© RTL EENT Radio

Vun elo un kënnt dir RTL Eent och lauschteren.

Zanter haut kënnt der de Service Public vun RTL Eent net just op dësem Site liesen, mee och lauschteren. Dir hutt richteg gelies, a kënnt richteg héieren: eis gëtt et elo och am Radio an dat live 24/7. Uewen op eisem Site kënnt dir de Radio-Stream iwwert de Radio-Icon lancéieren, an iech, besser nach wéi op RTL Radio Lëtzebuerg, vum Mix vu Reklammen, Meteo, Traffics-News a virgeliesene Police-Rapporten („Noriichten“) de ganzen Dag iwwer begleede loossen.

Zanter engem Mount scho suergt RTL Eent als eenzeg richtege Service Public am Land all Dag dofir, dass d’Bevëlkerung ëmmer top informéiert ass. Mat RTL Eent sidd dir ëmmer um neiste Stand.

FAQ

Firwat Radio? Ma dat ass einfach erkläert. De Produktiounsopwand vum Radio ass méi bëlleg an dowéinst ass de Benefice, deen iwwer d’Reklammen erakënnt méi grouss. D’Inhalter hëlt een sech bei deene vum Staat bezuelte Kolleege vun der Tëlee fir se dann um Radio eng zweete Kéier ze verkafen - oder se gi praktescherweis direkt vun der Publicitéits-Agence IP produzéiert. Lo muss ee just nach oppassen, dass kengem opfält, dass de Staat een Defizit bei der Tëlee couvréiert, wärend de Radio eng Millioun no der anerer ofgeheit.

Firwat Radio? Wat ass, wann ee grad am Auto sëtzt an ee kee WLAN huet, fir op sengem iPad rtl1.lu ze liesen? Oder wann d’Kanner déi ganzen Zäiten nerven, obwuel een a Rou liese wëll. Oder wann een einfach keng Loscht op esou vill Text huet. Dat ass elo kee Problem méi. Mat eisem Radio kënnt Dir bequeem déi gewinnte Qualitéit direkt an Äert Ouer drëpse loossen.

Firwat Radio? Dir denkt elo vläit: „Mee Radio ass dach ee Medium wat iwwer honnert Joer al ass, a wat just nach Boomer lauschteren, wann se d’Streck maachen, Moies hier Zänn wäschen oder am Stau stinn a sech froe wourunner dat läit.“ Dir hutt Recht, an dowéinst fënnt een eise Stream am Internet. Einfach op dëse Link klicken: dëse Link