Photo: SoulRider.222 (CC BY-ND 2.0)

Viru kuerzem goufen der Police e puer Déifstall vu qualitativ héichwäerteg Gefierer, Mark Range Rover, gemellt déi fir d’éischte Kéier am Joer 2023 immatriculéiert goufen. Déi geklauten Autoen waren Nuets an Wunnquartieren op ëffentleche Stroossen mee och an de Garagentrée virun Haiser geparkt.

An deem Kontext fuerdert d’Police d’Ëffentlechkeet, all verdächteg Observatioune iwwer d’Noutruffnummer 113 ze mellen.

Schützt Iech virum Gefier Déif:

  • Wa méiglech, parken Äert Gefier an enger zouener Garage.
  • Wielt eng sécher, ofgeséchert, gutt beliicht Lagerplaz wann Dir keng Garage hutt.
  • Aktivéiert Ären Alarmsystem vun Ärem Gefier wann et een huet.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.