FOTOEN - Eng méi lass
Hiefenecher Schnickifestival
Hënt war zu Hiefenech rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Wuermdran02.03.2024Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.
-
Letzpower02.03.2024Wéi ass et dann mam Gesetz vum 18. März dass all öffentlich Platzen zou / gespart si. Sin do etwa Gemenge an Federatioune déi sech doriwer echsetzen. Da ka jo awer net si.
-
den_Schockeierten02.03.2024Des Jooer wärt d'Touristensaison nawell spannend gin, och fir den Tour Operators hire Budget.
-
Knouterer202.03.2024No baal 40 Joër Paus, do haat ech mir eigentlëch ganz vill méi awaard. Leider zimmlëch flaach "léiw" Lidder. Keen richtigen Hit deen ee vun der Couch rappt! Ech wees nët op sii sëch an hiire Fan's heimat e Gefaale gemaat hunn. Schéin daat déi 4 nach do sinn, mee denken den Album Voyage 2021 ABBA as fir mëch leider nët daat....an hunn ën elo schonn 2x gelauschtert. Zu deenen "Abba-vare Concerts" ...leider nee merci fir mëch! Wa schonn, dann richtëg LIVE!
-
Anna_List02.03.2024Gefierer dei net konform sin, do sin der awer eng Masse dobai wou d’Hoer an der Zopp gesicht get vun den Employeen vum CT wei z.Bsp. wou d’Rumm vum Nummerscheld e waissen amplaatz e gielen Strëch huet (schrecklech geféierlech baussen op der Strooss^^) oder esou Klengegkeeten wei e feelenden gielen Gillet, de Gummi vum hënneschten Wischer futti...etc... Do ass ouni Etat de Crise schon all Daag absoluten Chaos op der Kontrollstatioun(en), do wëll ech net wëssen wei et an den nexten Wochen/Méint do viirun geht.
-
Infowars02.03.2024Wéi de System elo ass, ass net wierklech demokratesch oder gerecht. E Wieler aus dem Zentrum huet 3x sou vill Stëmme wéi een aus dem Osten. Wann ee mat engem Walbezierk wéilt eng Zersplitterung vun der Chamber evitéieren, kéint ee jo wéi an Däitschland eng "5%-Hürde" virgesinn, sou dass eng Partei scho muss genuch Wieler hannert sech hunn fir an der Chamber representéiert ze sinn.