FOTOEN - CGDIS mellt
Trottinett op der Kopp zu Zëtteg
Photo: Public Domain
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Gaardebounen09.09.2023150Wéinie gëllt Euro ouni Grenzen fir Kontroll vun dën Autoen.
-
Donald Duck09.09.20232611Duerfir stelle mer och lauter Quereinsteiger an der Edukatioun an, well mer ze knekkeg sinn fir genuch Formateuren op der Uni.lu ze engagéieren an esou genuch Studente kennen ausbilden fir eise Kanner eng pädagogesch heischwaerteg Educatioun ze bidden.
-
Mellechmann09.09.2023192Ass jo klor, hien wëllt jo Geld vun den breeden Schëlleren. Soll déi bei seng Parteikollegen siche goen, besonnesch bei déi déi an den Steieren an elo Verwaltungsréit setzen
-
nizefridden09.09.2023482Déi si jo all Direkter gin well se esou gut Handwierker waren an eppes vun deem Beruf verstin ;O) Wann e Patron säin Aarbechter gut bezillt, da kritt en och gut Aarbecht vu GUDDE Leit geliwwert. Wann e schlecht bezillt kritt e schlecht Aarbechter a schlecht Aarbecht! Et läit net un de GUDDE Leit, ma et läit ganz eleng un eisem System an de Betrieber selwer. Kleng Betrieber liwweren ze dat déi beschten Aarbecht, well de Patron do meeschtens mat dobäi as, a wees, wat seng Leit maachen, an e wees déi Qualitéit dann och ze schätzen an ze bezuelen. Grouss Betrieber si jhust um Emsaatz interesséiert, an do passt nun emol en deieren a gudden Aarbechter net dran. De Verglach muss een do zéihen mam Gehalt vum Betriebsaarbechter zum Gehalt vum Patron! E klengt Beispill,....ech hun en Zammermann an der Famill, dee bezillt seng Aarbechter anstänneg, déi Aarbechter sin zefridden, a se liwweren eng Top Aarbecht. Déi meescht sin do am Duerchschnett 25 bis 30 Joer agestallt, an zefridden. Aarbechter zefridden,Patron zefridden,Client zefridden,...wat well ee méi! Ma wann den Aarbechter näischt verdingt, mat Flemm op seng Schaff geht,....wou kann een dann vun deem e maximalen Obwand verlaangen? Zum Gehalt vun de Patroen,....wann ech als Client muss 2 Méint schaffen, fir déi Aarbechten ze bezuelen, déi en Handwierker bei mir an 2 Deeg mècht, da stellen ech mir schon emol meng Froen! A wann ech dann dobäi kucken wat seng Leit verdengen, an ech muss bezuelen, da muss ech mech jo em dem Patron seng Zukunft net suergen! GUT Leit gin et iwwerall, an déi fennt een wann een dee néidegen Respekt virun hinnen huet!!! Gudd Nuecht



