertrag virun d’Geriicht ze zéien. D’Pressehaiser waren souvill mat hirem eegenen Ënnergank beschäftegt, dass si net bemierkt hu wéi hei, en passant an ouni Ukënnegung, een „Service Publics“-Internet-Site an d’Liewe geruff gi wor. Obwuel dësen an direkter Konkurrenz zu all hiren eegene Siten stoung. Dass Tëlee, Radio an Internet bei RTL domat nach méi gemëscht ginn an RTL esou nach besser seng Finanze manipuléiere konnt: Et huet keng Sau interesséiert.

Joren drop ass dann awer indirekt public ginn, wat do eigentlech deemools zu Gütersloh signéiert gouf. De Xavier Bettel wor glécklecherweis Medieminister bliwwen a säi Chef de Cabinet a fréieren CLT-UFA Mataarbechter hat ee Wee fonnt nach vill méi Suen un d’CLT-UFA iwwerweisen ze kënnen. Et wor een net méi am Walkampfstress, mee un der Muecht a konnt lo alles oppen zouginn. An der neier Konventioun, där vun 2024-2030 nämlech, steet ee klengt Kapitel mam Titel „Engagements relatifs aux missions de service public des plateformes digitales exploitées par CLT-UFA“. Dëst ass wuel zumindest deelweis deen Text, deen am Geheimvertrag vun 2018 stoung. Et geet drëms de Site rtl.lu an de Stadium vun engem „Service Public“ z’erhiewen. Wat huet dat elo mat den RTL User-Kommentarer ze di frot dir iech?

An der Konventioun verpflicht de Staat RTL.lu ë.a. follgend essentiel Funktiounen zur Verfügung ze stellen: „des forums, chats, blogs et rubriques de commentaires permettant aux usagers d’entrer en dialogue avec CLT-UFA et de fournir des commentaires et autres contenus, en lien avec les contenus“. Dir frot iech elo vläit wou déi Chats, Blogs a weider Méiglechkeete mat deenen Dir selwer mat RTL an en Dialog triede kéint sinn. Wou ass dee groussen an transparenten Austausch, zu deem sech RTL.lu verflicht huet. Wou ass den „Service Public“, deen rtl.lu fir d’Gesellschaft assuréiert, fir, ehm… d’Demokratie ze stäerken an déi ongehéiert Stëmmen zu Wuert kommen ze loossen?

Ma en ass ëmmer direkt ënnert Ärer Nues gewiescht. Dir hutt e just net erkannt. Jo genee, d’User-Kommentarfunktioun op RTL.lu ass een Deel vum „Service Public“! Et ass eng Institutioun, eng Zort Patrimoine Culturel - a mir sollten einfach mol dankbar sinn an dëser schéinster Form vun der Bierger*innepartizipatioun déi Unerkennung zoukomme loossen, fir déi de Xavier Bettel zu Güterloh gekämpft hat.

Déi follgend Lëscht vu Commentairen gouf vum Site rtl.lu rofgelueden an anonymiséiert. Genéisst Äre Service Public.