Photo: Jan Voth / Bertelsmann Stiftung (CC BY-SA 3.0)

Wat de Xavier Bettel um Hals vun dëser däitscher Milliardärin mécht – a wat hire Konnt mat RTL Lëtzebuerg ze dinn huet.

Si ass eng vun de räichste Mënschen an Däitschland – hiert Verméige gëtt op 7 Milliarden Euro geschat. D’Liz Mohn. Wat huet Lëtzebuerg mat hir ze dinn? Ganz einfach: Lëtzebuergesch Steiergelder (jo, sou eppes gëtt et!) rieselen lues a lues zu de Milliarden op dem Konnt vun dëser Fra. Mee ween ass si? A wéi konnt et esou wäit kommen?

Wéi all di Superräich op dëser Welt huet d’Liz Mohn natierlech net fir hir Sue geschafft. Déi eng beuten aus, déi aner bedréien. D’Liz Mohn huet – quasi steierfräi – geierft. Vun hirem Mann nämlech, dem Reinhard Mohn, deen natierlech och geierft hat an deen als Nazi am Nationalsozialismus räich ginn ass, mee dat ass eng aner Geschicht. Wat mir hei eigentlech erziele wollten: Zanter dem Dout vum Alt-Nazi a Bertelsmann-Chef Reinhard Mohn, 2009, ass d’Liz Mohn net just grouss Ierwin, mee sëtzt och am Conseil d’Administration vun der Bertelsmann Verwaltungsgesellschaft.

Wat dat also elo mat Lëtzebuerg ze dinn huet? Vill. Well RTL Lëtzebuerg gehéiert zum Liz Mohn hirem Medienimperium, der Firma Bertelsmann. An RTL huet de Statut vun engem ëffentlech-rechtleche Sender, sou dass all Joer ca. 10 Milliounen Euro Steiergelder un RTL fléissen. A well hannert RTL guer keen ëffentlech-rechtleche Sender steet, mee eng privatwirtschaftlech Entreprise mat Profitinteressen mam Numm Bertelsmann, fléisst dëst Geld iwwert e puer Ëmweeër schlussendlech bei Bertelsmann, also och bei d’Haaptierwin, also dem Liz Mohn. D’Lëtzebuerger hunn dofir e brilliante Qualitéitssender – den RTL, bekannt fir seng seriéis Investigativstécker, reklammefräi Contenuen a regierungskritesch Berichterstattung.

Dofir, dass d’Madamm Mohn sou couragéiert dëse Win-Lose-Deal duerchgesat krut, huet si natierlech e Präis kritt. An zwar vun de Geaarschte selwer: De Lëtzebuerger*innen. Schonn 2016 huet kee geréngere wéi de Xavier Bettel der mächteger Milliardärin zäertlech eng Ketten ëm den Hals geluecht. Dorun houng d’„Komturkreuz im Orden der Eichenlaubkrone des Großherzogtums“. Wann Dir an der Mëtt vun dësem iwwerdriwwe laangem Driipsnumm hallef ageschlof sidd, dann hei déi gutt Noricht: Dir gehéiert zum Zilpublikum vun RTL! Also zu den Affer vum Liz Mohn. De Krees schléisst sech.

De Bettel ass iwwregens héchstens sou eppes wéi en D- oder F-Promi ënnert de Stars, déi d’Liz Mohn sou frequentéiert. Si kennt Jänni a Männi, also d’Merkel, de Schröder, de Steinmeier, de Scholz. Si huet e Medienimperium. Wee wier net fein mat hir?

Wann een d’Mohn schwätzen héiert, wierkt se iergendwéi senil, a virun allem schéngt se an all Interview dat selwecht ze soen. Mee dohannert stécht e knallhaart Strategiesgehier. D’Liz Mohn ass Grënnerin vu sëllege Fondatioune mat „Utilité publique“. Domat poléiert si net nëmmen hiren Image, mee evitéiert virun allem Steieren. Steiergelder sinn eben nëmme gutt, wann se op dem eegene Konnt ukommen.

Et gëtt also d’„Liz Mohn Kultur- und Musikstiftung“ a d’„Liz Mohn Center“, mee ween hannert dëse Nimm sou eppes wéi Narzissmus gesi wollt, iert sech fatzeg, ëmmerhin gëtt et jo och nach d’„Stiftung Deutsche Schlaganfall-Hilfe“. Am wichtegsten ass awer d’Bertelsmann Stiftung, vun där d’Liz Mohn d’Präsidentin ass: eng vun den aflossräichste Fondatiounen an Däitschland. E Lobbyverband par excellence, deen sech fir d’Privatiséierung vu quasi allen ëffentleche Beräicher asetzt. Sou staark, dass sou munch Jurist*innen de Statut vun der Utilité publique unzweiwelen.

Ëmmerhin: perséinlech muss d’Madamm Mohn en immens agreabelen an empathesche Mënsch sinn. Sou erzielt se an hire Memoiren dovun, wéi se hir Kanner scho ganz fréi mat voller Léift zu Profitgeieren erzunn huet. Wann d’Kanner Blummen um Boer vun der Strooss fonnt hunn, haten se doraus e Geschäft z’entwéckelen an den Dreck ze verkafen. Einfach häerzerwiermend!