FOTOEN - Police mellt
Van a Flamen zu Bouferterhaff
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
KengduebelMandater12.01.2024Net méi wi normal, mier sinn ann enger weltweiter Pandemie.
-
Egalwat12.01.2024Firwat dann Warnschëlder virun däer "Schikan"??? Cyclisten sin jo net esou séier wéi Autoen oder Motorrieder also genuch Zait déi "Schikan" ze gesin. D'Cyclisten sollen souwiesou do net esou rennen schliesslech sin do och Foussgänger ennerwee an och e bësschen méi eelerer déi net esou séier op d'Sait sprangen fir d'Raudien lanscht ze loossen.
-
Heemecht_lu12.01.2024Wéi kann ee 4MW-Wandrad am Norde méi Leeschtung bréngen wéi am Süden ? Liwwert et do 6 MW ? Wann déi Rieder nët all 5 Minuten wéinst zevill Loft, ze kaal, de Flantermeis, dem Roudmiilan géife gestoppt ginn, wier hier Produktivitéit och scho besser
-
de_Feierbop12.01.2024Affekotin, Gemengerot, Staatsrot, Chamber, Ministesch.... Feelt nach just Grand-Duchesse!
-
geftzwersch12.01.2024Loisirs = Spassgesellschaft. Awer ouni "Spass" ass een dout, et weess een et just nach net,
-
Eieiei12.01.2024Eng groussaarteg Sängerin huet eis verloossen an hier Lieder bleiwen eis fir ëmmer an Erënnerung. Sie war The Best.
-
Aniwregens12.01.2024Verkéiersproblem zu Dideleng, jo dat as scho méi wi ée Problem. Keng Planung, keng Visioun a wahrscheinlech kéen Interessi vun der Gemeng, sou kann éen de Verkéiersproblem zu Dideleng beschreiwen. De neie Rond-point ënnert der Autobunn fonkzionéiert null. Rond-point Biereng fonktionéiert nët am Gerengsten. Eppes éemoleges gët et zu Dideleng, eng flott Ëmgehungsstroos aus Frankräich, gët dann no riets matzen an den Zentrum geléet. Einmaleg..... dat as Verkéietsplanung, wëll nët wëssen wat de neie Quartier nach wärt brengen.
-
Infowars12.01.2024Eng Nato gouf nom 2. WK gegrënnt fir dMembersLänner ënnert sech ze schützen via kollektiver "military response" am Fall wou een oder méi vun hire Memberen ugegraff ginn. Dofir sollte mir 2% vun onsem BIP zur Verfügung stellen. Vietnam, Afghanistan a Mali sinn net Member vun der Nato, do hu mir à priori näischt verluer. Héchstens fir punktuell a müscléiert Attacken op TerroristenNäschter, also Al-Quaida a Co. Déi Band gouf relativ séier ausser Gefecht gesat an domat hätt onsen Asaz missen ophalen. Esou wor et jo och am Kuweit wou de Generol SCHWARZKOPF gaangs no sénger "mission accomplished" dBlat gebotzt huet. Ons Regierung huet op alle Fall näischt bäigeléiert fir elo, knapps, datt onsen A400M nees zeréck aus dem Afghanistan ass, elo Lëtzebuerger Zaldoten an de Mali geflunn huet wou et jo och drëm geet fir géint Islamisten ze kämpfen. Am beschte schütze mir ons op onsen EU-Bäusse-Grenzen. E Mali Asaz misst vum Vollék via Referendum geneemegt ginn. BasisDemokratie! Gréng?
-
Alles-Quatsch12.01.2024Ampelregel um Stausée,.........wan Wasser gring as,dan as Lucht och gring,wan Wasser kaal as,dan as Lucht giel.