METEO - Meteolux mellt
Frëschen Frascht
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 17:45 bis 08:55 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Aniwregens10.10.2023Ech wor engt Joer an der Schoul och ennert denen 15 Beschten aus der Klass an krut awer een Noexamen😅
-
Elo_haal_awer_op10.10.2023E-Auto (komplett oder hybrid) sinn eppes neies, also muss nach vill gescheien fir dass et sech verbessert an accepteiert get. En hierkömmlechen motor huet een ganz groussen nodeel. Et muss eng linear bewegung (Kolben am zylinder) an eng rotativ emgesaat gin duerch d'cadran-wellen. An bei deer transformatioun geet vill energie verluer. Et gin ongefeier 20% genotzt vir den auto virun zebrengen. Den rescht get an hetzt emgesaat. Den elektro- motor huet dat probleem net. Duerfir mol ofwarden waat kennt. Et ass komesch dass leit eng art glaubensbekenntness zum e-Auto oder zum B an D- auto machen. Et gouf emol vum WAnkel-motoer geschwaat an getest. Do kennt elo kaum nach eppes. Do hunn dichtungsprobleemer bestaanen. Mee do och war d'basisbewegung en rotativ. Mengen mam E-auto wieren d'verkeiersprobleemer geleist ass alt och esou en glawensbekenntness. Me alles op öffentlechen transport, en plus schinnen, setzen ass och gefeierlech. Ween dat net wellt glewen soll mol kucken waat schons e puer mool an Frankireich gelaaf ass. Do get regelrecht chantage gemeet. D'leisung leit wei emmer um goldenen mettelwee. D'freiheet vum enzelnen ass och eppes wert.
-
NONDIKABES10.10.2023Natierlech sin mailen vun der Mme Cahen an d'Affaire Gaardenhaischen-Dieschbourg déontologesch dubios an ze hannerfroen, mais mir wier léiwer d'Oppositioun géing wesentlech Dysfunktionnementer an Edukatioun a Logement uprangeren. Waat ech nach ëmmer nët verstinn ass dass de Prinzip vun enger "Mietpreisdeckelung" hei am Land tabuiséiert gëtt an da Gedeesems gemeet gëtt wa wuelbekannten "Wohlständler" déi eng Politesch Funktioun hun zoufälleg privat op Air BnB eng vun hieren Propriétéiten ubidden. Ech fannen den ongenéierten Nepotismus an d'Schaafen vun deieren Posten vun verschiddenen Memberen vun dëser Regierung vill méi bedenklech wéi der Mme Cahen hier Gestioun vun hierem privatem Patrimoine. Privat mailen mat der Ministère's Adress kann eemoleg als Feeler duerchkommen, mais et sin vill méi grav Mësstänn ënner dëser Regierung unzeprangeren wéi Gardenhaisercher an der Mme Cahen hier mailen.
-
de_Feierbop10.10.2023Deet mer leed, mais daat do ass erem en Beweis fier naiwt Gutmenschentum. Ech ging der Mme Kinsch proposéieren emol während 3 Woch entweder an d'Stroossbuergerstrooss oder aal an d'nei Avenue ze kommen an sech daat ukucken. D'Leit kréien d'Kellerdieren opgebrach hier Entréesdieren gin als Toilette benotzt. D'Leit kréien vun denen aarmen Drogéierten hiert Egentum futti gemét an verknascht. Wén schützt dann déi Bierger do virdrun, se mussen fier den Schued dén se gemach kréien selwer opkommen. Ech war och emol esou naiv, schaffen awer ewell zenter 5 Joer hei an der Stoosbuergerstrooss an ganz éierlech mäin Matleed ass séier verflunn. D'Leit hei gin vun der Politik am Stach gelooss, siewt et vum Minister oder der Mme Burgermeeschter. Et ging Zäit gin dass d'Leit nach méih op d'Strooss gin, well esou gut ewéi eis déi Politiker déi elo um Ruder sin wellen anrieden, esou gut gét et eis hei net. Well se den Leit schéin Geschichten erzielen, d'Wiehler awer am Stach loossen.
-
Kritiker10.10.2023Bon sinn ma eis enz, dei Gring ginn ebessen ideologesch, an verschiddenen vun hinnen „radikal“, fier… Hier Emsetzungen sinn heiansdo en saueren Appel fir dran ze beissen… MAIS wann en sech mol bessen iwwert Klimakries informeiert, an do e puer gudd Artikelen liest, dann geet mir awer schnell kloer dass ech elo leiwer puermol an en klengen saueren Appel beissen, wei an 20 Joer mat den Konsequenzen vum groussen saueren Appel muss enz ginn!!