Photo: ©SMC

Wien kontrolléiert eigentlech, ob de Konzessiounsvertrag agehale gëtt? E Bléck an der Vertrag weist, dass eng wierklech Kontroll vun der CLT-UFA ënnerbonne gi kann.

„Une commission de suivi de la Convention suit la bonne exécution de la Convention relative à la mission de service public“ heescht et um Ufank vum Kapitel iwwert déi zousätzlech staatlech Kontrollinstanz. Zesummegesat ass dës Kommissioun aus der Regierungskommissärin, aktuell der Anne-Catherine Ries; enger Persoun, déi d’Parlament vertrëtt, dat ass de Moment den Tom Weidig (ADR); an donieft enger net präziséierter Unzuel u Persounen, déi vum Medieminister Luc Frieden, bzw. der delegéierter Medieministesch Elisabeth Margue designéiert gi géifen. Wien dat ass, ass net bekannt - woubäi keng vun dëse Persounen ee geschäftleche Lien zur CLT-UFA däerf hunn.

Mindestens zwee mol d’Joer trëfft sech dës Kommissioun a schafft e Rapport fir de Minister / d’Ministesch aus. Falls d’Kommissioun ee Problem feststelle sollt, mellt si dat dem Minister / der Ministesch. Bis op eng Persoun aus dem Parlament, déi en plus no baussen net iwwer dat kommunizéieren däerf, wat an der Kommissioun beschwat gëtt, läit also déi gesamt Kontroll am Ministère. A wéi fern d’Medienopsiicht ALIA d’Anhale vun allen Deeler vun der Konventioun iwwerpréiwen däerf oder och zum Beispill d’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber Zougrëff op Bilanen a Budgeten huet ass onkloer. Obwuel et ëm een „Service Public“ geet, gëllt maximal Intransparenz.

International Standarden

Am Prinzip kéint d’Kommissioun RTL sou richteg op den Zant fillen. D’Konte kéinte bis an den Detail gekuckt ginn, d’Programmer vun RTL kéinten ënnersicht an „actions mises en oeuvre par CLT-UFA pour garantir la qualité des programmes“ evaluéiert ginn. D’Kommissioun kéint dem Vertrag no souguer Studien iwwer d’Qualitéit an iwwer d’Formatiounsprogrammer fir Journalist*innen maache loossen. Déi Studien, sou betount de Vertrag et zwee mol hannerteneen, missten awer internationalen Standards entspriechen - Standards déi dem Vertrag no iwweregens net fir d’Qualitéit vum Programm selwer festgehale goufen.

Allerdéngs soll den Audit, deen eng Berodungsfirma vun de Konte vun der CLT-UFA maache soll den internationale Standarden entspriechen. Dass dës agehale gi kéinte bezweifelt d’KPMG bei engem provisoreschen Check 2017. Am Kapitel „Transparence financière“ geet et nach eng Kéier ëm d’Commission de suivi. Hei gëtt gekläert, wéi eng Dokumenter d’Kommissioun dann elo schlussendlech kritt, fir hier Aufgab z’erfëllen. D’CLT-UFA muss (1) ee budget prévisionnel fir säi Service Public virleeën, an (2) een nach onkontrolléierten Décompte vum ofgeschlossene Geschäftsjoer. Dësen Décompte leet d’Kommissioun dann enger Berodungsfirma, z.B. der KPMG, vir.

Transparenz schafen?

Schlussendlech läit et eenzeg an eleng beim Ministère, wéi effektiv d’Kontroll vun der CLT-UFA hirem Service Public an hire Konten ass. Firwat d’Konte vum ëffentleche Medienoptrag net ëffentlech sinn, firwat net zumindest d’Rapporte vun der Kommissioun un de Ministère publizéiert ginn ass onkloer. An anere Länner (Beispill RTBF oder D-Radio) ass d’Transparenz vun de Finanzen d’Basis fir Vertrauen an d’Medien ze stäerken. Et ass d’Fro wéi laang d’Chamber, d’Medienopsiicht ALIA a weider Institutiounen zu Lëtzebuerg mee och d’EU Kommissioun, déi d’Anhale vum Konkurrenzrecht iwwerpréift, sech dëst Spill gefale loossen.

An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’’Bestëmmunge fir de Volet „Televisioun“ am Kontext vum Service Public. Bis elo an der Serie:

  1. „E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
  2. „Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
  3. Qualitéitskontroll bei RTL?
  4. Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?