Photo: Gary O. Grimm

Ech hunn hei ee Renn-Päerd an engem Top-Zoustand ze verkafen.

Insgesamt ongeféier 24.000km um Bockel, déi hënnescht Achs misst deemnächst ersat ginn. Ee PS, zwee Sëtzer (Lierderbezuch), schléckt 5 Muerten op 100 Kilometer, 2 Gäng (Trap, Gallop – Schrëtt mécht komesch Geräischer), CD-Player a Wanter-Huff inklusiv. Versand iwwer Post mat Aufpreis méiglech.