FOTOEN - Police mellt
Déngschtwon a Flamen zu Toodlermillen
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
BAARTJANG08.10.2023Hahahaaa.... Mol eng kleng Geschicht fier ze schmunzelen an déi naischt mat COVID ze din huet. D'Geschicht huet mir exzellent gefaal, well ech selwer zënter Joëzengten Kaatzen hun an dât dô mir och schons fier komm ass. Et riicht vun irgendwou an fënnt een naischt. Eng vun mengen Kaazen, déi awer schons laang doud ass (sie war tatsächlech 23 Joër aal gin), stoung emol nuets virun der Dier an huet fuerchtbar Kaméidi gemaach. An well ech nët wollt, dass sie d'ganzt Nopperschaft soll erwäschen, hun ech hier Dier opgemaach. Zu daer Zeit haaten mir och nach een groussen Hond (Münsterländer, mat enger gudder Portioun Juegdgeenen). Wou d'Kaaz dann dun an der Kichen war, huet sie mir hieren Kadeau gewiesen. Sie haat eng kleng niedlech Maus an der Schnëss. An d'Mausi war esou kleng, dass hier an der Schnëss vun der Kaaz naischt geschiit waar. Den Problem waar awer, dass d'Mausi dun nuets um 2 Auer nët nëmmen duerch eis Kiichen gelaaf ass fier sech kënnen ze verstoppen. Ergo, Kaatz, Hond an den ganzen Stoot hannert daer klenger Maus hier. Kaaz fier se ze friessen, den Hond aus Spill an Spass, an main Mann an ech, fier déi kleng Maus ze retten. Dât Spill ass gaang bis mueres géint 5 Auer. Gewoon huet déi kleng Meisschen. Sie huet sech vun mir an mengem Mann fänken gelooss, an mir hun sie dun um 5 Auer mueres méi wéit vun eisem Haus erëm an d'Fraiheet gelooss. Kaaz an Hond hun d'Welt nët mei verstaan. An mein Mann an ech, mir sin honsmidd an kaazdoud schaffen gefuer...:-))). Sou ass dât, wann een Déieren huet...ech kéint daer klenger Geschichten iwer eis Déieren elo nach méi schreiwen, mee dât géif hei an elo awer den Rahmen komplett sprengen...:-)))
-
Tata-Sidoni08.10.2023Wann een héiert, dat Leit scheinbar kee Printer hunn... awer dann all Joers den neitsten Handy. Och d’Argument matt de Cartouchen weist, wéi wäit d’Leit denken. Da kaaft iech en anstännege Laserprinter, dann hutt der dee Problem net. An op d’laang Weil gëtt et och méi bëlleg wi mat äere Wegwerfprinteren. Et muss een sech och mol bessen informéieren ier een egalwat keeft.
-
EsoueweiEchdaatgesin308.10.2023Et ass schon e komesche Krich. Politiker fleien op Kiew an op aaner Platzen. Geflüchte Leit ginn mol einfach esou zereck hier Famill besichen . Ganz komesch.
-
nizefridden08.10.2023Lënks a rieds « Datzen verdeelen »- dat huet déi Kommissioun nawell zimlech gutt drop....😼
-
Kriddelschass08.10.2023Dass jiddereen kuckt dass et doheem konfortabel ass , daat ass dach ze verstoen Et geet keen ( och keen Gringen ) doheem op 17°C stellen an dann matt der Jacket dohhem setzen. Bei mir ass schon zanter 2 joer alles op 18-19°C angestallt .... Nach mei kann ech net maachen an trotzdeem muss ech mei bezuelen ...wou ass do d'Logik? Wann den Klimabilan esou schlecht ass dann ass et d'Politik wou versoot huet well se den Big Bossen net genuch Oplaagen gin hun fir mei klimafrendlech ze produzeieren ( besser Autoen , besser Heizungen etc.... )
-
Kriddelschass08.10.2023Spuenien huet jo bekanntlech vill méi streng Moosnahmen am Kampf géint d'Corona Pandemie wéi Lëtzebuerg. Do wärte jo da beim Dréi sämtlech Moosnahmen an och d'Maskepflicht am ëffentleche Raum agehale ginn. Op Nei-Lëtzebuergesch: Do wärte jo da beim "Tournage" och sécher sämtlech "Mesüren" an och de "port du masque" an all "lieu public" agehale ginn. Et därf een deemno gespaant sinn op deen éischten "Maskeblockbuster" 😂